DE MANN VUN DER STROOSS

(Melodie: "Piano Man")

 

Et gëtt iwwerall vum klenge Mann geschwat,

Ëm dee sech sou villes dréint,

Mä ween ass dat dann, ech kennen deen net,

Ech hunn deen nach néirens begéint.

 

Ma da komm hei eran a kuck dech hei ëm,

Heibannen ass dat jiddwereen,

Esou wéi mer hei stinn

An am Liewen et sinn,

Esou si mer et hei mateneen.

 

Refrain:

Bleif ee vun eis, ale Piano-Man,

Ech weess, op dech ass Verlooss,

Duerfir spill eis däi Lidd vun deem klenge Mann,

Dat Lidd vun dem Mann vun der Strooss.

 

 

Ah jo, hien ass deen, esou wéi se son,

Dee mat zwee Féiss um Buedem steet,

Deen no der Schicht un dem Comptoir hei

Beim Humpe seng Wourecht seet.

 

A säi Brout, dat verdéngt e brav nom Gesetz,

A schwaarz, mäi Gott, heiansdo och,

Hien hält eemol am Jor

Seng Ouschtren, 't ass klor,

Mä Lotto spillt hie Woch fir Woch.

 

Refrain:

Maach sou wéi d’Leit, ah, do hal’n ech drop,

Ech sinn ee wéi Pir, Jemp a Klos,

Well ech falen net gär an dem Liewen op,

Mir sinn en, de Mann vun der Strooss.

 

 

Sou e Vollek ass d’Vollek, 't si mir alleguer,

Dorun hues de éiweg gegleeft -

Mä uewen, ganz uewen do sëtzen déi Déck

An déi soen der schonn, wéi et leeft …

 

Jo, du kanns deng Partei och nach wiele gon,

An duerno mécht d’Demokratie,

Sech da séier ewech

An dee Klengen hat Pech,

Et ass ebe blouss Phantasie!

 

Refrain:

Mir, mir sinn d’Vollek, mä wat geschitt?

Du gëss bei d’Lisett gelooss.

Ah nee, Piano-Man, nee, sang mer ni méi däi Lidd,

Dat Lidd vun dem Mann vun der Strooss.

 

 

2012 - REVUE "Bistro de Lüx"