DE MAX AN DE MORITZ

(MAX UND MORITZ, eine Bubengeschichte in sieben Streichen - 1865)

 

 

VIRWUERT

 

Tjëft, wat ginn et a wat gouwen

Et dach vill näischnotzeg Bouwen,

Wéi dës zwéin, déi all Mënsch kennt

An de Max a Moritz nennt.

Jee, amplaz drop aus ze sinn,

Fir verstänneg mol ze ginn,

Schmuunze si fir sech ganz lues

A si maachen eng laang Nues.

Jo, als Spëtzbouf sinn der vill

Ëmmer gären op dem Dill!

Leit auslaachen, Déire ploen,

Äppel, Biere klaue goen,

Dat ass ëmmerhi méi flott,

Wéi a Kierch a Schoul – o Gott! –

Roueg op dem Stull ze sëtzen

A brav d’Oueren ze spëtzen ...

 

Mä o jee, o jee, o jee,

Schlëmm ergong et hinnen zwee!

Kanner, jo, dat heite war

Schonn eng béis a grujleg Saach!

Duerfir gouf, wat si gedriwwen,

Hei gemoolt an opgeschriwwen.

 

 

 

 

VORWORT

 

Ach, was muß man oft von bösen

Kindern hören oder lesen!

Wie zum Beispiel hier von diesen,

Welche Max und Moritz hießen;

Die, anstatt durch weise Lehren

Sich zum Guten zu bekehren,

Oftmals noch darüber lachten

Und sich heimlich lustig machten.

Ja, zur Übeltätigkeit,

Ja, dazu ist man bereit!

Menschen necken, Tiere quälen,

Äpfel, Birnen, Zwetschgen stehlen,

Das ist freilich angenehmer

Und dazu auch viel bequemer,

Als in Kirche oder Schule

Festzusitzen auf dem Stuhle.

 

Aber wehe, wehe, wehe!

Wenn ich auf das Ende sehe!!

Ach, das war ein schlimmes Ding,

Wie es Max und Moritz ging!

Drum ist hier, was sie getrieben,

Abgemalt und aufgeschrieben.


 

 

 ÉISCHTE STREECH

 

Muencher ee gëtt sech vill Méi

Mat dem Héngerfiedervéi:

Éischtens mol, komm mat a kuck,

All Dag läit en Ee um Juck,

Zweetens – och net ze vergiessen –

Déi gutt Mäifelcher fir z’iessen,

Drëttens, well een d’Fiedren dann

An d’Kappkësse stieche kann,

An da läit ee waarm a mëll,

Wéi een dat am Bett jo wëll.

 

An och bei der Tatta Finn,

Hannenaus am Haff, do stinn

Dräi flott Hénger an der Rei

An e stolzen Hunn derbei.

 

Eise Max a Moritz biichten,

Fir der Tatta eng ze stiichten ...

A ganz schnell – hopp, een, zwee dräi,

Huele si sech Brout erbäi,

Wéi e Fanger esou déck

Schneide si et, Stéck fir Stéck,

Bannen déi dann un e Fuedem,

Leeën alles op de Buedem

Vrun den Héngerställchen hin

Bei der gudder Tatta Finn.

 

Kaum huet dat den Hunn erbléckt,

Kréint hien och scho wéi verréckt:

Kikriki a Kikriko!

A scho si seng Hénger do.

Alles fänkt ze knabbren un –

Ei, wat gi se sech gutt drun!

Mä kaum hu se ofgeschléckt,

Si se unenee gestréckt.

Rappen, struewlen hin an hier,

Fléien, fladdre kräiz a quier,

Fléien, fladdre mateneen

Ëmmer méi héich, Jëses neen!

Dass se sech am Aascht verfänken

An do bleiwen se dann hänken.

Et gëtt hinnen angscht a baang

An hir Häls, déi gi méi laang,

Jiddreent leet nach schnell en Ee –

’t ass fir d’lescht – o jeeminee !

 

D’Tatta Finn huet ganz erféiert

Dat an hirem Bett gehéiert.

Eenzock leeft se hannert d’Haus –

Do gesäit et grujleg aus!

Kuck, scho steet se niewendrun

A fänkt gläich mat Pinschen un.

„O, mäin allerschéinsten Dram

Hänkt un dësem Äppelbam!“

Traureg geet se nees an d’Kichen

An de Schaf e Messer sichen

A si schneit déi véier lass,

Well et ze vill grujleg ass.

D’Tatta kräischt e Stéck nach an

Dréit se dann an d’Haus eran.

 

Sou, dat wor déi éischt elo,

An déi zweet, déi kënnt gläich no.

 

 

 

 

 

ERSTER STREICH

 

Mancher gibt sich viele Müh'

Mit dem lieben Federvieh;

Einesteils der Eier wegen,

Welche diese Vögel legen;

Zweitens: Weil man dann und wann

Einen Braten essen kann;

Drittens aber nimmt man auch

Ihre Federn zum Gebrauch

In die Kissen und die Pfühle,

Denn man liegt nicht gerne kühle.

 

Seht, da ist die Witwe Bolte,

Die das auch nicht gerne wollte.

Ihrer Hühner waren drei

Und ein stolzer Hahn dabei.

 

Max und Moritz dachten nun:

Was ist hier jetzt wohl zu tun?

Ganz geschwinde, eins, zwei, drei,

Schneiden sie sich Brot entzwei,

In vier Teile, jedes Stück

Wie ein kleiner Finger dick.

Diese binden sie an Fäden,

Übers Kreuz, ein Stück an jeden,

Und verlegen sie genau

In den Hof der guten Frau.

 

Kaum hat dies der Hahn gesehen,

Fängt er auch schon an zu krähen:

Kikeriki! Kikikerikih!! –

Tak, tak, tak! – Da kommen sie.

Hahn und Hühner schlucken munter

Jedes ein Stück Brot hinunter;

Aber als sie sich besinnen,

Konnte keines recht von hinnen.

In die Kreuz und in die Quer

Reißen sie sich hin

Flattern auf und in die Höh',

Ach herrje, herrjemine!

Ach, sie bleiben an dem langen,

Dürren Ast des Baumes hangen.

Und ihr Hals wird lang und länger,

Ihr Gesang wird bang und bänger.

Jedes legt noch schnell ein Ei,

Und dann kommt der Tod herbei.

 

Witwe Bolte in der Kammer

Hört im Bette diesen Jammer;

Ahnungsvoll tritt sie heraus,

Ach, was war das für ein Graus!

»Fließet aus dem Aug', ihr Tränen!

All mein Hoffen, all mein Sehnen,

Meines Lebens schönster Traum

Hängt an diesem Apfelbaum!«

Tiefbetrübt und sorgenschwer

Kriegt sie jetzt das Messer her,

Nimmt die Toten von den Strängen,

Dass sie so nicht länger hängen,

Und mit stummem Trauerblick

Kehrt sie in ihr Haus zurück.

 

Dieses war der erste Streich,

Doch der zweite folgt sogleich.

 

 


 

ZWEETE STREECH

 

Gläich drop hat eis Tatta Finn

Sech an hiert grousst Leed erginn

A si duecht alt hin an hier,

Dass et wuel am beschte wier

D’Dickelcher, déi vun de Bouwen

Bis zum Doud gepéngecht gouwen

Gutt gebroden elo z’iessen,

Fir s’ an Éiren ze vergiessen.

 

Wuel verdrësslech ass dat heien,

Wéi se op dem Uewen leien,

Puddelplakeg a geplëmmt,

A se géife ganz bestëmmt,

Wa se nëmme lieweg wären,

Gären nach am Buedem schären.

D’Tatta Finn kräischt nees elo,

An de Flocki kuckt hir no.

 

Knapps hunn d’Borschten dat geroch,

Si se op den Daach gekroch.

Uewen duerch de Schminni kënnen

Si ganz gutt gesinn, wéi ënnen

Ouni Kapp an ouni Strass

D’Saach am Gaang ze brutschlen ass.

 

D’Tatta geet mat hirem Teller

Grad elo bis an de Keller

A si hëlt sech zwou, dräi grouss

Déck Portioune Sauermous,

Fir sech déi da waarm ze maachen,

Dass et hir soll besser schmaachen.

 

Däerbaants si si um Daach

Flott a fläisseg bei der Saach,

Well de Max hat iwwerluecht

An eng Aangel gläich matbruecht.

Schnuppdiwupp! Do gëtt no uewen

Schonn een Hong eropgehuewen –

Schnuppdiwupp an hopplahopp!

Fësche si dat zweet erop.

Schnell dat drëtt an nach eng Kéier,

Schnuppdiwupp! ’t ass Nummer véier!

An de Flocki kuckt genau

Där Saach no a billt: Wau-wau!

Mä schonns ass déi geckeg Zort

Vun dem Daach erof – a fort!

 

Ei! Dat wäert Spektakel ginn,

Well elo kënnt d’Tatta Finn

A si kuckt och gläich an d’Pan,

Rappt de Mond op, mécht grouss Aan:

Näischt méi do! - Si gëtt ganz bleech.

„Flocki!, deet se elo Kreesch,

Waart, ech kommen dir lo no

An ech schlon dech hol a blo.”

Mat dem Läffel an dem Grapp

Facht se him iwwert de Kapp –

An hie billt, deen aarmen Hond,

Well hie jo net derfir konnt.

 

Mä de Max a Moritz strecken

Sech puppsat hannert den Hecken,

Alles hu se ’ragequëtscht,

Just ee Been ass net gerëtscht ...

 

Sou, dat wor déi zweet elo,

An déi drëtt, déi kënnt gläich no.

 

ZWEITER STREICH

 

Als die gute Witwe Bolte

Sich von ihrem Schmerz erholte,

Dachte sie so hin und her,

Daß es wohl das beste wär',

Die Verstorbnen, die hienieden

Schon so frühe abgeschieden,

Ganz im stillen und in Ehren

Gut gebraten zu verzehren.

 

Freilich war die Trauer groß,

Als sie nun so nackt und bloß

Abgerupft am Herde lagen,

Sie, die einst in schönen Tagen

Bald im Hofe, bald im Garten

Lebensfroh im Sande scharrten. –

Ach, Frau Bolte weint aufs neu,

Und der Spitz steht auch dabei. -

 

Max und Moritz rochen dieses.


»Schnell aufs Dach gekrochen!« hieß es.

Durch den Schornstein mit Vergnügen

Sehen sie die Hühner liegen,

Die schon ohne Kopf und Gurgeln

Lieblich in der Pfanne schmurgeln.

 

Eben geht mit einem Teller


Witwe Bolte in den Keller,


Daß sie von dem Sauerkohle


Eine Portion sich hole,


Wofür sie besonders schwärmt,


Wenn er wieder aufgewärmt.

 

Unterdessen auf dem Dache

Ist man tätig bei der Sache.

Max hat schon mit Vorbedacht

Eine Angel mitgebracht.

Schnupdiwup! Da wird nach oben


Schon ein Huhn heraufgehoben.


Schnupdiwup! Jetzt Numro zwei;


Schnupdiwup! Jetzt Numro drei;


Und jetzt kommt noch Numro vier:


Schnupdiwup! Dich haben wir!! –


Zwar der Spitz sah es genau


Und er bellt: Rawau! Rawau!

Aber schon sind sie ganz munter

Fort und von dem Dach herunter. -

 

Na! Das wird Spektakel geben,


Denn Frau Bolte kommt soeben;


Angewurzelt stand sie da,


Als sie nach der Pfanne sah.

Alle Hühner waren fort. -

»Spitz!!« - Das war ihr erstes Wort.

»0 du Spitz, du Ungetüm!

Aber wart! Ich komme ihm!«

Mit dem Löffel groß und schwer

Geht es über Spitzen her;

Laut ertönt sein Wehgeschrei,

Denn er fühlt sich schuldenfrei.

 

Max und Moritz im Verstecke

Schnarchen aber an der Hecke,

Und vom ganzen Hühnerschmaus

Guckt nur noch ein Bein heraus.

 

Dieses war der zweite Streich,


Doch der dritte folgt sogleich.

 

 


 

 

DRËTTE STREECH

 

Jiddereen an Duerf a Land

Huet de Becke Batti kannt:

Wiertesboxen, Sonndesräck,

Wantermäntel, Summerfräck,

Moule fir erkaalte Patten,

Jilli, Paltong, Hiem, Krawatten,

All déi hei an aner Saachen

Konnt de Schneider Beck iech maachen.

Oder wier et blouss ze flécken,

Ofzeschneiden, unzestécken?

Ass villäicht e Knäppche lass,

D’Nout zerfisemt, d’Box zerrass?

Jee, ob baussen oder bannen,

Ënnen, uewen, vir an hannen,

Hie gëtt sech un alles drun,

Well hie lieft jo och dervun.

Esou hat all Mënsch e gär,

An hie war am Duerf en Här.

 

Hei, de Max a Moritz laachen ...

Wat wäert deen haut Ae maachen!

Virum Haus vum ale Schneider

Leeft eng Baach an d’Duerf a weider,

An do iwwrem Waasser läit

E laangt Briet bis d’aner Säit.

Heemlech seeën lo déi zwee

Spëtzbouwe mat hirer See

- Ritzelratzel! – e klengt Stéck

Aus där schmueler, hëlz’ner Bréck.

Wéi se dat erleedegt hunn,

Fänken se u Kreesch ze dunn:

„Komm eraus, du Geesse-Beck!

Schneider, Schneider, meck-meck-meck!“

 

Alles konnt dee Mann erdroen,

Ouni och e Wuert ze soen,

Mä esou e frecht Geméch

Gong him ower géint de Stréch.

Schnell kënnt hien erausgerannt

Mat dem Meter an der Hand.

„Meck, meck, meck!“, gëtt nees gejaut,

An hie fiert bal aus der Haut.

Hei - schonn ass en op der Bréck,

Kracks! an d’Bréck räisst an zwee Stéck,

D’Bouwe bier’len nees – a wéi!

Mä dat héiert hien net méi ...

 

Wat en Zoufall – well do kommen

Grad zwou Gänsen ugeschwommen,

An hie kroopt se mateneen

Eenzock hannen un de Been.

Mat de Gänsen un der Hand

Flitt hien nees un dréchent Land.

 

Éierlech, pätschpuddelnaass,

Dat ass wierklech net dee Spaass,

An déi Lausboufiddi do

Schléit him och nach op de Mo.

D’Madamm Batti, seng gutt Fra,

Hëlt gläich d’Streckeisen, voilà,

Streckt him gliddeg Bauch a Been –

A gläich weess et jiddwereen

An dem Duerf, all Kaz an Hond:

Eise Beck ass nees gesond!

 

Sou, dat wor déi drëtt elo,

An déi véiert kënnt gläich no.

 

 

DRITTER STREICH

 

Jedermann im Dorfe kannte

Einen, der sich Böck benannte. –

Alltagsröcke, Sonntagsröcke,

Lange Hosen, spitze Fräcke,

Westen mit bequemen Taschen,

Warme Mäntel und Gamaschen,-

Alle diese Kleidungssachen

Wußte Schneider Böck zu machen. -

Oder wäre was zu flicken,

Abzuschneiden, anzustücken,

Oder gar ein Knopf der Hose

Abgerissen oder lose -

Wie und wo und wann es sei,

Hinten, vorne, einerlei -

Alles macht der Meister Böck,

Denn das ist sein Lebenszweck. -

Drum so hat in der Gemeinde

Jedermann ihn gern zum Freunde. -

 

Aber Max und Moritz dachten,

Wie sie ihn verdrießlich machten. -

Nämlich vor des Meisters Hause


Floß ein Wasser mit Gebrause.

Übers Wasser führt ein Steg,

Und darüber geht der Weg. –

Max und Moritz, gar nicht träge,

Sägen heimlich mit der Säge,

Ritzeratze! voller Tücke,

In die Brücke eine Lücke. -

Als nun diese Tat vorbei,


Hört man plötzlich ein Geschrei:

»He, heraus! Du Ziegen-Böck!

Schneider, Schneider, meck-meck-meck!« 

 

Alles konnte Böck ertragen,

Ohne nur ein Wort zu sagen;

Aber wenn er dies erfuhr,

Ging's ihm wider die Natur.

Schnelle springt er mit der Elle

Über seines Hauses Schwelle,

Denn schon wieder ihm zum Schreck

Tönt ein lautes: »Meck, meck, meck!!«

Und schon ist er auf der Brücke,

Kracks! Die Brücke bricht in Stücke;

Wieder tönt es: »Meck, meck, meck!«

Plumps! Da ist der Schneider weg!

 

Grad als dieses vorgekommen,

Kommt ein Gänsepaar geschwommen,

Welches Böck in Todeshast

Krampfhaft bei den Beinen fasst.

Beide Gänse in der Hand

Flattert er auf trocknes Land. –

 

Übrigens bei alle dem

Ist so etwas nicht bequem;

Wie denn Böck von der Geschichte

Auch das Magendrücken kriegte.

Hoch ist hier Frau Böck zu preisen!

Denn ein heißes Bügeleisen,

Auf den kalten Leib gebracht,

Hat es wiedergutgemacht. –

Bald im Dorf hinauf, hinunter,

Hieß es: Böck ist wieder munter!!

 

Dieses war der dritte Streich,


Doch der vierte folgt sogleich.



 

VÉIERTE STREECH

 

’t ass scho gutt, am Fong geholl,

Dass een eppes léire soll.

Net eleng ass A-B-C

An der Schoul dat Gielt vum Ee,

Net eleng mat Liesen, Schreiwen

Soll ee sech do d’Zäit verdreiwen,

An et gëtt een och net blouss

Mat dem Rechnen al a grouss,

Neen, de Mënsch, dee soll och léiren

Mat Verstand sech opzeféiren.

Duerfir wor de Struppes jo

Als Här Schoulmeeschter och do.

Kloer, dass eis zwee Kadetten

Hien am léifste guer net hätten,

Well mat Schallek an der Kopp

Passt een an der Schoul net op.

 

An lo hat deen alen Här

Päif an Tubak jo sou gär,

Eppes, wat een ouni Fro

Owes no vill Méi a Plo

Engem gudden, ale Mann

Och vun Häerze gënne kann.

Mä de Max a Moritz hunn

Allen zwéi scho wéi laang drun

Iwwerluecht, ob een dem Frënd

Domat net eng stëbse kënnt.

 

Kuck, scho sëtzt hie sonndes drop

Brav a fromm nees uewenop

An der Kierch do deene villen

Leit seng Uergel virzespillen.

Dat kënnt hinne wéi geruff!

Hoppla, schläiche si an d’Stuff,

Well de Max, hien hat gesinn,

Wou dem Strupp seng Päife stinn.

Gläich zitt och de Moritz d’Fläsch

Mat dem Polfer aus der Täsch

A stoppt schnell en décke Grapp

Polfer an de Päifekapp.

Mä lo eenzock heem, well d’Mass

All Abléck eriwwer ass.

 

Grad späert hien all hell’ger Rou

D’Kierchendier hannert sech zou.

Mat Gebietbuch, Nouteblat

Gëtt sech frou op heem gemat.

Ah jo, d'Aarbecht mol fir d'éischt,

Duerno kënnt de Spaass eréischt -

An sou kuckt e glécklech dran,

Well en d’Päif lo fëmme kann.

Ei! denkt hien, déi gréisste Freed

Ass dach wuel d’Zefriddenheet!

 

Rang-pang! D’Päif, déi geet lo lass,

’t gëtt e Knuppert, nondikass!

Kaffisbuz an Drëppeglas,

Tubaksdous an Tëntefaass,

Dësch an Uewen – jee, d’ganzt Zëmmer,

Alles flitt duerch d’Luucht dorëmmer.

 

Mä wou ass de Struppes drun?

Gläich huet sech den Damp verflunn –

Hei, do läit en an dem Dreck

An e lieft nach – mä, o Schreck!

Vun der Nues bis hannert d’Ouer

Ass hie schwaarz ewéi e Mouer,

A seng Hor – ’t ass allerhand! –

Déi sinn him um Kapp verbrannt.

 

Wee soll dann lo mat eis léiren

An héich Wëssenschaft stodéiren?

Wee schreift lo all Schreiwerei?

Wee spillt d’Mass a séngt derbei?

Jee, wéi sëtzt en lo am Duerf

Ouni Hor an ouni Kluef?

Mat der Zäit gëtt dat scho besser -

Just deng Päif net, Här Professer!

 

Sou, dat wor déi véiert lo,

An déi fënneft kënnt gläich no.

 

VIERTER STREICH

 

Also lautet ein Beschluss

Dass der Mensch was lernen muss. -

Nicht allein das Abc

Bringt den Menschen in die Höh';

Nicht allein in Schreiben, Lesen

Übt sich ein vernünftig Wesen;

Nicht allein in Rechnungssachen

Soll der Mensch sich Mühe machen,

Sondern auch der Weisheit Lehren

Muss man mit Vergnügen hören. –

Dass dies mit Verstand geschah,

War Herr Lehrer Lämpel da. -

Max und Moritz, diese beiden,


Mochten ihn darum nicht leiden;


Denn wer böse Streiche macht,


Gibt nicht auf den Lehrer acht. -

 

Nun war dieser brave Lehrer


Von dem Tobak ein Verehrer,


Was man ohne alle Frage


Nach des Tages Müh und Plage


Einem guten, alten Mann


Auch von Herzen gönnen kann. -

Max und Moritz, unverdrossen,


Sinnen aber schon auf Possen,


Ob vermittelst seiner Pfeifen


Dieser Mann nicht anzugreifen. –

 

Einstens, als es Sonntag wieder

Und Herr Lämpel, brav und bieder,

In der Kirche mit Gefühle

Saß vor seinem Orgelspiele,

Schlichen sich die bösen Buben

In sein Haus und seine Stuben,

Wo die Meerschaumpfeife stand;

Max hält sie in seiner Hand;

Aber Moritz aus der Tasche

Zieht die Flintenpulverflasche,

Und geschwinde, stopf, stopf, stopf!

Pulver in den Pfeifenkopf. -

Jetzt nur still und schnell nach Haus,

Denn schon ist die Kirche aus. –

 

Eben schließt in sanfter Ruh

Lämpel seine Kirche zu;

Und mit Buch und Notenheften

Nach besorgten Amtsgeschäften,

Lenkt er freudig seine Schritte

Zu der heimatlichen Hütte,

Und voll Dankbarkeit sodann

Zündet er sein Pfeifchen an.

»Ach!« - spricht er - »Die größte Freud'

Ist doch die Zufriedenheit!!«

 

Rums!! - Da geht die Pfeife los

Mit Getöse, schrecklich groß.

