ERËNNERUNG

(Melodie: "Can you feel the love tonight" / The Lion King / Elton John)

 

't ass ewéi eng Fënster

Op deng eege Welt,

Déi kee Mënsch der huele kann,

Déi dech lieweg hält.

Looss d’Gedanke fléien

Ëm dech, egal wuer,

Looss se einfach virun dreemen,

Si ginn net verluer.

 

Refrain:

Och du hues ni fir näischt gelieft,

Well d’Erënn'rung bleift,

A well d’Zäit op deem laange Wee ze gon

Hir Memoire schreift.

Jo, du hues ni fir näischt gelieft,

An och grad elo,

Ewell haut, dat ass muer schonn Erënnerung

Fir all déi Zäit duerno.

 

 

Spills rëm an de Gaassen,

Laachs rëm wéi e Kand,

Leefs verléift duerch de Reebou nees

Glécklech Hand an Hand,

't wor e Bild vu Meedchen,

Sou e wonnerschéint -

Jee, 't ass hei wou een honnertdausend

Gutt al Frënn begéint.

 

Refrain:

Och du hues ni fir näischt gelieft,

Well d’Erënn'rung bleift,

A well d’Zäit op deem laange Wee ze gon

Hir Memoire schreift.

Jo, du hues ni fir näischt gelieft,

An och grad elo,

Ewell haut, dat ass muer schonn Erënnerung

Fir all déi Zäit duerno.

Ewell haut, dat ass muer schonn Erënnerung

Fir all déi Zäit duerno.

 

 

2011 - REVUE "Tschungel-Kämp"