THRILLER-PARTY

(Melodie: "Thriller" / Michael Jackson)

 

Kuck mol op d’Auer,

't ass Mëtternuecht, an d’Kiercheklacke schlon -

Hannert all Mauer

Do flackert et, an d’Häerz, dat bleift der ston.

Du spiers, ewéi

Den Horror an dem Däischtre ronderëm geet,

An ëmmer méi

Bréngt d’Panik dech mat hirer kaler Hand

Ëm de Verstand.

 

Héiers ee laachen,

Kucks riets a lénks, mä weess ower net wou –

All Diere kraachen,

Du wëlls nach fort, mä alles ass schonn zou.

Du biets elo:

O Härgott, looss mech alles nëmmen dreemen!

Mä lauschter do,

Den Däiwel, deen der seet: Et deet mer leed,

't ass Wierklechkeet.

 

 

't ass Geeschterstonn, setz dech hin a biet,

An all Bam eng Käerz, an all Eck e Schiet,

Well all siwe Joer, wa Vollmound ass,

Da kommen s’aus hirem Graf nees lass.

 

Rondrëm all Kräiz, do fléien een, zwee

Schwaarz Kueben a weisen hinnen de Wee,

An aus der Däischtert hault iergentwou eng Stëmm:

Lo hutt der déi aarm Séile jo dann nees all erëm.

 

 

Et ass eng Thriller-Party hei,

An aus dem Himmel an der Hell do sinn s’all mat derbei.

Et ass eng Thriller-Spillerei,

An du spills och mat dengem Liewen Killer-Thriller hei.

 

Well wou eng Thriller-Party ass,

Do lafen d’Geeschter ëm dech, an du gëss se net méi lass.

Thriller, Thriller hei,

Komm, gëff mir d’Hand, da bass de och beim

Killer-Thriller, Thriller-Killer mat derbei.

 

Et ass eng Thriller-Party hei,

An aus dem Himmel an der Hell do sinn s’all mat derbei.

Thriller, Thriller hei,

Komm, gëff mir d’Hand, da bass de och beim

Killer-Thriller … ouauh!

 

 

2013 - REVUE "Gegeeschters" (Ouverture)