DE SCHLAUEN UHU

(DER WEISE SCHUHU)

 

Wann zwee an d’Diskutéire kommen,

Gerode si sech gär an d’Plommen,

An d’Fatze fléie riets a lénks -

Dee schlauen Uhu allerdéngs,

Dee sëtzt dann nëmme roueg do

A lauschtert deenen an’ren no.

 

Esou krut dann och eemol hei

De Kueb mam Storch eng Streiderei.

Déi zwee, déi wore stonnelaang

Mam Ee a mat dem Hong am Gaang,

Wee virun honnertdausend Jor

Als éischten op der Welt hei wor.

De Storch, dee sot: „Mäi léiwe Jong,

Fir d’alleréischt, do wor mol d’Hong.“

Dee Kueb, dee sot: „Komm, iwwerlee,

Et wor net d’Hong, mä et wor d’Ee.“

 

De Fräschen an dem Fräscheweier

Gëtt dat Gestreids elo eng deier,

Ewell si maache gläich déck Baken

A fänken u rondrëm ze quaken,

Si quaken, quiken duercherneen:

„De Storch huet recht“, sou quaakt deen een -

Deen an’re quiikt: „Hopp, gees d’ ewech!

Et ass de Kueb, an du quaaks Blech!“

Lo gëtt de Storch natierlech queesch,

An och de Kueb deet Kuebekreesch:

„Wat toozt dir fir e Kabes hei?

Wat soll déi topeg Tozerei?

Bei deene Groussen an den Alen

Do hunn déi Kleng sech kleng ze halen.“

 

Eis Fräsche wiere sech nach, iewel

Schonns hunn déi zwee se an dem Schniewel,

Ruck-zuck an ouni laang ze faxen -

An d’Fräsche quiiksen an se quacksen,

Si ginn hiert Meescht, si ginn hiert Bescht,

Mä ‘t daacht net vill, et ass fir d’lescht …

 

Tja, denkt den Uhu lo bei sech,

Vous avez vu? Esou sinn ech!

Dee Schlaue sëtzt ganz einfach do

A lauschtert deenen an’ren no,

Dee Schlaue seet net gläich: Quak, quak!,

E lauschtert no an hält de Bak …

 

 

Der Schuhu hörte stets mit Ruh,

Wenn zwei sich disputierten, zu. –

 

Mal stritten sich der Storch und Rabe,

Was Gott, der Herr, zuerst erschaffen habe,

Ob erst den Vogel oder erst das Ei.

»Den Vogel!« schrie der Storch.

»Das ist so klar wie Brei!«

Der Rabe krächzt: »Das Ei, wobei ich bleibe;

Wer's nicht begreift, hat kein Gehirn im Leibe!«

 

Da fingen an zu quaken

Zwei Frösch' in grünen Jacken.

Der eine quakt: »Der Storch hat recht!«

Der zweite quakt: »Der Rab' hat recht!«

»Was?« schrien die beiden Disputaxe.

»Was ist das da für ein Gequakse?« –

Der Streit erlosch. –

 

Ein jeder nimmt sich seinen Frosch,

Der schmeckt ihm gar nicht schlecht.

Ja, denkt der Schuhu, so bin ich!

Der Weise schweigt und räuspert sich!