EN ANERT VOLLEK

(Melodie: "Das ehrenwerte Haus" / Udo Jürgens)

 

Zu fënnef Doze sëtze si ganz honorabel hei am schwaarze Frack,

Zu fënnef Doze sëtze si beim President a senger Klack,

Zu fënnef Doze sëtze si op dem Krautmaart, dagan, dagaus,

Zu fënnef Dozen honorabel Leit – an hirem honorablen Haus.

 

Projet de loi, Amendement an Interpellatioune mat Débat,

Rapporteur, Vote mat oui an non, Hilarité a Brouhaha,

An da Question Parlementaire, sou spille si hei Kaz a Maus,

D’Haaptsaach: et profiléiert jiddree sech - hei an deem honorablen Haus.

 

Mä Politik do uewen, 't ass mer esou komesch, ech weess och net wéi,

Kuck riets a lénks rondrëm, mä d’Land geet ëmmer méi bei d’Kéi –

Du bass net Schold dorun, o mei, o neen, nu maach der do näischt draus,

Mä wiel der just en anert Vollek hei – fir bei däin honorabelt Haus.

 

Wiel dir en anert Vollek, wat net mault a knoutert a méi iwwerleet,

Wat net sou rommeldomm wéi mir ass, ower alles gläich versteet.

Maach dir dach däi Grand-Duché just op d’Mooss, da bass de flott eraus,

Well Politik ass da keng Hexerei – an dengem honorablen Haus.

 

En anert Vollek a mir puer hei man de Pak a séier virun d’Dier,

Well geet am Land hei alles d’Baach an, jo, déi Schëlleg, dat si mir.

Mir paken an, ginn eiser Wee a maachen iww’rall d’Luten aus

A wënschen dir all Guddes, Lëtzebuerg – mat dengem honorablen Haus!

Mir paken an, ginn eiser Wee a maachen iww’rall d’Luten aus

A wënschen dir all Guddes, Lëtzebuerg – trotz dengem honorablen Haus!

 

 

2009 - REVUE "Walcroisière"