Matten a Bartreng, direkt nieft der Schauwebuerg, wor d'Zäit um Bauerenhaff vu "Stierwes" zënter Jorzéngte stoe bliwwen.

Du gouf „Stierwes“ ofgerappt, an als Erënnerung un dat aalt Bauerenduerf steet haut eng bronzen Hunneskulptur op der grousser Plaz vun deem neien Immeubel „Beim Schlass“.


DE BARTRENGER HUNN

(Melodie: "À la Saint Médard")

 

Hei op dëser Welt do ass Stad a Land

Dach duerch iergendeppes weltwäitbekannt.

Athen, dat huet seng Akropolis,

Zu Bréissel do pisst de Männekepiss,

De Kolosseum, dee steet zu Roum,

Zu Wien an zu Köln do hu se en Doum,

Paräis huet säin Eiffeltuerm – do, voilà,

A Bartreng hat Stierwes am Duerf hei, ma ja!

 

Dat heien ass d’Lidd

Vun hei just niewendrun,

Dat heien ass d’Lidd

Vun dem Bartrenger Hunn.

 

E Mëschtkoup am Haff, et ass scho laang hier,

E Plou hannenaus, eng Bänk vrun der Dier,

Eng Kaz, déi beim Buer um Mëllechbock spillt,

En Hond, deen de ganzen Dag iwwer billt,

Dräi Hénger, déi si rondrëmmer gelaf,

An d’Vickchen an d’Gréitchen hunn d’Eeër verkaf.

Ah jo, dat wor éiweg Bartreng, wéi ’t schéngt,

Dee Mëschtkoup am Haff an am Gaart déi Wäschléngt.

 

Dat heien ass d’Lidd

An dat ass d’Melodie,

Vu gudd’n, alen Zäiten

A vun Nostalgie.

 

Als Kanner si mir wéi vill Joere laang

All Mueren ëm d’Koufläpp an d’Schoul hei gaang.

A gouf fir d’Kiermes e Schwäin da geschluecht,

Dann huet kee méi un 8 Auer geduecht.

Mä sonndes wor d’Gässel nees propper, ewell

Da koum d’Prëssessioun jo déi Säit bei d’Kapell.

Den Här huet gesongen, d’ganzt Duerf huet gebiet,

A Stierwësse Mippchen, deen huet sech gewiert. 

 

Dat heien ass d’Lidd

Zwar net dat vum Altor,

Mä ganz einfach d’Lidd

Sou wéi dat deemools wor.

 

Mä Stierwes, déi goufen dunn ofgerass,

Am Plaz do koum den Immeubel „Beim Schlass“.

Kee Plou méi, keen Hond a keng Scheierpaart,

Keng Mëscht an och keng Wäschléngt méi am Gaart.

Mä eppes huet d’Duerf als Duerf nees elo:

Ganz Bartreng ass frou, well den Hunn ass rëm do!

An dat ass d’Moral: Hues du och vill Mënz,

Vergiess ower ni vu wou dass de kënns!

 

Dat heie wor d’Lidd

Vun hei just niewendrun,

Dat heie wor d’Lidd

Vun dem Bartrenger Hunn.

 

 

2004 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN

(Fotoen: Geschichtsfrënn, Bartreng)