Kaffeetopf und Wasserglas,

Tobaksdose, Tintenfass,

Ofen, Tisch und Sorgensitz -

Alles fliegt im Pulverblitz. –

 

Als der Dampf sich nun erhob,

Sieht man Lämpel, der gottlob

Lebend auf dem Rücken liegt;

Doch er hat was abgekriegt.

Nase, Hand, Gesicht und Ohren

Sind so schwarz als wie die Mohren,

Und des Haares letzter Schopf

Ist verbrannt bis auf den Kopf. -

 

Wer soll nun die Kinder lehren


Und die Wissenschaft vermehren?


Wer soll nun für Lämpel leiten


Seine Amtestätigkeiten?


Woraus soll der Lehrer rauchen,


Wenn die Pfeife nicht zu brauchen??

Mit der Zeit wird alles heil,

Nur die Pfeife hat ihr Teil.

 

Dieses war der vierte Streich,


Doch der fünfte folgt sogleich.




 

FËNNEFTE STREECH

 

Solls de vläicht e Monni Tun,

Jängi oder Dëmmi hunn,

Da sief fei mam alen Här,

Well dat huet de Monni gär.

Kënnt e mueres d’Trap erof,

Fro schéin: „Hues de gutt geschlof?“

Bréng him, wat déi Häre wëllen,

Zeitung, Tubak, Päif a Pëllen –

Pickt et hien am Halsgenéck,

Bäisst et hien ënnen am Réck,

Setz dech äifreg hin a kraz

Him déi Flou do vun der Plaz.

Schnauft en duerops Tubak dann,

Dass e ferrem néitsche kann,

Da sief fein an héiferlech

A so: „Monni, Gott seen dech!“

Kënnt en owes spéit mol heem,

Maach dem Härchen et bequem:

Hëllef him seng Schong ausdunn

A setz d’Schlappen niewendrun -

Jee, all Mënsch kuckt eben, dass

Sou e Monni glécklech ass.

 

Just de Max a Moritz net,

Wat eis och kaum Wonner gëtt.

Lauschtert blouss d’Geschicht vum Bett

A vum aarme Monni Mett!

 

Jiddree kennt de Kiewerlek,

Wéi e monter an sou fléck

An de Beem doruechter zabbelt,

Flitt a kruewelt, krécht a krabbelt.

Kuck, de Max a Moritz bës’len

Duerch de Bongert d’Beem ze rës’len.

Da gi schnell – ouni ze zécken –

Tute voller Kiewerleken

Ënnert d’Bettdecke geluecht ...

Ma jo, Monni, da gutt Nuecht!

 

Gläich drop klëmmt de Monni Mett

Mat der Schlofmutz a säi Bett,

Gaapst nach, mécht seng Aen zou,

Streckt sech a schléift dann a Rou.

D’Kiewerleke waarden drop,

Krabblen op den Diwwi ’rop

A schonns kraucht deen éischte lues

Eisem Monni Mett op d’Nues.

„Puh!, jäizt deen, der Jomer, neen!“

An e fänkt e mat de Been.

Wéi de Blëtz spréngt hien elo

Aus dem Bett, well – kuck mol do! –

Iwwrall sëtzt e Kiewerlek

Un de Been an am Genéck.

’t wibbelt, ’t wabbelt ronderëm,

Hin an hier – ’t ass uerg a schlëmm!

An e facht a senger Nout

Alles riets a lénks mausdout.

Voilà! Schluss mat deenen heien

Kiew’lekskribbelkrabblereien,

Esou dass deen ale Mann

Och a Rou nees schlofe kann.

 

Sou, dat wor déi fënneft lo,

An déi sechst, déi kënnt gläich no.

 

FÜNFTER STREICH

 

Wer in Dorfe oder Stadt

Einen Onkel wohnen hat,

Der sei höflich und bescheiden,

Denn das mag der Onkel leiden.

Morgens sagt man: »Guten Morgen!

Haben Sie was zu besorgen?«

Bringt ihm, was er haben muß:

Zeitung, Pfeife, Fidibus.

Oder sollt' es wo im Rücken

Drücken, beißen oder zwicken,

Gleich ist man mit Freudigkeit

Dienstbeflissen und bereit.

Oder sei's nach einer Prise,

Daß der Onkel heftig niese,

Ruft man: »Prosit!« alsogleich.

»Danke!« - »Wohl bekomm' es Euch!«

Oder kommt er spät nach Haus,

Zieht man ihm die Stiefel aus,

Holt Pantoffel, Schlafrock, Mütze,

Daß er nicht im Kalten sitze -

Kurz, man ist darauf bedacht,

Was dem Onkel Freude macht.

