A BLOOST DE KENKI AUS !

(Melodie: "Those were the days, my friend" / Mary Hopkins)

 

Jo, wéi am Devis versprach, dat heien

Wor aus eiser rout-wäiss-bloer Welt

Eng ganz Rëtsch där stëppleg Stëpplereien,

Wéi sech déi kleng Welt de Batti stellt.

 

Refrain:

Voilà, Mesdames, Messieurs,

Nous par la grâce de Dieu,

Mir maachen lo de Buttek fir haut zou.

Hänkt d’Schëld „Fermé“ eraus

A bloost de Kenki aus,

An dann huet d’Schauwebuerg och nees hir Rou.

 

 

Huelt se all, eis national Athleten:

Juncker, Jacobs, Goebbels, Hennicot,

Bis bei eisen Heng, de Jang, den Zweeten,

An de Max mat senger Meteo.

 

Refrain:

Voilà, Mesdames, Messieurs,

Nous par la grâce de Dieu,

Mir maachen lo de Buttek fir haut zou.

Hänkt d’Schëld „Fermé“ eraus

A bloost de Kenki aus

An dann huet d’Schauwebuerg och nees hir Rou.

 

 

Sou, lo gitt der iech an d’Bett heem strecken,

D’Zänn gewäsch an duerno näischt méi giess,

An et gëtt net méi ënnert der Decken

Heemlech mat der Täscheluucht gelies.

 

Refrain:

Voilà, Mesdames, Messieurs,

Nous par la grâce de Dieu,

Mir maachen lo de Buttek fir haut zou.

Hänkt d’Schëld „Fermé“ eraus

A bloost de Kenki aus

Dann huet ganz Lëtzebuerg och nees seng Rou.

 

 

1998 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN (Finale)