SCHIF GELUEDEN

 

De Mulles huet den Owend nees

De Bidon schéi geschwenkt,

Lo tierkelt e bei d’Mantelbriet

Do wou säin Hutt drun hänkt

An hoppla, läit e mattendran

A struewelt am Gezei,

Tja, ass et dësen, ass et deen?

't hänkt alles duebel hei.

 

O Mantelbriet, wat ass da lass?

Wou bleift deng Logik, nondikass?!

't ass net korrekt – hues de dat héiren?

Mat dir ass net ze räsonéiren!

Du dreifs eng knaschteg Politik …

Mä jee, esou ass d‘Liewen … hick!

 

De Mulles steet elo doheem

A sicht nom Schlëssellach,

Tjëft, ‘t wor dach ëmmer bei der Klensch –

An dat de Mëtteg nach,

A wann e mengt, en hätt et fonnt,

Da schäisst et hien nees un:

Bal spréngt et hier, bal spréngt et duer,

De Mulles hannendrun …

 

O Schlëssellach, wat ass da lass?

Wou bleift deng Logik, nondikass?!

't ass net korrekt – hues de dat héiren?

Mat dir ass net ze räsonéiren!

Du dreifs eng knaschteg Politik …

Mä jee, esou ass d‘Liewen … hick!

 

De Mulles leet sech an d’Gedecks,

Mä lo gëtt d’Saach méi schlëmm:

Säi Bett, dat ass e Karussell

An dréint mat him rondrëm …

D’éischt kënnt den Nuetsdësch, dann de Schaf,

Dann d’Pottschamp bei der Dier –

De Mulles päift, mä 't bleift net ston …

Ah non, c‘ n’est pas pour rire!

 

Verflixtent Bett, wat ass da lass?

Wou bleift deng Logik, nondikass?!

't ass net korrekt – hues de dat héiren?

Mat dir ass net ze räsonéiren!

Du dreifs eng knaschteg Politik …

Mä jee, esou ass d‘Liewen … hick!

 

 

(1983)