KENG PUPEG WELT

(Melodie: "Delilah" / Tom Jones)

 

Pupeg déi Welt, do wou d’Leit alleguerten normal sinn!

Pupeg déi Welt ouni Leit, där schassmätsch an der Bier!

Déi dann nach al ginn,

Ouni ze wëssen, wéi flott et dach aneschter wier.

 

Refrain:

An duerfir, Delilah,

Bleif bei mir, Delilah,

Well et ower ee Gléck bei ons hei nach heescht:

Lëtzebuerg, hues de de Réck op?

Wéi ass et mam Geescht?

 

 

Pupeg déi Welt ouni grouss oder kleng Staatsaffären!

Pupeg déi Welt, wou mol kee „Feierkrop“ der begéint!

Do wéisst ech gären,

Firwat déi Welt iwwerhaapt ronderëmmer nach dréint.

 

Refrain:

An duerfir, Delilah,

Bleif bei mir, Delilah,

Mir si gutt! Dat mierks de hei op Schratt an Tratt,

A wann d’Welt ënnergeet,

Da gi mir einfach net mat.

A wann d’Welt ënnergeet,

Da gi mir einfach net mat.

 

 

2002 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN