MÄNNER !

 

Dir fannt se an der Weltgeschicht,

Ouns dass der laang no hinne sicht,

An allen Zäiten an all Länner

Dem Här seng Superproduktioun: eis Männer!

Ee Mann erschaf, dat gong schonn duer,

An hie gouf „Fournisseur d’ la Cour“.

 

Vun uewenaus bis ënnenhin

Do ass ee stolz e Mann ze sinn!

Al-zéi wéi Lieder, haart wéi Eisen,

Et gëtt sech näischt ze midlifecrisen,

Nu jee, et ass net egal wat,

An d’Mënschheet kënnt a kuckt sech sat.

Flott, stramm duerchwuess am ganze Stéck

Vun der Knéischeif bis an d’Genéck,

Mat Power wéi de Schwarzenegger

A Sex-Appeal wéi de Mick Jagger,

Sou bréngen si d’Welt an Extas

Mat Béierbauch a Calidas.

 

En zweeten importente Fakter,

Dat ass dee goldege Charakter:

Net egozentresch, mä charmant,

Gebraucherfrëndlech, tolerant,

Net pipeg an net komplizéiert,

Als Hausgeschier sou grad chambréiert -

Et bretzt een sech lo net, gelu,

Mä ‘t ass een sou, un point, c’est tout.

A fir de Männchen ze verwinnen,

Do bréngen déi fei Fraen hinnen

All owes no dem Boulot d’Schlappen

A ginn him da seng Schmierchen zappen.

 

An dann déi Top-Intelligenz,

Déi s de blouss bei de Männer kenns …

Als Kand scho mierks d’ et a sees dann:

Aha, du bass bestëmmt e Mann! 

Si kënnen einfach net derfir

Mat véier Kilo u Gehier.

An sou fält Mann ze sinn da liicht 

Mat Kompetenz an Iwwersiicht

Gëtt iwwrall an der Welt regéiert,

Op Chef-Etagen décidéiert --

O Här, wat si mir sou gutt drun,

Dass mir där do Genien hunn!

 

Voilà, schreifs du dech masculin,

Dann hues de Rang a bass quelqu’un!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)