1968! Studenterebelliounen, Revolten a Stroosseschluechte géint Kapitalismus, Vietnam-Krich, rigid Sexualmoral, falsch Autoritéit an all al-verstëbste Gesellschaftsstrukturen …

DÉI VUN 1968

(Melodie: "The winner takes it all" / Abba)

 

't wor keng Utopie

Géint dat Klengkaréiert,

't wor en Ideal

Géint all falsch Moral

A géint d’Bourgeoisie,

Wéi se fonctionnéiert,

Ale Stëbs eraus,

Krom kënnt hannert d’Haus!

 

Refrain:

Et huet sou musse sinn,

Et ass e Mythos ginn,

Dee säit véierzeg Jor

Dee grousse Mythos wor.

 

 

Nei Ideologie

Géint al Paragraphen,

Kee Fascht a keng Boun

Fir all Konventioun.

Géint d’Hypokrisie,

Déi vun den dräi Afen,

Tabue Stéck fir Stéck

E Messer an de Réck!

 

Refrain:

Wou sinn se haut all hin?

Soll 't s’ iwwerhaapt nach ginn?

Hiert Monument, dat steet

Bis an all Éiwegkeet.

Et ass du jorelaang

Frësch Loft duerch d’Käpp mol gaang,

Well bleift och d’Auer ston,

All Zäit muss viru gon.

 

 

Misst een do net gär

68er bleiwen,

Onkonventionell

Als klenge Rebell,

Well mir brauchen där,

Fir d’Geschicht ze schreiwen -

Ale Stëbs eraus,

Krom kënnt hannert d’Haus!

 

Refrain:

All Dag an neien Dag,

Op gëscht gëtt d‘Kräiz gemaach,

Jo, huel deng Utopie

Als nei Ideologie!

't kënnt ëmmer op déi un,

Op déi, déi Jicken hunn,

Hiert Monument, dat steet

Bis an all Éiwegkeet.

 

't kënnt ëmmer op déi un,

Op déi, déi Jicken hunn,

Well bleift och d’Auer ston,

All Zäit muss viru gon.

 

 

2008 - REVUE "Auszäit"