TROTTOIR A PAWEE

(Melodie: "Mille Colombes" / Mireille Mathieu)

 

Mäi Jong, komm hier,

Jiddree wëllt mol an d’Liewen –

Däi Papp gëtt dir

Zwee, dräi Wuert gäre mat op de Wee,

Lo éier s de de gees,

Dass de net wéi e Kand do stees.

 

Refrain:

Kee Mënsch wëllt der d’Freed verdierwen,

Mä ’t ass d’Wierklechkeet heinidden,

Sauer Wourecht an dem Liewen,

Dass ee mueneches vermësst.

Hoff jo net op Häerz an Hëllef,

’t gëtt blouss wéinst Profit gestridden,

’t ass eng Kaul vu lauter Wëllef,

Do wou een deen an’re frësst.

 

 

Mäi Jong, so dir,

’t huet kee Wäert sech wieren,

Well gleef et mir:

't ass säit éiwegen Zäiten esou,

Dass d’Geld wéinst dem Geld

Op der Welt schéin zesummenhält.

 

Refrain:

Kee Mënsch wëllt der d’Freed verdierwen,

Mä ’t gëtt uewen an ’t gëtt ënnen,

Näischt dertëscht an näischt derniewent,

Sauer Wourecht fir eis zwee.

’t ginn der muenecher, déi ëmmer

Op dem Trottoir lafe kënnen,

Mä déi meeschten all rondrëmmer

Bleiwen éiweg um Pawee.

 

Kee Mënsch wëllt der d’Freed verdierwen,

Mä ’t wäert ëmmer d’selwecht bleiwen:

Trottoir a Pawee am Liewen,

Wou der vill nach driwwer ginn.

Well sou laang wéi d‘Actionnairen

Vun dem Trottoir de Bilan schreiwen,

Esoulaang wäert gutt a gären

E Pawee derniewent sinn ...

 

 

2009 - Kabarägrupp "Flantermais"