 

Max und Moritz ihrerseits


Fanden darin keinen Reiz.


Denkt euch nur, welch schlechten Witz


Machten sie mit Onkel Fritz!

 

Jeder weiß, was so ein Mai-

Käfer für ein Vogel sei.

In den Bäumen hin und her

Fliegt und kriecht und krabbelt er.

Max und Moritz, immer munter,

Schütteln sie vom Baum herunter.

In die Tüte von Papiere

Sperren sie die Krabbeltiere.

Fort damit und in die Ecke

Unter Onkel Fritzens Decke!

 

Bald zu Bett geht Onkel Fritze

In der spitzen Zipfelmütze;

Seine Augen macht er zu,

Hüllt sich ein und schläft in Ruh.

Doch die Käfer, kritze, kratze!

Kommen schnell aus der Matratze.

Schon faßt einer, der voran,

Onkel Fritzens Nase an.

»Bau!« - schreit er - »Was ist das hier?!!«

Und erfaßt das Ungetier.

Und den Onkel, voller Grausen,

Sieht man aus dem Bette sausen.

»Autsch!!« - Schon wieder hat er einen

Im Genicke, an den Beinen;

Hin und her und rundherum

Kriecht es, fliegt es mit Gebrumm.

Onkel Fritz, in dieser Not,

Haut und trampelt alles tot.

Guckste wohl! Jetzt ist's vorbei

Mit der Käferkrabbelei!

Onkel Fritz hat wieder Ruh

Und macht seine Augen zu.

 

Dieses war der fünfte Streich,


Doch der sechste folgt sogleich.

 



 

 

SECHSTE STREECH

 

An der schéiner Ouschterzäit,

Wann een d’Bäckere gesäit

Bretzlen, Kuch an aner Saachen

Fir déi schneekeg Kanner maachen,

Kommen eis zwéin och geditzt,

Well elo gëtt hei stibitzt.

Mä den Néckel denkt: Ah sou!

An e späert seng Bakes zou.

 

Tja – dat doe wor net fäin!

Lo bleift just nach de Kamäin.

Uewen ’ran an ënnen ’raus,

Schwaarz wéi Kuebe g’sin se aus.

Mä ee Gléck, si falen hier

Riicht an d’Mielkëscht, mam Kapp vir,

An sou sinn se allen zwéin

Alt nees propper, wäiss a schéin.

 

Jong, nu rich mol, wat hei steet!

Ei, dat do gëtt Knuppefreed!

Knacks! Do ass de Stull gebrach!

Schlupp! Do leien si am Trach!

Kuck se un, et gëtt der weech:

Kapp an Äerm a Féiss voll Deeg!!!

Hei, do kënnt de Bäckesch Néckel

An en hëlt se mat dem Wéckel.

Een, zwee! gi se alle béid

Op dem Dësch gerullt, gedréit

An dann an d’Bakuewelach

Wéi zwee Kilo Brout gestach.

Gläich kënnt hien, fir s’aus de Kuelen

Knuspreg-brong erauszehuelen.

Lo ass d’Spill um Enn, denks de –

Mä gewass! Nach liewen se!

Knabbre sech ewéi eng Maus

Aus der haarder Kuuscht eraus

An de Meeschter rifft: „O nee!

Tjëft, do lafen se, déi zwee!“

 

Sou, dat wor déi sechst elo,

An déi siwent kënnt gläich no.

 

 

SECHSTER STREICH

 

In der schönen Osterzeit,

Wenn die frommen Bäckersleut'

Viele süße Zuckersachen

Backen und zurechte machen,

Wünschten Max und Moritz auch

Sich so etwas zum Gebrauch. –

Doch der Bäcker, mit Bedacht,

Hat das Backhaus zugemacht.

 

Also will hier einer stehlen,

Muß er durch den Schlot sich quälen

Ratsch! Da kommen die zwei Knaben

Durch den Schornstein schwarz wie Raben

Puffl Sie fallen in die Kist',

Wo das Mehl darinnen ist

Da! Nun sind sie alle beide

Rund herum so weiß wie Kreide.

 

Aber schon mit viel Vergnügen

Sehen sie die Brezeln liegen.

Knacks!! - Da bricht der Stuhl entzwei;

Schwapp!! - Da liegen sie im Brei.

Ganz von Kuchenteig umhüllt

Stehn sie da als Jammerbild

Gleich erscheint der Meister Bäcker

Und bemerkt die Zuckerlecker.

Eins, zwei, drei! - Eh' man's gedacht,

Sind zwei Brote draus gemacht.

In dem Ofen glüht es noch -

Ruff! - damit ins Ofenloch!

