FEIEROWEND

(Melodie: "Feierabend" / Peter Alexander)

 

Komm, ech ginn elo dee Leschten

Fir d’Kolleegen nach zum Beschten,

Well gläich ginn heibannen d’Luuchten aus.

Eidel Glieser, eidel Fläschen,

An et richt no kalen Äschen,

An dee leschte sicht de Wee eraus.

Ah nondidjës! Ween huet déi Auer blouss erfonnt?

Hei ass mäi Béierdeckel, huel en an de méchs de mir de Kont. 

 

Refrain:

Feierowend – déi schéin Zäit ass eriwwer

Feierowend – ierger dech lo net driwwer

A mäi Gott nach, et wor sou flott dach, sou flott, ma ja,

Mä 't ass Feierowend – mir paken lo zesummen,

An dann d’Dier zou, de Schlëssel hannert d’Blummen,

Feierowend, 't ass Feierowend, voilà.

 

 

Iwwerall déi a grouss a risen

Banken- oder Scholdekrisen,

Euro, Wirtschaft, alles geet eis krups!

Zéch Milliarden a Milliounen

Fir Failliten, Inflatiounen,

An d’Politiker, déi soen: Ups!

Déi Zäit ass ëm, ah jo, déi Zäite sinn all hin,

Wou d’Kéi am Himmel friessen an hir Mëllech dann hei ënne ginn.

 

Refrain:

Feierowend – déi schéin Zäit ass eriwwer

Feierowend – ierger dech lo net driwwer

A mäi Gott nach, et wor sou flott dach, sou flott, ma ja,

Mä 't ass Feierowend – mir paken lo zesummen

An dann d’Dier zou, de Schlëssel hannert d’Blummen,

Feierowend, 't ass Feierowend, voilà.

 

 

2012 - REVUE "Bistro de Lüx" (Finale)