DE SAK AN D'MAIS

(DER SACK UND DIE MÄUSE)

 

‘t huet mol e Sak, déck-strubbelvoll,

Sech als den Här vum Haus geholl.

Du koum e ganzen Trapp kleng Mais,

Déi duechten: Dat gëtt Spaass fir eis!

 

„O du dohannen an dem Eck,

Du Majestéit vun alle Säck!

Du bass den Allerhéchsten,

Dee Gréissten an deen Décksten!

Respekt a Reverenz

Vrun Ärer Exzellenz!“

 

De Sak ass houfreg, wéi en héiert,

Dass déi ganz Welt hien sou veréiert,

E bretzt sech an e mierkt mol net,

Wéi ënnen opgeknabbert gëtt.

A schonns leeft do de Weess eraus

Eng Knuppefreed fir jiddwer Maus!

 

Hie sackt zesummen, Stéck fir Stéck,

An d’Mais, déi gi méi ronn an déck.

 

Zerfatzt an eidel hänkt en do,

Eng schappeg Majestéit elo.

Kuck, d’Mais, déi zéi’n en an den Dreck

A maachen nach mat him de Geck:

„Ah jo, sou geet et deene gären,

Déi wonnesch mengen, wat se wären.“

 

 

Ein dicker Sack voll Weizen stand

Auf einem Speicher an der Wand. -

Da kam das schlaue Volk der Mäuse

Und pfiff ihn an in dieser Weise:

 

"Oh, du da in der Ecke,

Großmächtigster der Säcke!

Du bist ja der Gescheitste,

Der dickste und der Breitste

Respekt und Referenz

Vor eurer Exzellenz!"

 

Mit innigem Behagen hört

Der Sack, dass man ihn so verehrt.

Ein Mäuslein hat ihm unterdessen

Ganz unbemerkt ein Loch gefressen

Es rinnt das Korn in leisem Lauf.

Die Mäuse knuspern's emsig auf.

 

Schon wird er faltig, krumm und matt.

Die Mäuse werden fett und glatt.

 

Zuletzt, man kennt ihn kaum noch mehr,

Ist er kaputt und hohl und leer.

Erst ziehn sie ihn von seinem Thron;

Ein jedes Mäuslein spricht ihm hohn;

Und jedes, wie es geht, so spricht's:

"Empfehle mich, Herr Habenichts!"