DEN NÄISCHTNOTZEGE PITTI

(DER HINTERLISTIGE HEINRICH)

 

Eemol sot d’Mamm: „Da komm, mäi Jéng,

Hei huel dës Bretzel. Et as deng.“

 

De Pitti denkt: Ei, dat ass d’Saach!

Lo fänks de Gänse bei der Baach.

 

Als éischt do kënnt eng kleng u Land -

Wupp, huet de Bouf se an der Hand.

 

Se jäizt an zabbelt fierchterlech -

Déi Al, déi si ganz ausser sech.

 

Lo kroopt eng Gäns dee béise Pitt,

Do wou si hien ze pake kritt.

 

Deen trëllt a fänkt gläich un ze souren,

Mä d’Gänsen huel’n e mat den Ouren.

 

Déi eng, déi huet seng Bretzel krut,

Déi aner fléien lo an d’Lut.

 

Um Daach, grad wou de Schminni ass,

Do loossen si de Pitti lass.

 

E fält ganz schwaarz an iwwer Kopp

Der Mamm an d’Dëppe mat der Zopp.

 

Mat engem Greef fëscht si de Pitt

Hannen um Deckel aus der Britt.

 

Lo steet e bei dem Uewen hei

A kritt an d’Laiskaul eng derbei.

 

Jo, d’Gänse kënnen lo nees laachen

A loossen d’Bretzel sech gutt schmaachen.

 

 

Die Mutter sprach: »O Heinrich mein!

Nimm diese Brezen, sie sei dein!«

 

Der böse Heinrich denkt sich gleich:

»Jetzt fang ich Gänse auf dem Teich.«

 

Ein junges Gänslein schwamm ans Land,

Schwapp! hat es Heinrich in der Hand.

 

Es schreit und zappelt fürchterlich;

Die Alten sind ganz außer sich.

 

Jetzt fasst die Gans den Heinrich an,

Wo sie zunächst ihn fassen kann.

 

Der Heinrich fällt auf seinen Rücken;

Am Ohr tun ihn die Gänse zwicken.

 

Sie fliegen dann, – o weh, o weh!

Mit Heinrich fort und in die Höh.

 

Hoch über seiner Mutter Haus,

Da lassen sie den Heinrich aus.

 

Der fällt ganz schwarz und über Kopf

Der Mutter in den Suppentopf.

 

Mit einer Gabel und mit Müh'

Zieht ihn die Mutter aus der Brüh'.

 

Hier sieht man ihn am Ofen stehn. –

Dem Schlingel ist ganz recht geschehn!

 

Die Gänse aber voll Ergötzen

Verzehren Heinrichs braune Brezen.