Zwëschegesank am Theaterstéck "Don Camillo a Peppone"  (1984) - fräi no de Romaner vum Giovanni Guareschi

DON CAMILLO A PEPPONE

(Melodie: "Das Lied vom echten Jägersmann - Ich schieß' den Has im Stoppelfeld")

 

En Tableau ass et, sou en Duerf,

Schéin a gemitterlech,

Den Dag, dee mécht all Dag säi Wee,

Et ass eng Welt fir sech.

Voll braver Leit, voll Traditioun,

E klengt Idyll – an dach

Gëtt d’Nues mol gären hei an do

An d’Politik gestach.

Gëtt d’Nues mol gären hei an do

An d’Politik gestach.

 

Huelt nëmmen do d’Autoritéiten

Aus deem Duerf elei:

Deen een, deen huet säi Presbytère,

Deen an’re seng Märei.

Si zéien all um gläiche Strack –

Bien sûr, mä allerdéngs:

Déi eng, déi rappe méi no riets,

Déi aner méi no lénks.

Déi eng, déi rappe méi no riets,

Déi aner méi no lénks.

 

A wéilt een hir Memoirë schreiwen

Wéi ee si sou kennt:

Dat géif bestëmmt en drëtt an och

E véiert Testament.

Jo, hues de héich-prozenteg

Flautereien an der Kopp,

Da passt - do gëtt 't bei Gott keng Gnod! –

Keen Hell’geschäin méi drop.

Da passt - do gëtt 't bei Gott keng Gnod! –

Keen Hell’geschäin méi drop.

 

Fir d’éischt da fléien d’Fatze mol,

Mä dann herno sinn si

No Feierowend bei dem Patt

’rëm eens a bon ami.

Well och e Waasserkrou, dee geet

Esoulaang bei de Buer,

Soulaang, bis dass de Grëff der brécht,

An dann, da geet et duer.

Soulaang, bis dass de Grëff der brécht,

An dann, da geet et duer.

 

Ma jo, 't gi Saachen op der Welt

- Huelt iech eng Nues dervun! -

Wou Politik a Religioun

Näischt matzeschwätzen hunn,

Ewell et blouss ëm eppes geet,

Do wou et Mënsche ginn:

Fir ënner gudde Frënn als Mënsch

E gudde Frënd ze sinn ...

Fir ënner gudde Frënn als Mënsch

E gudde Frënd ze sinn ...

 

 

 

Fotoen aus „Don Camillo & Peppone“-Filmer mam Fernandel a Gino Cervi  - 50er a 60er Joeren

 

(1984)