Ech sinn ee frëndlech-där-al-Bomen-iwwert-d’Strooss-goe-Loossert,
Een ouni-Knaddre-siwe-Boxe-bei-dem-„Bram“-Umoossert,
Ech sinn ee bei-all-Goal-fir-d’Preisen-esouuuu-Bulle-Kréiert,
Ee bei-der-Tombola-am-Koup-déi-richteg-Lousen-Zéiert,
Ech sinn ee bei-de-Witzen-d’Pointe-bal-ëmmer-richteg-Zielert,
Een ni-aus-Pietéit-an-d’Doudesannoncen-Grompre-Schielert,
Ech sinn ee mat-der-Fra-zweemol-am-Mount-duerch-Tréier-Shoppert,
Een an-der-Sauna-schnell-de-Pumuckel-am-Duch-Verstoppert.
Do seet der dach schonn däi Verstand
An och d’Gefill am Bauch:
Esou Leit sinn et, déi e Land
An dësen Zäite brauch.
Kapazitéiten just, ajo,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives de la Nation!
Ech sinn ee mueres-scho-virun-aacht-Auer-Bläistëftspëtzert,
An ee bei-déiwem-Décoll’té-direkten-Aan-Zoupëtzert,
Ech sinn ee bei-dem-Kéis-meng-Nummer-mat-Gefill-Ofrappert,
Ee fromm-beim-Wäiwaasser-net-ëmmer-déi-ganz-Hand-dran-Zappert,
Ech sinn e Gaardenzwerg-no-all-Vulleschass-nees-blénkeg-Reiwert,
Een « Avec-ma-plus-haute-considération-et-l’expression-de-mes-sentiments-les-plus-distingués »-ënnen-op-all-Bréiwer-Schreiwert,
Ech sinn ee bei-all-Prëssessioun-schéin-an-der-Rei-Matgoert,
Ee bei-dem-Chef-laang-virum-Néitsche-scho-Gesondheet-Soert.
Do seet der dach schonn däi Verstand
An och d’Gefill am Bauch:
Esou Leit sinn et, déi e Land
An dësen Zäite brauch.
Kapazitéiten just, ajo,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives de la Nation!
Ech sinn ee bei-de-Flicken-ni-„So-Knëff-du-kanns-mech“-Denkert,
Ee Chrëschtdagsbulle-schéi-symetresch-op-de-Beemchen-Hänkert,
Ech sinn e Strëmp-a-Kalzong-ganz-pedantesch-Fale-Streckert,
En Timber-d’éischt-diagonal-an-da-rondrëmmer-Leckert,
Voilà, ech sinn ee comme il faut, keen Tessler a kee Wouschtert,
Ee wéi-'t-sech-passt-am-Krankeschäin-de-ganzen-Dag-laang-Houschtert,
Ee sonndes-ni-déi-helleg-Hostercher-zerknat-Ofschléckert,
Mä an-der-ganzer-Noperschaft-dee-schnellste-Bounepléckert.
Do seet der dach schonn däi Verstand
An och d’Gefill am Bauch:
Esou Leit sinn et, déi e Land
An dësen Zäite brauch.
Kapazitéiten just, ajo,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives,
Als staark Forces Vives de la Nation!