All 6 Joer sinn am Hierscht Gemengewalen ...

SIEF POPULÄR!

(Melodie: "The devil send you to Lorado" / Baccara)

 

Am Hierscht do hu mer nees Oktober,

Oktober an dem ganze Land,

Da gëtt gewielt

An all Stëmm zielt,

Den Hierscht gëtt waarm hei am Oktober.

Du méchs deng Rondlen an deng Kräizer,

Mä trotzdem ginn déi allermeescht

A jiddwer Duerf

Ratsch duerch de Kuerf,

Ajo, 't gëtt Hierscht lo am Oktober!

 

Refrain :          Der Däiwel geet gär mat an d’Walen,

Villäicht bei dir an der Gemeng.

Hien huet zwar keng Partei,

Dat ass och Wurscht elei,

D’Haaptsaach, e kann impressionnéieren.

Der Däiwel geet gär mat an d’Walen,

En huet eng Lëscht fir sech eleng.

Ech son der: Mamm o Mamm,

Päif op all Walprogramm,

D’Haaptsaach, du kanns dech profiléiren.

 

Et gëtt sou villes anzeweien,

Et gëtt sou vill am Duerf gebaut,

Sief mat derbei

Vir an der Rei,

All Photo sinn zweehonnert Stëmmen.

Um Foussballsterrain eng nei Buvette,

En neie Centre Culturel,

Gëff dir en Air!

SIEF POPULÄR!

't ass Politik! Do zielt dat nëmmen …

 

Refrain :          Der Däiwel geet gär mat an d’Walen,

Villäicht bei dir an der Gemeng.

Hien huet zwar keng Partei,

Dat ass och Wurscht elei,

D’Haaptsaach, e kann sech profiléiren.

Der Däiwel geet gär mat an d’Walen,

En huet eng Lëscht fir sech eleng.

Ech son der: Mamm o Mamm,

Päif op all Walprogramm,

D’Haaptsaach, du kanns impressionnéieren.

 

(2010)