BÉIS BOUWEN

(DIOGENES UND DIE BÖSEN BUBEN)

 

Den Diogenes, hei läit e jo

A sengem Faass an en denkt no.

 

Den Hengchen hat en dra gesinn

A päift och säi Kolleeg heihinn.

Si komme lues bei d’Faass geschlappt,

An tock-tock-tock gëtt dru geklappt.

 

Den Diogenes, dee luusst eng Kéier

A seet: „Wat ass dat eng Manéier?“

 

Dunn hëlt den Hengchen mat der Mutz

Eng schlubbervoll, déck Waassersprutz.

En diicht duerch d’Lach eran an d’Faass,

Den Diogenes, dee gëtt plätschnaass …

 

A kaum hat hie sech nees geluecht,

Do laachen d’Bouwen: Da gëff uecht!

Si rullen d’Faass a freeë sech -

Den Diogenes gëtt schwindeleg …

Si drécke weider … ‘t geet biergof …

An nu passt op, lo kënnt hir Strof.

 

Um Faass do sinn zwee Neel, o mei,

Déi huelen d’Bouwe mam Gezei.

Si jéimren lo: O neen, o neen!

A struewele mat Äerm a Been.

 

Dat kann näischt déngen, ‘t ass zwar uerg,

Si musse mat drënner erduerch …

Den Hengchen an och säi Kolleeg

Si platt gerullt wéi Pizzasdeeg.

 

Den Diogenes kuckt sech se un

A mengt: „Ja ja, dat kënnt dervun!“

 

 

 

Nachdenklich liegt in seiner Tonne

Diogenes hier an der Sonne.

 

Ein Bube, der ihn liegen sah,

Ruft seinen Freund; gleich ist er da.

Nun fangen die zwei Tropfen

Am Fasse an zu klopfen.

 

Diogenes schaut aus dem Fass

Und spricht: »Ei, ei, was soll denn das?«

 

Der Bube mit der Mütze

Holt seine Wasserspritze.

Er spritzt durchs Spundloch in das Fass.

Diogenes wird pudelnass.

 

Kaum legt Diogenes sich nieder,

So kommen die bösen Buben wieder.

Sie gehn ans Fass und schieben es;

»Halt, halt!« schreit da Diogenes.

Ganz schwindlig wird der Brave. 

Passt auf! Jetzt kommt die Strafe.

 

Zwei Nägel, die am Fasse stecken,

Fassen die Buben bei den Röcken.

Die bösen Buben weinen

Und zappeln mit den Beinen.

 

Da hilft kein Weinen und kein Schrein,

Sie müssen unters Fass hinein.

Die bösen Buben von Korinth

Sind plattgewalzt, wie Kuchen sind.

 

Diogenes der Weise aber kroch ins Fass

Und sprach: »Jaja, das kommt von das!«