DÉI ZWEE HUNNEN

(DER HAHNENKAMPF)

 

De Kikriki, e flotten Hunn,

Dee kuckt sech d’Britt beim Dëppen un.

De Kikriko, en zweeten,

Kënnt och - voilà, do steet en.

An alle béid mussen sech strecken,

Fir mat vill Krämpes d’Britt ze lecken.

 

Mä Vollek, gare la Box! Déi zwee

Bekucke sech elo, o jee,

Mat béisen, feieregen Aan,

Fir een deem an’ren Angscht ze man.

 

A schonns do geet et à l’attaque!

D’éischt fuere si sech an de Frack,

Da klappen déi zwee Brilleken

Sech d’Plommen aus de Flilleken.

 

De Kikriki klaut, donnerwieder!

Deem aneren déi schéinste Fieder -

Mä blouss keng Angscht. De Kikriko,

Dee mécht mat him dat selwecht lo

An zitt bei allem Misär dann

Hien nach mam Kapp an d’Dëppen ’ran.

 

Do rolzen si lo ’réischt zerguttst,

Dass d’Britt rondrëmmer spritzt a sprutzt,

Dee ganze Buttek trëllt op d’Kopp -

Mä neen, ‘t hält kee vun hinnen op.

 

Lo kënnt de Flocki a weist d’Zänn

A mécht deem ganze Sträit en Enn.

 

Plätschnaass a ganz zerzauselt, kuck,

Trëpplen se heem an hire Juck.

 

De Flocki leckt ganz houfreg d’Britt,

An d’Fiedervéi huet guer näischt kritt …

 

 

Der Gickerich, ein Gockel fein,

Guckt in den Topf voll Brüh hinein.

Ein zweiter, Gackerich genannt,

Kommt auch sogleich herzugerannt.

Und jeder langt mit Mühe

Im Topfe nach der Brühe.

 

Der Gicker- und der Gackerich

Betrachten und fixieren sich

Zum Kampf gerüstet und ganz nah,

So stehn sie Aug' in Auge da.

 

Sie fangen mit den Tatzen

Entsetzlich an zu kratzen,

Und schlagen sich die Sporen

Um ihre roten Ohren.

 

Jetzt rupft der Gickerich, o Graus,

Dem Gackerich die schönste Feder aus.

Doch Gackerich, der erst entfloh,

Macht's jetzt dem andern ebenso

Und zieht den Gickerich noch obendrein

Beim Schopfe in den Topf hinein.

 

Da kämpfen sie noch ganz erhitzt,

Dass rund herum die Brühe spritzt.

Und keiner hält sich für besiegt,

Obschon der Topf am Boden liegt.

 

Jetzt kommt der Schnauzel hergerennt

Und macht dem ganzen Streit ein End'.

 

Sieh da, die Hähne gehn nach Haus

Und sehen ganz erbärmlich aus.

 

Der Schnauzel frisst den Rest der Brüh',

Den Schaden hat das Federvieh.