EEN EWÉI DEEN ANEREN

(Melodie: "Azzurro" / Adriana Celentano)

 

Leit, maacht iech blouss keng Illusiounen,

't ass ganz gerecht hei op eiser Welt,

Een ass sou schlecht ewéi deen an’ren,

Och wann hie sech vläicht fir besser hält.

Jiddwereen ass e klenge Gauner

An dat ass wat mir un eis gefält.

 

Refrain:

Ah du do,

Hues also d’Steieren alt och scho mol op d’Ae gedréckt,

An hien do,

Ass sécher deen, dee mir all Dag

déi plakeg E-Maile schéckt.

An dir do an hatt an hien an du a si,

Nu Vollek, freet iech dach, well

Wa mir mol, wa mir mol stierwen,

Komme mir wéinstens all zesummen an d’Häll.

 

 

Ween dréint sech net mol, wéi de Wand bléist,

An d’eegen Täsch, als Opportunist?

Ween ass net hei’nsdo a Gedanken

Fir sech ganz heemlech mol e Rassist?

Een ass sou schlecht ewéi deen an’ren -

An do dra si mir Perfektionist.

 

Refrain:

Ah du do,

Du hues no Feierowend sécher mol schwaarz schaffe gelooss,

An hien do,

Dréckt och seng Gaspedall net ëmmer

ganz kathoulesch op der Strooss.

An dir do an hatt an hien an du a si,

Nee Härgott, kuck net heihin

A maach der keng Illusiounen:

Mir wëlle bleiwen, wat a wéi mer sinn.

 

 

All véierten, sou seet d'Statistik,

Dee leit u chronescher Arroganz,

All sechsten schläimt an arrangéiert

A mauschelt heemlech do hannerwands.

An dovun hält da ronn all zweeten

Sech selwer nach fir déi héchst Instanz.

 

Refrain:

Ah du do,

Bass ee vun deenen, déi am Krankeschäin hei sëtzen, genau,

An hien do,

Geet mol e flotte Kickes laascht,

dréint hie sech ëm a seet: Ouauuh!

An dir do an hatt an hien an du a si,

Nu Vollek, freet iech dach, well

Wa mir mol, wa mir mol stierwen,

Komme mir wéinstens all zesummen an d’Häll.

Wa mir mol, wa mir mol stierwen,

Komme mir wéinstens all zesummen an d’Häll.

 

 

2006 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN