Enn der 80er, ufanks der 90er Jore bréngt d’P&T déi éischt GSM-Handyën eraus, deemools nach mat dem Préfix 021 ...

HANDY-MANIE

(Melodie: "Macarena" / Los del Rio)

 

Cool, wéi se haut esou gestresst doruechter rennen,

Op all Hutt an Tuppi dräi där GSM-Antennen,

Jo, Handy hei an Handy do op allen Ennen -

021

Dat ass de Stil vun haut, den Hit vun haut, ‘t ass wouer,

Well jiddreen, dee kënnt do mat deem Dénge bei dem Ouer,

Pechert a Banquier, Kuelefrippgen a Paschtouer --

021 

 

Handy hei an Handy do op allen Ecken,

Mueres, mëttes, owes, nuets ënnert der Decken,

Handy hei an Handy do fir jiddwer Gecken --

Hallo, hallo, Macarena!

Wann et duddelt-duddelt-duddelt, jo, da kritt Der

Bal de Clinton, bal de Poopscht nees an da sidd Der

Décken Hunn am Kuerf, de Coq am Duerf, verstitt Der -

Hipp-hipp-hurra, 021!

 

 

Sëtz de gemittlech a Gedanken an zefridden

Um Comptoir, am Beichtstull oder plakeg an der Bidden,

Néierens hues de haut méi himmlesch Rou a Fridden -

021 

Ewell du bass en permanence jo accessibel

Als einfach klengen Abonné mobil-mobibel,

Souguer mam Jang vum Timber bass de compatibel -

021 

 

Handy hei an Handy do ob vir an hannen,

Riets a lénks an uewen, ënnen, bausse bannen,

Handy hei an Handy do, hallo, dir Dammen,

Sekretärinnen a souguer Schwéiermammen!

 

 

An och um Gala-Diner, jo do muss et klappen,

E läit do tëscht Sorbetën a Château-Neuf-du-Pappen,

A wann et duddelt, ei, da fiers de aus de Schlappen,

021 

‘t ass Wurscht a pupegal, ween der telefonéiert,

Mä d’Haaptsaach deng Ëmwelt huet et ronderëm gehéiert,

Wéi d’Duddlerei sou duddel-duddleg duddeléiert -

021 

 

Handy hei an Handy do op allen Ecken,

Mueres, mëttes, owes, nuets ënnert der Decken,

Handy hei an Handy do fir jiddwer Gecken --

Hallo, hallo, Macarena!

Wann et duddelt-duddelt-duddelt, jo, da kritt Der

Bal de Clinton, bal de Poopscht nees an da sidd Der

Décken Hunn am Kuerf, de Coq am Duerf, verstitt Der -

Hipp-hipp-hurra, 021 !

 

 

Dat ass de Stil vun haut, den Hit vun haut, ‘t ass wouer,

Well jiddreen, dee kënnt do mat deem Dénge bei dem Ouer,

Pechert a Banquier, Kuelefrippgen a Paschtouer --

Hallo, hallo, Macarena!

 

Ewell du bass en permanence jo accessibel

Als einfach klengen Abonné mobil-mobibel,

Souguer mam Jang vum Timber bass de compatibel -

Hallo, hallo, Macarena!

‘t ass Wurscht a pupegal, ween der telefonéiert,

Mä d’Haaptsaach deng Ëmwelt huet et ronderëm gehéiert,

Wéi d’Duddlerei sou duddel-duddleg duddeléiert -

Hallo, hallo, Macarena!

Hallo, hallo, Macarena!

Hallo, hallo, Macarena!

 

 

1997 - REVUE "Dwaldeslust"