Déi aus der Regierung CSV-LSAP (Juncker / Asselborn) gleewen ...

HIRE CREDO

(Melodie: "I will follow him" aus "Sister Act" / Whoopi Goldberg)

 

Jo, ech gleewen mir!

't ass dee Credo, deen eis all Dag seet:

Mir sinn d’Schutzengle vun dem Land,

Eis läit dat Land hei an der Hand,

Voller Zefriddenheet.

Jo, dat gleewe mir!

Wéi et och an eiser Bibel steet:

Et gëtt e Liewe virum Doud,

An dat Liewen, dat ass schwaarz a rout,

't ass schwaarz a rout

Bis an all Éiwegkeet.

 

Refrain:

Mir gleewen,

Mir gleewen,

Mir gleewen

Als eenzeg un

Eis selwer,

Eis selwer,

Eis selwer.

 

Jo, dat gleewen mir!

't ass dee Credo, deen eis all Dag seet:

Et gëtt nach e Liewe vrum Doud,

An dat Liewen, dat ass schwaarz a rout,

't ass schwaarz a rout.

De Credo!

De Credo!

Jo, dat gleewen mir!

't ass dee Credo, deen eis all Dag seet: 

Et gëtt nach e Liewe vrum Doud, 

An dat Liewen, dat ass schwaarz a rout,

't ass schwaarz a rout

Bis an all Éiwegkeet.

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam" (Ouverture)