O LEIT, WAT SI MIR LEIT !

(Melodie:  "My little lady" / The Tremeloes)

 

t ginn Décker an ‘t ginn Dënner,

Mat méi a manner Pënner,

Et ginn der vun all Zort op eiser Welt -

Et ginn Intellektueller,

Mol Lueser, mol méi Schneller,

Jee, hei kriss du genuch fir all däi Geld.

 

O, o, Leit, wat si mir därer!

 

Refrain:       Spiritistesch, profiteur a liberal,

    Sexuell obsédéiert, pupeg a pseudo-sozial,

    Jo, et ginn der vun all Nummer, grouss a kleng,

    Ower däer, déi näischt iessen, neen, där ginn et keng!

 

 

Mol ultra-progressistesch,

Mol antifeministesch,

Dat ass emol esou a mol esou -

Deen ee philosophéiert,

Deen an’re spintiséiert,

An dobei si mer alleguer nach frou!

 

O, o, Leit, wat si mir därer!

 

Refrain:       Psychopath, Perfektionist, Egomanie,

    Femme Fatale a Voyeurismus an Hypokrisie,

    Visionär, alternativ – ech soen: matsch,

    Op gutt lëtzebuergesch einfach: eng ferm mat der Ratsch!

 

 

O Här, gehei eng Grimmel

Gehier dach vun dem Himmel,

Lo sichen se dann, stell der nëmme vir,

Jo och nach vun all deenen

No allen hire Genen

A fabrizéiren alt nees där wéi mir …

 

O, o, Leit, wat si mir därer!

 

Refrain:       Loosst déi topeg Klonerei dach aus dem Spill,

    Ewell ee vu jiddwer Zort, dat ass schonn een ze vill -

    Loosst déi topeg Klonerei dach alleguer,

    Ewell ee vu jiddwer Zort geet eis vëllegen duer.

 

    Jiddereen, deen denkt: Dat Bescht u mir sinn ech!

    Mä dat Allerschlëmmst: där ginn et dann och wierkelech - 

    An ass dann e Land méi kleng, kuck eis heiheem,

    Hues de och déi Nummren all vill méi no openeen ...

 

 

2001 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN