D'MÉCK

(DIE FLIEGE)

 

All Mëttes no dem Mëtteskascht

Hält den Här Abbé gär seng Rascht -

Mä eppes souert dem Paschtouer

Ganz ongenéiert rondëm d’Ouer.

 

Den Här erwächt aus déiwem Schlof -

Hei steiert d’Méck op hien erof

A vu Respekt keng Boun, kee Fatz,

Setzt si sech uewen op seng Glatz.

 

„O waart! Dat do, du Déirevéi,

Méchs du keng zweete Kéier méi!“

 

Pscht, lues! Do sëtzt se op der Taass -

Ei, Méckefänken, dat mécht Spaass!

An hoppla, zack! Dat kann hien, hë?!

Schonns huet den Här Paschtouer se.

E luusst beim Daum an d’Hand eran:

Da komm, dass ech dech kucke kann.

Mä wupp, schonn ass se nees duerch d’Bascht.

Et huet se just e Strämpel kascht.

 

Lo hëlt en d’Baatsch, lo gëtt et eescht -

All Méck weess, dass dat "Duck dech“ heescht.

Gläich kritt en se, huel Gëft do drop,

Well kuck, e klëmmt op d’Fotell ’rop,

Mä déi trëllt lo mam Här duerch d’Zëmmer,

D’Méck laacht fir sech a flitt rondrëmmer.

 

Voll Roserei gëtt lo gebaatscht -

Wat kritt si der op d’Stier gelaatscht!

A kuck, hei läit lo dat aarmt Stéck

Eent-Null, Här Abbé! dout um Réck.

 

Ah, helleg ass meng Mëttesrou -

Mä ‘t kënnt ee meeschtens net derzou!

 

 

Dem Herrn Inspektor tut's so gut

Wenn er nach Tisch ein wenig ruht.

Da kommt die Fliege mit Gebrumm

und surrt ihm vor dem Ohr herum.

 

Und aufgeschreckt aus halbem Schlummer,

Schaut er verdrießlich auf den Brummer.

Die böse Fliege! Seht, nun hat se

Sich festgesetzt auf seiner Glatze.

 

"Wart nur, du unverschämtes Tier!

Anitzo aber komm' ich dir!!

 

Behutsam schleicht er nach der Tasse,

Dass er die Fliege da erfasse.

Perdauz! - Darin ist er gewandt -

Er hat sie wirklich in der Hand.

Hier schaut er nun mit großer List,

Wo sie denn eigentlich wohl ist.

Surr! - Da! Sie ist schon wieder frei.

Ein Bein, das ist ihr einerlei.

 

Jetzt aber kommt er mit der Klappe,

Dass er sie so vielleicht ertappe.

Und um sie sicher zu bekommen,

Hat er den Sorgenstuhl erklommen.

Rumbums! Da liegt der Stuhl und er.

Die Fliege flattert froh umher.

 

Da holt er aus mit voller Kraft,

Die Fliege wird dahingerafft.

Und fröhlich sieht er das Insekt

Am Boden leblos ausgestreckt.

 

Erquicklich ist die Mittagsruh,

Nur kommt man oftmals nicht dazu.