… fräi no de Geschichte vum Carlo Collodi

"Le avventure di Pinocchio" (1881) ...

DE PINOCCHIO

(2019)

(als Hörspill - 1985)

Persounen :    de Pinocchio

den ale Schräiner

d’Spann

de Spillmann

de Fuuss

d’Kaz

de Bauer

déi gutt Fee

de Schleek

                                                                     

Décor :    

En Ensembel vu verschiddenen Décor-Deeler a Requisite fir déi eenzel Szeenen :

  • en Eck als Schräineratelier, mat engem Koup Holz a Brieder, Handwierksgeschier, Këschten, Eemeren, enger Schossel, enger Stränz Waasser etc. - hannendrun e Paravent
  • niewendrun déckt Gestraiss mat engem Koup Buedem, derhannert ass eng Biitche Waasser als Weier verstoppt
  • e Stéck Gaardendrot mat Drauwen drun, eng Ketten an eng déck Mausfal
  • e stiliséiert-ugedeitent Héngerhais-chen
  • den Agank vun enger Hiel an engem Fiels (op engem Panneau gemoolt), riets a lénks zwee Regaler, dat eent mat Glieser, dat anert mat Bicher a klenge Blummestäck

 

Rolleverdeelung:

Dës Versioun gesäit e Minimum vun 9 Acteure vir. Et ginn ower Méiglechkeeten fir an dëser oder däer Szeen nach weider Personnagen anzebauen:

  • dem Schräiner seng Fra (1. Szeen a 6. Szeen)
  • nach eng oder zwou Spannen (Szeenen 2, 3, 4, 6 - ev. als Statisten)
  • zwee oder dräi Raiber (Schluss 3. Szeen - Statisten, déi mat dem Fuuss an der Kaz d’Goldstécker klaue kommen)
  • dem Bauer seng Fra (4. Szeen)
  • de Butler vun der Fee (5. Szeen - ev. als Statist, deen hir d'Lanter dréit, d'Waliss erbäischleeft asw.)

Wann dës nei Personnagen net nëmme just Statiste solle sinn, da ginn déi jeweileg Repliquen opgedeelt. Op jidde Fall muss den entspriechenden Text plazeweis ugepasst ginn.

(Eventuell kann een och de Pinocchio am Laf vum Stéck vun zwee oder dräi verschidde Kanner spille loossen.)

 

-----------------------

 

 

1.SZEEN

PINOCCHIO, SCHRÄINER, SPANN

(De Schräiner ass am Gaang a sengem Atelier Holz a Brieder ze tesselen.)

SCHRÄINER

Sou, elo hunn ech fir dës Woch genuch Still zesummegebaut an Dëscher gefléckt, elo gëtt emol aalt Holz zesummegetesselt fir am Wanter d’Stuff ze hëtzen. (bekuckt sech op eemol e Stéck Holz vun alle Säiten) Mä so, du bass ower vill ze vill schued, fir einfach esou am Uewe verbrannt ze ginn. Neen, aus dir kann ech mengem ale Schaf nees nei Been maachen. Da wackelt deen net méi esou. (fänkt un d’Holz duerchzeseeën)

PINOCCHIO

(vun hannert dem Paravent) Aua, au!

SCHRÄINER

(verwonnert) Wéi?

PINOCCHIO

Du duerfs net esou fest op mech schloen.

SCHRÄINER

(idem) Mä ... mä do huet dach ee geschwat?! (sicht am Handwierksgeschier) Neen, hei as keen ... (réckelt d’Eemeren an d’Këschten) ... an do ass och keen. Allezhopp weider! Ech muss sécher gedreemt hunn. (seet nees virun)

PINOCCHIO

Auaaaahhh! Schräiner, du dees mer wéi.

SCHRÄINER

Do! Ech dreemen also ower net. Dat Stéck Holz ass jo verhext.

(De Pinocchio kichert.)

Lauschter nëmmen!

(Um Stéck Holz ass en dënne Fuedem, mat deem gëtt et vun hannert dem Paravent aus doruechter „lafen“ a „sprange“ gelooss.)

An elo spréngt et och nach doruechter? Huet schonn iergentwou e Mënsch esou eppes gesinn?! - Mä weess de wat? Ech maachen och kee Schaf aus dir, du géifs mer jo ëmmer an der Stuff hin an hier hoppsen, neen, ech schnëtzele mer en Hampelmann. En hëlzene Männchen, dee richteg schwätzt a Konschtstécker zum Beschte gëtt. Komm hier, mer sëtzen eis direkt un d’Aarbecht. (fänkt un d’Holz ze feilen.)

PINOCCHIO

(kichert a laacht) Hu, hu! Hi, hi! Ei, ech si jo esou këddeleg!

SCHRÄINER

A weess de, wéi ech dech nennen? Pinocchio nennen ech dech. Dat ass e witzegen Numm. Esou heescht nach kee Kand op der ganzer Welt.

(De Schräiner feilt an huwwelt weider. Et gëtt lues a lues däischter ...)

A wann ech déi ganz Nuecht laang weider schaffen a muer de Mueren deen éischten Hunn kréint, dann ass mäin Männchen aus Holz fäerdeg.

(... da gëtt et nees hell, an de Pinocchio, iirgentwéi als Holzmännchen, kënnt hannert dem Paravent erausgesprongen.)

Voilà, sot ech jo.

(De Pinocchio schëtt Waasser aus der Strenz an d’Schossel a bekuckt sech dran.)

PINOCCHIO

Omei, wat gesinn ech esou komesch aus! En hëlzene Kapp, hëlzen Äerm, hëlze Been ... Mengs de net, déi aner Kanner géife mech auslaachen?

SCHRÄINER

Gewëss! Wann s de dech am Liewen behëls, wéi et sech gehéiert, da kriss de bestëmmt vill Kolleegen an der Schoul.

PINOCCHIO

Wat? Ech soll an d’Schoul goen? Als Männchen aus Holz?

SCHRÄINER

Een Abléck! (hëlt aus enger Këscht en ale Mantel eraus) Mooss dëst Gezei emol un, Pinocchio. Méi kann ech der net ginn. Ech sinn aarm an hu selwer bal näischt fir unzedoen.

PINOCCHIO

(deet de Mantel un) Scho besser. Elo gesinn ech aus wéi e feinen Här. - Mä so, wann ech an d’Schoul goe soll, da feelt mer ower nach e Liesbuch.

SCHRÄINER

E Liesbuch! A wee bezillt mer dat? Ech hu kee Geld. - Mä waart, laf mer net fort, ech sinn nees gläich zréck. (deet säin Hiem aus a geet of)

PINOCCHIO

Hee, Schräiner, a firwat dees de dann elo däin Hiem aus? - A schonns ass e fort a léisst mech eleng hei.

(Eng déck Spann kënnt hannert dem Holz erausgekroch.)

SPANN

Krr, krr, krr.

PINOCCHIO

Héier – do ass nach iergenteen heibannen.

SPANN

Jo, ech. Ech wunne scho säit honnert Joer hei an dëser Wierkstat.

PINOCCHIO

Mä vun haut u wunnen ech hei. Mierk der dat.

SPANN

Ech wëll ower e gudde Frënd vun der ginn.

PINOCCHIO

Du? Eng déck Spann mat laange Been? Hopp, kuck dass de verschwënns, well soss --- (hëlt en décken Hummer)

(D’Spann verkraucht sech séier nees hannert d’Holz.)

Ech mengen ower och. Schrecklech, esou e Véidéier!

SCHRÄINER

(kënnt ouni Hiem, mat engem Schoulbuch) Hei sinn ech nees, Pinocchio.

PINOCCHIO

Papp, endlech! - So, a wou ass däin Hiem?

SCHRÄINER

Dat hunn ech dem Lompekréimer verkaf. Ech hu jo Sue gebraucht fir däi Liesbuch. (gëtt him e Buch) Hei, an nu sprang séier!

PINOCCHIO

Villmools merci, Papp. Elo ginn ech voller Freed an d’Schoul. (houfreg fir sech) i, u, e, o, a ... an 2 mol 2 ass 7 oder 8 oder 9 ... Immens! (spréngt fort)

 

Black (ev. e puer Täkt Musek)

 

2. SZEEN

PINOCCHIO, SPANN, SPILLMANN

 

('t héiert ee Musek. De Pinocchio kënnt virun d’Gestraiss a kuckt verwonnert rondëm sech. Vun der Säit kënnt e Spillmann mat engem Weenche mat Kasperlpoppen.)

PINOCCHIO

E Spillmann mat Kasperl-Poppen! Schued, grad elo, wou ech an d’Schoul goe soll. Mä weess de wat: ech bleiwen elo hei. Fir Liesen a Schreiwen ass och nach muer genuch Zäit.

SPANN

(kënnt hannert dem Gestraiss eraus) Krr, krr, krr.

PINOCCHIO

Kënns du mir nach ëmmer no, du al Spann?

SPANN

Pinocchio, firwat gees du net an d’Schoul?

PINOCCHIO

Well ech keng Loscht hunn. Duerfir. - Hee, Spillmann, wat kascht et fir dengem Poppentheater nozekucken?

SPILLMANN

Zwanzeg Frang.

PINOCCHIO

Ech hunn ower kee Su bei mer. - So, a wann ech der mäi Mantel ginn?

SPILLMANN

Deen ale fatzege Kaseweck do?

PINOCCHIO

Da kaf mer wéinegstens meng Schong of.

SPILLMANN

Dass d’Leit mech auslaachen? Nee merci.

PINOCCHIO

Villäicht kanns de mäi Schoulbuch gebrauchen.

SPILLMANN

O jo, dat ass eng gutt Iddi!

PINOCCHIO

(gëtt him d’Buch) Hei, Spillmann, huel et an da léiss de deng Poppe ronde-rëmmer danzen.

SPANN

Krr, krr, krr - Pinocchio, däin aarme Papp huet säin eenzegt Hiem beim Lompekréimer verkaf, fir der dat Liesbuch matzebréngen, an elo gëss du et dem Spillmann.

PINOCCHIO

Pscht! Hal se! Elo kucke mer Theater.

(Nees Musek, de Spillmann léisst e puer Poppe ronderëmmer danzen.)

PINOCCHIO

(klappt voller Freed an d’Hänn) Bravo! Braaavoooo! Tatsächlech. Dat si grad esou Hampelmännercher ewéi ech - just dass si nach net eleng kënne lafen.

SPILLMANN

An trotzdeem sidd dir aus enger Famill. So, wéi heescht dann däi Papp?

PINOCCHIO

Fro mech net, ech weess et net.

SPILLMANN

Wellecht Handwierk huet en dann?

PINOCCHIO

En ass aarm. Weider näischt.

SPILLMANN

Dat deet mer leed. (hëlt Goldstécker aus dem Paltong) Hei, stiech der dës fënnef Goldstécker an d’Täsch an dann hëls de se dengem Papp mat heem.

SPANN

Fënnef Goldstécker?

SPILLMANN

Mä gëff gutt uecht, dass keen der se ënnerwee klaut.

PINOCCHIO

Villmools merci, Spillmann. Ha, vun haut u sinn ech e besseren Här, e räiche Monsieur.

 

Black (év. e puer Täkt Musek)

 

3. SZEEN

PINOCCHIO, FUUSS, KAZ, SPANN

(De Pinocchio sëtzt um Buedem mat senge Goldstécker ze spillen. De Fuuss an d’Kaz kommen aus dem Gestraiss gehumpelt: de Fuuss geet op enger Krätsch, d’Kaz huet eng Patt an der Schléng an een Aa verbonnen.)

