DE POUFANK AN DE FRÄSCH

(FROSCH UND FINK)

 

E Poufank séngt: Diddlididitt!

Am Äppelbam säi Fréijoorslidd.

Lo kënnt e klenge Fräsch dann och

Eropgekraxelt a gekroch,

Werft sech an d’Broscht a quaakt: „Jo, jo!

Här Noper, ech sinn och nach do!“

 

 

Im Apfelbaume pfeift der Fink
Sein: pinkepink!
Ein Laubfrosch klettert mühsam nach
Bis auf des Baumes Blätterdach
Und bläht sich auf und quackt: »Ja ja!
Herr Nachbar, ick bin och noch da!“

 


A wéi de Poufank viru séngt

An d’Fréijoorsliddche weider kléngt,

Muss och de Fräsch mat décke Baken

Säi Quak-quak-quak dertëschent quaken.

 

Und wie der Vogel frisch und süß
Sein Frühlingslied erklingen ließ,
Gleich muß der Frosch in rauhen Tönen
Den Schusterbaß dazwischen dröhnen.


„Ei, juppi!“, rifft de Poufank dunn,

Lo gëtt mol eng kleng Ronn geflunn.“

- „Dat ass e Kannerspill, dat do!“,

Laacht eise Fräsch. „Ech kommen no“.

E spréngt an d’Lut, an net grad lues,

Mä trëllt erof op seng domm Nues,

Ass platt ewéi een d’Taarte baakt

An huet fir éiweg ausgequaakt.

 

»Juchheija heija!« spricht der Fink.
»Fort flieg ich flink!«
Und schwingt sich in die Lüfte hoch.

»Wat!« ruft der Frosch, »Dat kann ick och.«
Macht einen ungeschickten Satz,
Fällt auf den harten Gartenplatz,
Ist platt, wie man die Kuchen backt,
Und hat für ewig ausgequackt.

 


Wee mengt, well hien als staarke Mann

Zwar op e Bam ’ropklootre kann,

Hie misst duerfir och fléie kënnen -

Läit gläich hei ënnen.

 

Wenn einer, der mit Mühe kaum
Geklettert ist auf einen Baum,
Schon meint, daß er ein Vogel wär,
So irrt sich der.

 

 


(2020)