CHIRURGIE ESTHÉTIQUE

 

Wat d’Männer lieweg wëllen hunn,

Ass bei de Fraen alles drun.

Jo, checkt et duerch, et klappt rondrëmmer -

Just d’Proportioune vläicht net ëmmer.

Mä null problemo, d’Chirurgie,

Déi späizt eemol an d’Hänn a si

Kritt dann all Modell erëm bal

Nees frësch wéi am Original.

 

Ëm d’Aan gelift, de Kënn gefeilt,

De Bak gebigelt, d’Nues gestylt,

Déi ganz Visage mat drëm an drun

Gëtt aus de Falen nees gezunn,

Duerno de Botz rafistoléiert,

D’Skulpturen eenzel restauréiert -

Jee, wéi eng Kierch, 13. Jorhonnert,

Déi all Mënsch knipst an da bewonnert.

 

Mä méi ass nach den Décoll’té

De Maansleitt éiweg an dem Wee.

Duerfir sief dee perfekt geformt

A wéinst der Statik och genormt -

Jee, bref, duerfir muss sou en Déngen

A jiddwer Point de vue et bréngen.

Där klenger, déi ginn opgestoppt,

Net dass direkt een der se zoppt,

Déi mockleg man se méi modest,

Vläicht net méi grad sou indigest -

An déi wéi d’Auere beileiwen

Esou géint hallwer hänke bleiwen,

Déi dréien lo enettlech Tier

A weise stolz nees véirel vir ...

 

Duerno ass et d’Architektur

Fir ënnenrëm vun der Figur,

Well wat wier schonn no uewen: Huii!,

Mä pour le reste do ass et: Pfuii! ?

Et gëtt geklappt, et gëtt poléiert,

D’Carrosserie débosseléiert:

Béid Jarretën op jiddwer Fall

An als Optioun de Siège Social -

A koum et bratscheg soss gewenzelt,

Da kënnt d’Madamm elo gedänzelt.

 

Voilà, wat an dem Liewe gëllt

Ass ëmmer, wéi d’Natur et wëllt:

Eng Fra ass besser puer Prozent

Méi schéin ewéi intelligent,

Well d’Männer besser, trotz Doudsënnen,

Kucken ewéi denke kënnen …

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)