NIGHT-LIFE

(Melodie: "Und der Haifisch, der hat Zähne" - Mackie-Messer-Moritat)

 

D’Nuecht ass ongerecht a sauer,

Nuets ass all aarm Séil eleng,

An all déi am Dag sou grouss sinn,

Déi sinn nuets aarmséileg kleng.

An all déi am Dag sou grouss sinn,

Déi sinn nuets aarmséileg kleng.

 

Jo, geet d’Sonn um Himmel schlofen,

Da fänkt d’Liewe richteg un,

Da ginn iwwrall déi schwaarz Fiedem

Vun deem Liewen do gezunn.

Da ginn iwwrall déi schwaarz Fiedem

Vun deem Liewen do gezunn.

 

Well dem Dag seng brav Gesetzer

Loossen déi am Däischtre kal –

D’Nuecht huet aner Dimensiounen,

D’Nuecht huet selwer hir Moral.

D’Nuecht huet aner Dimensiounen,

D’Nuecht huet selwer hir Moral.

 

A si kann och kee verroden,

So mer wéi, well nuets si jo

Tëscht de Kazen alleguerten

Alleguerten d’Kaze gro …

Jo, well nuets sinn alleguerten,

Alleguerten d’Kaze gro …

 

 

2006 - Bartrenger SCHAUWEBUERGEREIEN