MÄNNER KLOEN NET

(Melodie: "Tränen lügen nicht" / Michael Holm)

 

Eis Männerwelt, déi gëtt iwwerfall

Vun de Grande-Dammen a Femmes Fatales.

Mat vill Méi an Nout hale mir de Schrëtt -

Mä egal wéi:

Männer kloen net!

 

Wuel bidde mir méi ewéi all Fra,

Well mir gi Poopscht an hu PSA,

Mä wann 't lo och just Alice Schwarzer gëtt -

Mäi Gott, egal:

Männer kloen net!

 

Du has all Dag en neie Privileg,

Du gongs als Mann all Dag op wéi Deeg.

Dat ass lo passé, ower gleef eis et,

Egal wat nach kënnt:

Mir iwwerliewen et!

Dat ass lo passé, ower gleef eis et:

Mir iwwerliewen a packen et!

 

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"