ELAUTER KABARÄ

(Melodie: "Er hat ein knallrotes Gummiboot" / Wencke Myhre)

 

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

‘t ass lauter Kabarä

Op eiser Welt!

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

Du kriss hei Kabarä

Masseg fir däi Geld!

 

’t gi Philosophe mat héich Theorien

Iwwert dem Mënsch seng Existenz,

’t ginn Humaniste mat Ideologien

Iwwert eis mënschlech Quintessenz –

Mä mir soen: Gitt iech mat Fueblen

A kuckt dach nëmmen déi ganz Häerd:

De Mënsch, deen ass dach egal wéi,

En ass seng Sue wäert ...

 

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

‘t ass lauter Kabarä,

A mat Genoss!

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

A bei deem Kabarä

Laachs de der eng Boss!

Et gëtt wuel Justiz an et gëtt e Geriicht,

E Prisong an e Code Pénal,

Fir wann mol e Gauner am Liewen eng stiicht,

Mä hei hänke mir all.

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

‘t ass lauter Kabarä

Op eiser Welt!

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

Du kriss hei Kabarä

Masseg fir däi Geld!

 

Um Jéngster Dag, ei, dat gëtt nach eng gellech

Freed fir eis alleguerten hei –

Dach, well da sti mir bei all deenen Helleg

Schéi brav an enger laanger Rei.

An da seet den Härgott zum Péitruss:

O Péitruss, kuck, o mamm o mamm!

Meng Welt wor weider näischt wéi just

E Kabaräsprogramm!!!

 

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

‘t ass lauter Kabarä,

A mat Genoss!

Ei nondijës! Dat ass Kabarä,

A bei deem Kabarä

Laachs de der eng Boss!

 

 

2004 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN (Finale)