DE GEMENGEKUERF

 

Dann hate mer also nees Walen am Hierscht,

An all Kandidat, dee wier gär

Herno an dem Conseil Conseiller gewiescht,

Vläicht Schäffen, villäicht souguer Maire.

Mais oui, Quetschen och! Ewell ‘t gouf op all Lëscht

Sou muenech Surprise a Blamage:

‘t huet Rouder a Bloer a Schwaarzer erwëscht,

‘t wor Esseg a Brach an am ---

 

Tja, wee versteet schon eppes

Vu Politik am Duerf?

Et huet der Däiwel näischt gedéngt,

Mir gongen duerch de Kuerf!

 

Du woors iwwerzeegt, häss déi richteg Partei,

Däi Walprogramm wor ganz sozial,

Du hues jiddwer Owend bal do a bal hei

Eng feiereg Walried gehal,

Bei all Prëssessioun, op all Éierewäin

Do weis de dech - an ausserdeem

Bass d’éischte Solist am Cäcilieveräin

A Fähnrech beim Gaart a beim Heem …

 

Mä wee versteet schon eppes

Vu Politik am Duerf?

Et huet der Däiwel näischt gedéngt,

Mir gongen duerch de Kuerf!

 

An hei ass et mueres Oktober, an dann,

Da weess de, ‘t ass all Stëmm, déi zielt.

Partei, denks de, rëtsch mer de Bockel eran,

Lo gëtt sech just selwer gewielt!

Da schreifs de nach séier - well du bass jo nun

Mat denger Kabinn ganz eleng -

Perséinlech nach dësem an deem hannendrun:

An du, Männchen, neen, du kriss keng!

 

Mä wee versteet schon eppes

Vu Politik am Duerf?

Et huet der Däiwel näischt gedéngt,

Mir gongen duerch de Kuerf!

 

Mä mir loossen eis net op d’Nues man, ah non,

A schreiwen op de Ministère:

Minister, c’est pas démocratiquement

La démocratie hei, mon cher.

Wat sëtzt dann elo am Conseil Communal?

Et sinn der e puer blouss, n’est-ce pas?!

Mais nous autres, mir hei, jo, mir haten all

D’grouss Majoritéit dach - voilà!

 

Mä kee Mënsch, dee wëllt eppes

Vu Logik hei verston -

An d’Land muss ower ëmmer brav

All puer Jor wiele gon ...

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)