SEXY-FOLIE

(Melodie: "Milord" / Edith Piaf)

 

Allez, da komm, Monsieur,

Huel mech mol an den Aarm -

Nun zéck dach net, mon Dieu,

‘t gëtt mir scho kal a waarm.

Ech kréien dech elo

Mat allem wat ech hunn,

Kuck hei a kuck och do,

Da gleefs de schonn dorun.

Wat soll da sinn, mon Dieu,

Ech setzen dech an Trance,

Allez, da komm, Monsieur,

Komm, gëff eis zwee eng Chance.

 

Ech hat dech gëschter schonn am Breedewee gesinn,

Gëscht Owend an dem Gronn an ech wosst gläich wouhin.

Ech weisen een Abléck mech just bis un de Knéi,

Mäi Gott, a vläicht e Stéck, e Stéckelchen och méi -

Deng Aan, déi strëppe lues, mech lues dunn aus der Wäsch,

An ech, ech wosst: Du hues deen do lo an der Täsch …

 

Dajee, da komm lo hier,

Lo leeë mir eng lass,

Fäert net, ech weisen dir,

Wat Sexy-Folie ass!

Komm dach mat mir eran,

Mäi Bett, dat ass zwar kleng,

Mä duerfir hu mir dann

Och d’Nuecht fir eis eleng.

Komm, Männi, bleif bei mir,

Lo leeë mir eng lass -

Ah jo, ech weisen dir,

Wat d’Liewe richteg ass!

 

En Engel sinn ech net, mä och kee Vamp, keng Hex,

An trotzdem, gleef mir et, do schwieren ech op Sex,

‘ch hu Feier an dem Blutt, ech liewen all Moment,

De Mënsch huet dat ze gutt, dass alles an him brennt.

Mä kréi’n ech bei deem Spill vun dir sou eppes wéi

Vläicht Häerz, villäicht Gefill - jo, dann ass et nach méi …

 

Allez, da komm, Monsieur,

Huel mech mol an den Aarm -

Nun zéck dach net, mon Dieu,

‘t gëtt mir scho kal a waarm.

Ech kréien dech elo

Mat allem wat ech hunn,

Kuck hei a kuck och do,

Da gleefs de schonn dorun.

Wat soll da sinn, mon Dieu,

Ech setzen dech an Trance,

Allez, da komm, Monsieur,

Komm, gëff eis zwee eng Chance.

Allez, da komm, Monsieur,

Komm, gëff eis zwee eng Chance.

 

 

2002 - REVUE "Damp an der Kichen"