Fir säin 250. Gebuertsdag kënnt de Wolfgang Amadeus Mozart ( 1756-1791 ) op Lëtzebuerg, well ee Joer drop gi mir Europäesch Kulturhaaptstad

AMADEUS, AMADEUS

(Melodie: "Rock me, Amadeus" / Falco)

 

Politik, gees d’ewech, neen, dat geet net duer,

Wat hei zielt ass Konscht an dat ass Kultur,

Si ass éierlech mat sech a mat der ganzer Welt,

Et geet net mat Ielbéi just ëm Titel a Geld.

Dir sidd Superstar, dir sidd populär,

Esou gitt dir iech jiddefalls emol den Air,

Ower ech si Kultur, ech si groussen Idol,

An alles rifft: Come on and rock me, Amadeus!

 

Amadeus, Amadeus … o-o-o Amadeus,

O come on, rock me Amadeus!

 

D’Politiker verschwannen a Carrière vergeet,

Mä d’Kultur bleift Kultur soulaang d’Welt nach besteet.

Si ass Opium fir de Mënsch an ass Schold dodrun,

Dass et Wäert hat an dem Liewen hei gelieft ze hunn …

Jo, gitt dir iech blouss en dicht’gen Air,

Esou als Superstar an och déck populär,

Ower ech si Kultur, ech si groussen Idol

An alles rifft: Come on and rock me, Amadeus!

 

Amadeus, Amadeus … o-o-o Amadeus,

O come on, rock me Amadeus !

Amadeus, Amadeus … o-o-o Amadeus,

O come on, rock me Amadeus!

 

 

2006 - REVUE "Ieselsoueren" (Ouverture)