GEMENGEWALEN

(Melodie: "Schmidtchen Schleicher" / Nico Haak)

 

An all Duerf do ass de Conseil

Vill geplot a schéi gehäit,

Well déi héich, grouss Politik jo

Hei op senge Schëll’re läit.

Huel do Schoulmeeschtren, Kanaltax,

Kierchebänken an däers méi,

Eng nei Morgue, nei Pompjeeskapen

A Schëppe fir am Schnéi.

 

Refrain:

Voilà, Grand-Duché, du hues nees Gemengewalen,

Fir Buergermeeschter, Schäffen, Conseil Communal -

A kënne mir déi heien lo sechs Jor nees halen,

Ei, merci, Härgott, duerfir freeë mir eis all.

Ewell déi Allerbeschte krute jo nëmmen,

Nëmmen déi Allerbeschte krute jo eis Stëmmen!

Ah jo, Grand-Duché, du hues nees Gemengewalen,

Grouss Politik bis hanner Stuppeg iwwerall.

 

 

Mä komm’n op de Foussballsterrain

Riets a lénks nei Goaler hin,

Ka vläicht ee mer son, wat dorun

Vill Politesches soll sinn?

Wat ass un dem Glascontainer

Sozialistesch a liberal?

Oder un nei Stroosseluten

Da schwaarz-chrëschtlech-sozial?

 

Refrain:

Mä dat ass Wurscht, d’Haaptsaach, mir hunn elo rëm Walen,

Fir Buergermeeschter, Schäffen, Conseil Communal -

A kënne mir déi heien lo sechs Jor nees halen,

Ei, merci, Härgott, duerfir freeë mir eis all.

Jo, Trottoir a Poubelle sinn déi grouss Kompetenzen

Fir all déi Exzellenzen an déi Korpulenzen.

Ah jo, Grand-Duché, du hues nees Gemengewalen,

Grouss Politik bis hanner Stuppeg iwwerall.

 

 

Esou hunn d’Autoritéiten

An all Duerf eng wichteg Roll,

Et gi wuel där weltpolitesch

Decisiounen hei geholl,

Mä vrun allem wëllt de Conseil

Staark representéiert ginn,

Duerfir mussen s’ op all Grillfest

Haaptmann beim Comptoir sinn ...

 

Refrain:

Voilà, Grand-Duché, du has nees Gemengewalen,

Fir Buergermeeschter, Schäffen, Conseil Communal -

A kënne mir déi heien lo sechs Jor nees halen,

Ei, merci, Härgott, duerfir freeë mir eis all.

Ewell déi Allerbeschte krute jo nëmmen,

Nëmmen déi Allerbeschte krute jo eis Stëmmen!

Ah jo, Grand-Duché, du hues nees Gemengewalen,

Grouss Politik bis hanner Stuppeg iwwerall.

Grouss Politik bis hanner Stuppeg iwwerall.

 

 

2005 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN