DE JANG HUPPEBEEN

(HANS HUCKEBEIN, der Unglücksrabe - 1867/68)

 

 

‘t ass wuel dat Trauregst op der Welt:

Um Enn do muss dee Kärel stierwen –

Hie stierft - ewell all groussen Held,

Dee lieft eben en tragescht Liewen.

 

Jo, ‘t geet net ëmmer wéi gewollt,

Dat Liewen, dat spillt dacks verkéiert -

Mä hei ass et seng eege Schold,

Well hien esou e schrecklecht féiert.

 

Do! ‘t ass net anescht - an d’Moral,

Déi kanns de hannert d’Ouer schreiwen:

Kéim hien nees zréck, et ass egal,

Hie géif deen ale Brigang bleiwen …

 

                   --------

 

Hei sinn se elo beieneen,

Den Tun an de Jang Huppebeen.

A wéi all Bouf wëllt och den Tun

Dach gär esou e Kueb mol hunn.

Scho rëtscht en op dem Aascht an d’Mëtt -

De Kueb denkt: Trau deem doen net!

Ewell den Tun, konnt hie sech denken,

Koum, fir hie mat der Kap ze fänken.

En hat en och bal kritt - mä nee,

Den Aascht, dee brécht racksdeg an zwee.

Am Schwaarzbier sëtzt den Tun mam Hënner,

An d’Kap leeft fort mam Jangli drënner …

De Bouf, deen huet seng Box begladdert,

De Kueb, dee spréngt do ganz verdaddert,

E rappt a struewelt nach wéi laang -

Mä ‘t ass ëmsoss … en ass gefaang.

„Jang Huppebeen, lo hunn ech dech!

Bestëmmt do freet meng Tatta sech.“

An déi kënnt och scho gläich op d’Dier:

„Ei, ei, wéi houfreg! Weis mol hier!“

 

Mä schonns huet hien d’Madamm gebass

A léisst de Fanger net méi lass.

„Pfui, fort mat him!“, jäizt si, „hopp, hopp!

Deen do huet keng gutt an der Kopp!“

 

Am Dëppe sëtzt en op der Lauer,

Den Huppebeen, a schneit eng sauer:

Hien hat eng Schank fonnt an der Kichen,

An déi kënnt sech de Mupp lo sichen.

De Mupp seet: Wau - de Kueb seet: Krächz,

Deen ee rappt lénks, deen an’re rechts,

Schonns mengt de Spitz e géif gewannen -

Hei kroopt de Schwaarzen e vun hannen.

E spréngt him eenzock op de Réck

A plëmmt him d’Hoer am Genéck.

De Mupp, dee flucht: Ma donnerwieder!

A geet dem Huppebeen un d’Fieder.

An där Zäit spréngt sou schnell e kann

E Kueder an hiert Dëppen ran,

An déi zwee aner kucken no:

Wat wëllt deen domme Kueder do?

Dee kraazt de Mupp lo aus der Bidden,

De Kueb, dee schmuunzt an ass zefridden,

Hie pléckt de Kueder mat dem Schwanz,

Well hannen ass de Blech net ganz.

Gläich drop rullt d’Dëppen dann duerch Zëmmer

An dréint de Schwanz dräimol rondrëmmer.

An eenzock sinn déi zwee verschwonnen -

Den Näischnotz huet de Mätsch gewonnen!

 

Wat kann et da fir d’Tatta Trinn

Nach Besseres wéi Schwaarzbier ginn?

De Jangli klotert an den Teller

A spritzt d’Gebeess uechtert de Keller.

Schonns kënnt déi Al voll Roserei -

Den Huppebeen denkt: Fort vun hei!

Nach iwwert d’Wäsch mat béide Patten,

An da mécht sech de Borscht duerch d’Latten.

O jee! E flitt an d’Kréibänk hin,

An ‘t rabbelt do, wou d’Tellre stinn.

Mä kuck, en dreift et nach méi schlëmm:

E Kuerf mat Eeër pucht en ëm,

Patsch! fält de Krou - et spritzt eng Kéier,

An d’Stiwwele si voller Béier.

Um Enn kritt d’Tatta nach vrum Fouss

Den Eemer Waasser ëmgestouss.

Si hat grad d’Forschett an der Hand,

An do kënnt och den Tun gerannt,

Si trëllen allen zwee - perdouf!

An d’Tatta pickt den aarme Bouf …

Dat ass däi Lescht, Jang Huppebeen!

Sou mengt ee wuel - mä mengs de? Neen!

Kuck, mat der Nues do hëlt e si

An denkt: Ah non, mech kriss de ni!

 

Elo kënnt ower säi Malheur,

Ewell dat hei ass Schnapsliqueur.

Et richt sou séiss. Mat déckem Spaass

Zappt hien de Schniewel déif an d’Glas.

 

Kuckt, wat en déi éischt Schlupp genéisst

An se bis ënne lafe léisst.

Très biäng! laacht hien - alt weider dann,

A stécht de Kapp bal mat eran.

Da stemmt en d’Glas a schluppt de Rescht,

Ewell dat Lescht, dat ass dat Bescht …

 

Ei, ei, wéi droleg gëtt et mir!

Wéi komesch kënnt mir alles vir!

E séngt a schnësst ganz duercherneen,

En danzt souguer op engem Been …

A kann e Kiebche soss och fléien,

Lo krabbelt e blouss op de Knéien.

Tja, looss de Batti ni eraus,

Well dat geet meeschtens net riicht aus.

