MILLIOUNEFRICK

(Melodie: "Kriminaltango")

 

Kriminaltango,

Ouni Miss Marple,

Kee Sherlock Holmes

A kee Schimansky -

Staat a Gemengen,

Groussen a Klengen,

So jiddwerengem:

Ei, mir hu Goss!

 

Refrain:

Lëtzebuerg, dat danzt en Tango,

Dee vun Dausende Milliounen,

Well dat heien ass den Tango

Vun deem groussen, hellge Frick.

A kënns du och ferm an d’Schweessen,

D’Schweesse wäert sech ower lounen,

Ewell strubbelvoll déck Keessen

Ass déi beschte Politik.

 

 

Kriminaltango,

Kuck d’Welt rondrëmmer,

Do gëtt et ëmmer,

Ëmmer nach schlëmmer:

Allméiglech Spiller,

Hitchcock a Thriller,

Mafia a Killer,

An 't richt no Blutt!

 

Refrain:

All déi grouss a kleng Banditten

Komme mat Pistoul a Messer,

Wëlle Geld a Spéin a Kitten

An d’Pistoul, déi mécht da: Klick!

Ower mir danzen deen Tango,

An et danzt sech jo näischt besser

Ewéi Nuechte laang deen Tango

Vun dem groussen, hellge Frick!

 

 

2002 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN