'T ASS DEN ÉIWEGE KREES

(Melodie: "The Circle of Life" / The Lion King / Elton John)

 

Géi laanscht d’Mier an do wäers de dech wonnren,

Vill Schrëtt a vill Trëtt an dem Sand.

Mä pass op, well et gëtt

Vill verschidden där Trëtt,

Et gi grousser a klenger um Strand.

 

All déi grouss kucke gär hanneru sech,

Si komme vu wäitem schonn hier,

Mä déi Kleng ower déi,

All déi kleng Schrëtt, verstéi,

Man de ganze Wee nach laanscht d’Mier …

 

Refrain:

't ass deen éiwege Krees,

De Krees vun dem Liewen,

Deen ass haart a rau,

Wou s de gees a stees.

An du dréins an deem Rad

Mat dem Rad rond'rëmmer,

't ass dem Liewen,

Dem Liewe säi Krees.

 

 

Kuck deen Apel, deen déckste vun allen,

Deen hänkt an der Sonn déi ganz Zäit,

An deen aneren hei,

Esou kleng an sou schei,

Hänkt am Schiet, wou kee Mënsch e gesäit.

 

Jee, 't gëtt Wollef an et gëtt och Fiiss-chen,

An der Sonn, an dem Schiet, dech a mech,

A fir eis alleguer

Läit dat an der Natur,

Et heescht: Friess oder si friessen dech!

 

Refrain:

't ass deen éiwege Krees,

De Krees vun dem Liewen,

Deen ass haart a rau,

Wou s de gees a stees.

An du dréins an deem Rad

Mat dem Rad rond'rëmmer,

't ass dem Liewen,

Dem Liewe säi Krees.

 

 

2011 - REVUE "Tschungel-Kämp"