DEM HÄR PROFESSER SENG HIEMER

(DER ZERSTREUTE REKTOR)

 

 

Den Här Professer geet op d’Rees -

En ass verkuerbelt, wéi ee weess:

En denkt un déi onméiglechst Saachen,

Mä net un dat, wat hie soll maachen.

 

 

 

 

       „Vergiess net“, kënnt d’Fra him nach soen,

       „All Dag e frëscht Hiem unzedoen!“

 

 

 

 

 

 

  Ass e laang am Zuch gereest,

  Ganz zerknautert a verschweesst,

    

 

 

       Oder sabbelt him mol d’Zopp

       Bei dem Mëttegiessen drop -

 

 

 

 

   Ah, dës Kéier denkt hien drun,

   Deet all Dag en neit Hiem un.

 

 

 

 

 

No véier Deeg do kënnt en zréck -

Mä kuck, wat ass e ronn an déck!

 

 

 

 

Jo, hien huet e frëscht Hiem um Hënner,

Ower déi aner och nach drënner …

 

 

Tja, ‘t ass näischt mat him unzefänken!

Mä ‘t kann een net un alles denken -

Häss de d’Gedanken all bei’neen,

Dat wier e schéinen Duercherneen.

Et kënnt dech och nach d’Liewe kaschten,

Ewell de Kapp, dee géif der baschten …