STRUMMESCH MÄRRI

(Melodie: "I'm a private dancer" / Tina Turner)

 

Eisereen, ma dee gehéiert

Zur Schickeria vun der Strooss –

Eiseree representéiert

Tout de même och quelque chose!

 

Refrain:          Ech sinn d’Strummesch Märri, d’First Lady vum Trottoir,

Dee Schtänding mécht happy an high –

Jo, als Strummesch Märri, do sinn ech um Boul’vard

D’First Lady vun der Haute Volaille ...

 

 

Däers wéi dir ass problematesch,

Esou eppes, dat gëtt ni

Royal’ment aristrokratesch

An der High-Society.

Pupeg Titlen duerchernaner,

Dorops päifen ech der gär,

Well um Boul‘vard bei eis aner

Do ass jiddwereen en Här!

 

Refrain:          Ech sinn d’Strummesch Märri, d’First Lady vum Trëttoir,

Dee Schtänding mécht happy an high –

Jo, als Strummesch Märri, do sinn ech um Boul’vard

D’First Lady vun der Haute Volaille ...

 

 

2006 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN