‘t ginn Décker an ‘t ginn Dënner,
Mat méi a manner Pënner,
Et ginn der vun all Zort op eiser Welt -
Et ginn Intellektueller,
Mol Lueser, mol méi Schneller,
Jee, hei kriss du genuch fir all däi Geld.
O, o, Leit, wat si mir därer!
Refrain: Spiritistesch, profiteur a liberal,
Sexuell obsédéiert, pupeg a pseudo-sozial,
Jo, et ginn der vun all Nummer, grouss a kleng,
Ower däer, déi näischt iessen, neen, där ginn et keng!
Mol ultra-progressistesch,
Mol antifeministesch,
Dat ass emol esou a mol esou -
Deen ee philosophéiert,
Deen an’re spintiséiert,
An dobei si mer alleguer nach frou!
O, o, Leit, wat si mir därer!
Refrain: Psychopath, Perfektionist, Egomanie,
Femme Fatale a Voyeurismus an Hypokrisie,
Visionär, alternativ – ech soen: matsch,
Op gutt lëtzebuergesch einfach: eng ferm mat der Ratsch!
O Här, gehei eng Grimmel
Gehier dach vun dem Himmel,
Lo sichen se dann, stell der nëmme vir,
Jo och nach vun all deenen
No allen hire Genen
A fabrizéiren alt nees där wéi mir …
O, o, Leit, wat si mir därer!
Refrain: Loosst déi topeg Klonerei dach aus dem Spill,
Ewell ee vu jiddwer Zort, dat ass schonn een ze vill -
Loosst déi topeg Klonerei dach alleguer,
Ewell ee vu jiddwer Zort geet eis vëllegen duer.
Jiddereen, deen denkt: Dat Bescht u mir sinn ech!
Mä dat Allerschlëmmst: där ginn et dann och wierkelech -
An ass dann e Land méi kleng, kuck eis heiheem,
Hues de och déi Nummren all vill méi no openeen ...