TOMBOLA

 

Wéi d’Banken op der Welt sech halen,

Ob d’Aktie klammen oder falen

An och wéi d’Gold cotéiert ass,

Dat huet nach ni e Mënsch gebass.

Pff, kann ee wuel do spekuléiren

A schéi Renditen akasséiren

Mat Manag’ment a Private Banking

No offiziellem Banke-Ranking -

Dat bescht Geschäft, dat ass trotzdeem

Eis Tombola beim „Gaart an Heem“.

 

Do schwieft da mystesch iwwerall

Eng mystesch Ongedold am Sall,

Ech géif son eppes Gelleges,

Sou eppes gelleg Helleges -

An hei, de Kierfche kënnt méi no,

Däin Häerz klappt am Fortissimo,

Deng Knéien ziddre wéi an Trance,

't ass de Moment vun denger Chance!

Du hëls e Lous a spiers et dann,

Wéi deen däi Liewen ännre kann.

 

E Schrauwenzéier, Zaang an Hummer,

E Schierteg fir beim Grill am Summer,

E rout Stéck Seef, e Blummendëppen,

Eng Schëpp mat Biischt, fir Knascht ze schëppen,

En Zoppeläffel an e Wecker,

E Bong, fir dräimol bei de Bäcker,

Dann d’Taass mam gëll’ne Rand rondrëmmer,

Kuck do, déi gëtt et och nach ëmmer!

Den Hengen Abbes hat se schonn,

Duerno huet d’Malou se gewonn,

Se stong och mol beim Haupesch Finn

Eng Saison laang an der Vitrine,

Du wor et dann dem Helène seng,

An lo, hurra, lo ass et deng!

 

't ass en historesche Moment ...

All Mënsch ass frou, dass en dech kennt -

De ganze Sall bewonnert dech,

An du denks lues an ënnerlech

Un all déi op der Welt, gelu,

Déi 't net sou gutt hunn ewéi s du,

Well geet et dann am Liewen ni

Och wéi an all grouss Lotterie:

Deen een, dee räisst den Jackpot op,

Beim Rescht do steet blouss Merci drop.

 

Dat wor se, mystesch iwwerall

Déi mystesch Ongedold am Sall,

Ech sot jo: eppes Gelleges,

Sou eppes gelleg Helleges …

 

Neen, egal wéi den Dollar steet,

Wat den Dow Jones doruechter seet,

Wéi d’Aktien op der Welt sech halen,

Ob d‘Zënse klammen oder falen,

Jee, maach och eng Psychanalys

Vu Wirtschafts- a Finanzekris:

Dat sécherst Kapital am Land,

Dat ass déi Taass mam gëll’ne Rand …

 

 

"HÄPPI LËTZEBUERG" (2009)