BESUCH

 

Wann Dir doheem där sëtzen hutt,

Déi d’Auer kennen, ass et gutt.

Mä 't sinn der muenechmol och drënner,

Et géif ee son mat Bläi am Hënner:

Egal wéi spéit et owes gëtt,

Déi hiewe sech fir d’Baschten net!

 

Tjo, stell der vir, lo hucks de schonn

Bei der Schlofdrëpp iwwert eng Stonn,

Am Béierglas do steet de Rescht

Sou hallef wootlech a verläscht,

An och de Kaffi ass scho kal ---

 

Mä Vollek, plënnert der da bal?!

 

Et freet ee sech, wou s’ alles wëssen

Fir ze erzielen an ze schnëssen.

An du hänks do a weess net méi

Ob riets, ob lénks, wouhin a wéi,

Bal sëtz de riicht, bal strecks de d’Been,

Da faals de se rëm iwwreneen,

Du réckels hin a fréckels hier –

 

Ah neen, du kriss se net vrun d’Dier!

 

Mä waart, lo gëtt ëmdisposéiert

A méi strategesch attackéiert.

Soubal se eemol roueg sinn,

Da strecks de dech bis ënnenhin

A keims derbei, wéi een dee seet:

O jee, wat dach déi Zäit vergeet!

 

Dat léiss de ee Momentche wierken …

Dann zitts de, datt se all et mierken

Schéin Tuer fir Tuer deng Auer op

A kucks sou ganz per hasard drop,

Du dréins och nach drun hin an hier,

Wéi wann se stoe bliwwe wier …

Gewéinlech geet dat duer --- ma neen,

Bei dëse reagéiert keen!

 

't ass gutt, da leeë mer elo

Alt nach eng Schëppche Kuelen no.

Du gaaps e puermol ganz diskret,

Esou genëschelt wéi et geet

An duerno nach eng leschte Kéier,

Vläicht méi gelueden a méi schwéier,

Jee, grad esou doséiert, dass

Et net ze iwwerhéiren ass.

 

A pang, dee Schoss gong och dernieft,

't ass nammel keen hei, dee sech hieft.

Neen, de Besuch, dee geet net drun,

Hie fänkt gemittlech sech eng un,

An du sëtz weider am Gejadders,

Du knäpps der d’Hiem op a vergadders …

't ass intressant, wann ee fir d’véiert

Un engem Stéck dat selwecht héiert.

Zwar lauschters de bal guer net no,

Sees ower alt emol: Kuck do!

An och en Ou? a Ma jo dann!

Passt ëmmer an d’Gespréich eran …

 

Tja, bis elo huet, wéi et schéngt,

All Strategie net vill gedéngt.

An hei, de Guckguck un der Mauer,

Dee schléit dann endlech zwielef Auer.

Du ootems op … 't ass deen Ablack

Fir nach eng allerlescht Attack,

A währenddeem e schléit a schléit:

Sees du: 't ass jo nach net sou spéit,

Komm, wann nach een eng Drëppche wëllt

Oder vläicht waarme Kaffi hëlt ---

 

All Mënsch seet ëmmer dann: Nee, nee,

Mir maachen eis lo op de Wee.

(Dat ass ebe Psychologie!) 

 

Fir aner schonn, mä net fir si. 

 

Majo, dat hues de lo dervun,

Well d’Spillche fänkt vu vir nees un …

 

 

"ABEE MERCI !" (1987)