Hei zaust en lo un engem Stéck

Der Tatta Trinn hir Sonndesstréck,

Jitz! rëtscht en aus an hänkt um Strack -

Voilà, a fäerdeg ass de Lack!

 

„Seng gréisste Freed wor Gaunerei“,

Seet d’Tatta, „Duerfir klunscht en hei!

 

 

 

 

So sehr sein Ende mich bewegt,

Ich durft’ es anders nicht vermelden.

Er stirbt – denn tragisch angelegt

War der Charakter dieses Helden.

 

Gar manches ist vorherbestimmt;

Das Schicksal führt ihn in Bedrängnis;

Doch wie er sich dabei benimmt,

Ist seine Schuld und nicht Verhängnis.

 

Drum bleibt’s dabei ! – Denn die Moral

Ist hier kein leeres Wortgeklingel –

Und lebte er auch noch einmal,

Er bliebe doch der alte Schlingel !!

 

                   --------

 

Hier sieht man Fritz, den muntren Knaben,


Nebst Huckebein, dem jungen Raben.



Und dieser Fritz, wie alle Knaben,


Will einen Raben gerne haben.



Schon ruscht er auf dem Ast daher,


Der Vogel, der misstraut ihm sehr.



"Schlapp" macht der Fritz von seiner Kappe


Mit Listen eine Vogelklappe.



Beinah hätt’ er ihn! - Doch ach!


Der Ast zerbricht mit einem Krach.



In schwarzen Beeren sitzt der Fritze,


Der schwarze Vogel in der Mütze.



Der Knabe Fritz ist schwarz betupft;


Der Rabe ist in Angst und hupft.



Der schwarze Vogel ist gefangen,


Er bleibt im Unterfutter hangen.



"Jetzt hab’ ich dich, Hans Huckebein,


Wie wird sich Tante Lotte freun!"



Die Tante kommt aus ihrer Tür;


"Ei!" spricht sie, "welch ein gutes Tier!"


 

Kaum ist das Wort dem Mund entflohn,


Schnapp! - hat er ihren Finger schon.



"Ach!" ruft sie, "er ist doch nicht gut!


Weil er mir was zuleide tut!!"



 

Hier lauert in des Topfes Höhle


Hans Huckebein, die schwarze Seele.



Den Knochen, den der Spitz gestohlen,


Will dieser sich jetzt wieder holen.


So ziehn mit Knurren und Gekrächz


Der eine links, der andre rechts.



Schon denkt der Spitz, dass er gewinnt,


Da zwickt der Rabe ihn von hint’.



O weh! Er springt auf Spitzens Nacken,


Um ihm die Haare auszuzwacken.



Der Spitz, der ärgert sich bereits


Und rupft den Raben seinerseits.



Derweilen springt mit dem Schinkenbein


Der Kater in den Topf hinein.



Da sitzen sie und schaun und schaun.

Dem Kater ist nicht sehr zu traun.



Der Kater hakt den Spitz, der schreit,


Der Rabe ist voll Freudigkeit.



Schnell fasst er, weil der Topf nicht ganz,

Mit schlauer List den Katerschwanz.



Es rollt der Topf. Es krümmt voller Quale


Des Katers Schweif sich zur Spirale.



Und Spitz und Kater fliehn im Lauf.

Der größte Lump bleibt obenauf!! 


 

Nichts Schönres gab’s für Tante Lotte


Als schwarze Heidelbeerkompotte.



Doch Huckebein verschleudert nur


Die schöne Gabe der Natur.



Die Tante naht voll Zorn und Schrecken;


Hans Huckebein verlässt das Becken.



Und schnell betritt er, angstbeflügelt,


Die Wäsche, welche frisch gebügelt.



O weh! Er kommt ins Tellerbord;


Die Teller rollen rasselnd fort.



Auch fällt der Korb, worin die Eier -


Ojemine! - und sind so teuer!



Patsch! fällt der Krug. Das gute Bier


Ergießt sich in die Stiefel hier.



Und auf der Tante linken Fuß


Stürzt sich des Eimers Wasserguß.



Sie hält die Gabel in der Hand,


Und auch der Fritz kommt angerannt.



Perdums! Da liegen sie. - Dem Fritze


Dringt durch das Ohr die Gabelspitze.



Dies wird des Raben Ende sein - 


So denkt man wohl - doch leider nein!


Denn - schnupp! - der Tante Nase fasst er;


Und nochmals triumphiert das Laster!



 

Jetzt aber naht sich das Malheur,


Denn dies Getränke ist Likör.



Es duftet süß. - Hans Huckebein


Taucht seinen Schnabel froh hinein.



 

Und lässt mit stillvergnügtem Sinnen


Den ersten Schluck hinunterrinnen.



Nicht übel! Und er taucht schon wieder


Den Schnabel in die Tiefe nieder.



Er hebt das Glas und schlürft den Rest,


Weil er nicht gern was übriglässt.



 

Ei, ei! Ihm wird so wunderlich,


So leicht und doch absunderlich.



Er krächtzt mit freudigem Getön


Und muss auf einem Beine stehn.



Der Vogel, welcher sonsten fleucht,


Wird hier zu einem Tier, was kreucht.



Und Übermut kommt zum Beschluss,


Der alles ruinieren muss.



Er zerrt voll roher Lust und Tücke


Der Tante künstliches Gestricke.



Der Tisch ist glatt - der Böse taumelt -


Das Ende naht - sieh da! Er baumelt.



 

"Die Bosheit war sein Hauptpläsier,


     Drum", spricht die Tante, "hängt er hier!"