EISE GESANKVERÄIN

 

All Duerf muss seng Chorale haut hunn,

Soss sinn s’ am Kulturellen drun …

 

Bei jiddwer Feier gëtt gesongen –

Dat huet scho muenchmol schéi geklongen.

Et denkt een zwar: O mei, wat, nëmmen

Knapps ongeféier fofzeng Stëmmen?

Blouss dräi mol fënnef? Sécher, mee

Och Stëmm a Stëmm ass zweeërlee.

 

Dat mierkt een no der Prouf all Freideg,

All Freideg sinn se nämlech zeideg,

Fir owes d’Lach doheem ze kréien

An nees eng Klatz am Duerf ze dréien.

Jo, 't koum scho vir, dass et där Prouwen

Bis fréi am Samschdegmuerge gouwen …

 

A maachen se dann alleguer

Duerch jiddwer Strooss nach hiren Tuer

Fir een deen an’ren heem ze féiren,

Da kann een d’Stëmmen appréciéiren …

 

D’éischt de „Gefaangne-Chouer“ an

„Am Brunnen vor dem Tore“, dann

„Kalinka“ mam „O sole mio“,

Eleng, zu zwee oder am Trio -

Esou ginn se fir d'éischt mat deem

Vun däer schrooster Fra bis heem …

A matten an der „Heemelmaus“

Do zitt deen een eng Lëscht eraus –

De President? Dat ass jo hei.

Da ma’ mir him e Kräiz derbei,

Net dass mer hie mat all deem Déngen

Nach zweemol op d’viischt Dier hënt bréngen.

 

Da ginn se bei deen nächsten alt

Zweestëmmeg mat dem „Böhmerwald“,

De „Sah ein Knab’ ein Röslein stehn“

An d’Lanter vum Lili Marleen --

En Hoke fir de Fähnrech nach,

De Caissier gëtt och ausgestrach,

A ween um Enn eleng heem geet,

Dat gëtt all Woch duerch d’Lous entscheed …

 

Jee, d’Duerf muss seng Chorale haut hunn,

Soss sinn s’ am Kulturellen drun …

 

 

"ABEE MERCI !" (1987)