ROUT A WÄISS A BLO

(Melodie: "Wochendend und Sonnenschein" / Comedian Harmonists)

 

Ei, Grand-Duché, décke Gas,

Menü a Sabbelduch a Glas,

Staark beim vollen Teller, Lëtzebuerg,

Staark am Soff, mä soss net uerg.

 

Owes wann ech schlofe ginn

Eng dausend Engle ëm mech stinn,

Ower mueres bass de dann nees drun:

Voll gebéit a ferm gezunn!

 

Ass dat dann net vläicht de Clou,

Dee Clou www Punkt lu?

 

Härgott, komm, nu laach blouss net,

Nee, wat et hei dach alles gëtt,

Kuck däi Lëtzebuerg, däi Rout-Wäiss-Blo,

Dat ass Kabarä en gros!

 

Erziel dovu blouss näischt der Uelzecht,

Déi nach ëmmer duerch d’Wisen zéit

An och näischt der Rief laanscht d'Musel,

Do wou d'Rief sou dofteg bléit.

 

Ei, Grand-Duché, décke Gas,

Menü a Sabbelduch a Glas,

Staark beim vollen Teller, Lëtzebuerg,

Staark am Soff, mä soss net uerg.

 

Owes wann ech schlofe ginn

Eng dausend Engle ëm mech stinn,

Ower mueres bass de dann nees drun:

Voll gebéit a ferm gezunn!

 

Ass dat da vläicht net de Clou,

Dee Clou www Punkt lu?

 

M'r wëlle bleiwen, wat mer sinn –

Mä fro blouss net: Wou geet dat hin?

Well mat eis a rout a wäiss a blo

Ei, do si mir scho laang do!

Well mat eis a rout a wäiss a blo

Ei, do si mir scho laang do!

 

 

- Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN -  (Ouverture)