Ruff! Man zieht sie aus der Glut;

Denn nun sind sie braun und gut. –

Jeder denkt, die sind perdü!

Aber nein! - Noch leben sie!

Knusper, knasper! - wie zwei Mäuse

Fressen sie durch das Gehäuse;

Und der Meister Bäcker schrie:

»Ach herrje! Da laufen sie!«

 

Dieses war der sechste Streich,


Doch der letzte folgt sogleich.

 


 

 

LESCHTE STREECH

 

Max a Moritz – gare la mine! –

Dëse soll dee leschte sinn!

 

Firwat musst der dann de Leiden

Iwwerall och Lächer schneiden?

Kuckt, do hëlt de Bauer Dittchen

Sou e Sak bei dem Schlawittchen,

Mä kee Wonner, d’Kären all

Kommen ënnen ’rausgefall,

An hie mécht e laangt Gesiicht:

„Djës, dat Dénge gëtt méi liicht!“

 

Hei, do sëtzt eppes am Weess ...

An den Dittche schmunzelt nees.

Zack, schëppt hien de Bouwepak

Een nom an’ren an de Sak.

A wat gëtt et de Gesellen

Bei der Millen elo ellen.

„Hoppla, mat dem Sak op d’Schëller!

An da muels de, Meeschter Mëller!“

- „Sécher, Bauer“, seet de Mann

An e pucht s’ an d’Lach eran.

 

D’Millen dréint lo – kracks-kracks-kracks!

Aarme Moritz, aarme Max!

Schéin a Grimmlen, klenger, décker,

Leie si zwéin lo a Stécker –

Mä hei kënnt schonn d’Fiedervéi,

A gläich gëtt et si net méi ...

 

 

LETZTER STREICH

 

Max und Moritz, wehe euch!

Jetzt kommt euer letzter Streich! -

 

Wozu müssen auch die beiden

Löcher in die Säcke schneiden??

Seht, da trägt der Bauer Mecke

Einen seiner Maltersäcke.

Aber kaum dass er von hinnen,

Fängt das Korn schon an zu rinnen.

Und verwundert steht und spricht er:

»Zapperment! Dat Ding werd lichter!«

 

Hei! Da sieht er voller Freude

Max und Moritz im Getreide.

Rabs!! - in seinen großen Sack

Schaufelt er das Lumpenpack

Max und Moritz wird es schwüle,

Denn nun geht es nach der Mühle.

»Meister Müller, he, heran!

Mahl er das, so schnell er kann!«

»Her damit!« Und in den Trichter

Schüttet er die Bösewichter.

 

Rickeracke! Richeracke!

Geht die Mühle mit Geknacke.

Hier kann man sie noch erblicken,

Fein geschroten und in Stücken.

Doch sogleich verzehret sie

Meister Müllers Federvieh.



 

 

SCHLUSS

 

A wéi d’Duerf dat heien héiert,

Ass mol kee Mënsch déck erféiert.

Sou seet eis gutt Tatta Finn:

„’t konnt jo och net anescht sinn!“

- „Jo, jo, laacht de Schneider Beck,

D’Liewen ass net nëmme Geck!“

An de Struppes: “Gleeft et fräi,

D’Welt, déi léiert ëmmer bäi ...”

- „Firwat, freet de Bäcker sech,

Sinn d’Leit sou gelëschtereg?“

An de Monni mengt: „Dat heien

Kënnt vun domme Flautereien.“

Mä de Bauer Dittchens Tun

Grommelt: "Wat geet mech dat un?"

Jee, an alle Gaasse geet

Et rondrëmmer voller Freed:

Gott sei Dank! ’t ass Schluss elo

Mat där Spëtzboufnäischnotzplo!

 

 

 

SCHLUSS

 

Als man dies im Dorf erfuhr,

War von Trauer keine Spur.

Witwe Bolte, mild und weich,

Sprach: »Sieh da, ich dacht' es gleich!«

»Jajaja!« rief Meister Böck.

»Bosheit ist kein Lebenszweck!«

Drauf so sprach Herr Lehrer Lämpel:

»Dies ist wieder ein Exempel!«

»Freilich«, meint' der Zuckerbäcker,

»Warum ist der Mensch so lecker!«

Selbst der gute Onkel Fritze

Sprach: »Das kommt von dumme Witze!«

Doch der brave Bauersmann

Dachte: Wat geiht meck dat an!

Kurz, im ganzen Ort herum

Ging ein freudiges Gebrumm:

»Gott sei Dank! Nun ist's vorbei

Mit der Übeltäterei!«



(Éditions "REVUE - Lëtzebuerger Illustréiert - 1993)