LÉIWE KLEES-CHEN

(Melodie: "Léiwe Klees-chen, gudde Klees-chen")

 

Léiwe Klees-chen, gudde Klees-chen,

Bréng ons Saachen allerhand,

Well et wor Héich-Konjunktur nees

An deem schéinen Himmelsland.

Iwwerstonne laut Gewerkschaft

An no Kollektivvertrag,

Mä och déck Chiffres d’Affairen,

An däi Bilan ass gemat.

 

Grompreschiele fir däin Iesel,

Fir den Houseker eng Drëpp -

Dat ass gutt, al Zäit a Spillschoul,

Mä kee Bus’ness - allezhëpp!

Zwar hues du bei dir am Himmel

Nach eng Monopol-Lizenz,

Mä och bei de groussen Hellgen

Gëtt et vläicht mol Konkurrenz.

 

Jo, sou bascht all Supermarché

E puer Méint laang scho virdrun

An d’Commandë rappe monter

Op der „Liste Saint Nikkla“ un.

A fir Visa, Banco, Master

- Wat ass een als Boss gehäit! -

Sëtz d’ a siwwenzéng Filialen

En même temps zur gläicher Zäit.

 

Mä ass d’Wuer da bis geliwwert,

Kënnt d’Famill och an Aktioun:

D’Bom kacht Téi, ewell de Junior

Huet eng staark Indigestioun,

D’Mamm ass nei Batt’rië kafen,

Haut de Muerge scho fir d’zweet -

An de Papp studéiert d’Technik,

Wéi de „Made in Taiwan“ geet.

 

Léiwe Klees-chen, gudde Klees-chen,

Débit, Crédit, Benefice!

D’Entreprise gëtt liquidéiert,

An du bass lo hors service.

Och deng helleg Garantie ass

Ofgelaf a geet an d’Bréch -

Mä nach dräihonnert mol schlofen,

A mir gleewen nees un dech …

 

 

2000 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN