Déi ganz Regierung sëtzt als 12 Apostele fir dat "lescht Abendmahl" um Dësch, an de selwechte Positiounen ewéi op dem Tableau vum Leonardo da Vinci

DRÄIZENG UM DËSCH

( Melodie: "Die Fäden in der Hand" / Musical "Rudolf - Affaire Mayerling")

 

Freides ënnert enger Leeder duerchzegon

Oder has de d’ganz Nuecht d’Schafendiere grouss opston?

An da leeft der duerno eng schwaarz Kaz och nach, o jee,

A firwat just vu lénks, grad vu lénks iwwert de Wee.

An, o Helleger Bimbam, ziel mol no,

Dräizeng un dem Dësch hei, a wat elo?

 

Refrain:

Mä mäi Gott, wann 't och stëmmt, wat den Horoskop der seet

An de Lëtzebuerger Globus komplett bei der Däiwel geet,

Kënne mir spéiderhin houffreg soen: Ma kuck hei,

Ah jo, do wore mir derbei!

 

 

Et ass fënnef vir zwielef, kuck, an d’Auer dréit,

An et gëtt all Moment, all Moment och nach méi spéit.

't ass lo fënnef vir a waart, eng zéng Minutten drop,

Jo, dann ass et op eemol, op eemol fënnef op.

Déi grouss Kinge wore mir bis haut,

Mä et huet och hei gläich fir eis gelaut.

 

Refrain:

A mäi Gott, wann 't och stëmmt, wat den Horoskop der seet

An de Lëtzebuerger Globus komplett bei der Däiwel geet,

Kënne mir spéiderhin houffreg soen: Ma kuck hei,

Ah jo, do wore mir derbei!

 

 

2010 - REVUE "Helleger Bimbam"