FUUSS

(zur Kaz) Gesäis de, ech hat jo gesot, dass de Pinocchio beim Spillmann wor am Plaz an d’Schoul ze goen.

PINOCCHIO

O, e Fuuss op der Krätsch an eng blann Kaz! Sot, a wou wësst dir, wéi ech heeschen?

FUUSS

Mir kennen däi Papp scho laang.

KAZ

(ëmmer wéi en Echo hannendrun) ... scho laang.

FUUSS

Nach haut de Mueren hu mer e gesinn virun der Hausdier sëtzen an trauereg drakucken.

KAZ

... trauereg drakucken.

PINOCCHIO

Aarme Papp! Mä jee, vun haut u kann e sech freeën, well ech sinn elo grad en dichtegen Här ginn.

FUUSS

Du an en dichtegen Här? Do mech net laachen!

KAZ

... net laachen.

PINOCCHIO

Da kuck emol! (weist d’Goldstécker)

FUUSS

Goldstécker!?! Donnerwetzki! So lauschter: häss de da keng Loscht, fir déi wuessen ze loossen?

KAZ

... wuessen ze loossen?

PINOCCHIO

Dat verstinn ech net.

FUUSS

Mä wëlls de net aus dengen aarmséilege fënnef Goldstécker der honnert oder dausend oder nach vill méi maachen?

PINOCCHIO

Ganz gär. Mä wéi?

FUUSS

Näischt méi einfach ewéi dat. Du gees elo net heem an du kënns mat ons op d’Wonnerfeld. Komm! (zitt de Pinocchio mat bei de Koup Buedem)

PINOCCHIO

E Wonnerfeld? Droleg.

FUUSS

Voilà! Hei gruefs de der e Lach an de Buedem a lees deng Goldstécker dran...

KAZ

... Lach an de Buedem a Goldstécker dran ...

FUUSS

A da steet op eemol e Beemchen hei, dee voller Gold hänkt, esou voll ewéi deen déckste Quetschebam voller Quetschen am Hierscht.

KAZ

... voller Quetschen am Hierscht.

PINOCCHIO

Fuuss, ass dat wouer?

FUUSS

Gleef eis et. Mir wëllen dir an dengem Papp dach hëllefen.

PINOCCHIO

E Bam voller Gold ...?!

FUUSS

(wullt mat der Krätsch am Buedem) Komm, hal mech un, ech wullen der mat menger Krätsch e Lach, du brauchs dann nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen.

KAZ

... nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen.

PINOCCHIO

(méi fir sech) Déi zwee hunn éierlech Gesiichter. Do ass bestëmmt eppes drun. (léisst d’Goldstécker der Rei no an de Buedem falen) Een ... zwee ...

FUUSS

... dräi ...

KAZ

... véier ..

PINOCCHIO

... a fënnef. Ei, wat wäert mäi Papp sech freeën!

(D’Kaz schäert de Buedem nees zou an trëppelt alles mam Fouss fest.)

FUUSS

Do, a schonn ass d’Lach nees zou. Mä elo musse mer nach gutt nätzen, soss schloen se keng Wuerzelen.

KAZ

 ... keng Wuerzelen.

PINOCCHIO

Waart, ech huelen e wéineg Waasser aus dem Weier. (deet säi Schong aus, schefft dermat Waasser aus der verstopptener Biitchen an nätzt.)

FUUSS

Sou, an elo lees de dech heihin an du schléifs e puer Stënnercher.

KAZ

... schléifs e puer Stënnercher.

FUUSS

A wann s de muer de Mueren erwächs, dann ass däi Bam gewuess an d’Goldstécker glënneren an der Sonn, dass de ganz verblent bass.

KAZ

... ganz verblent bass.

(De Fuss an d’Kaz humpele fort.)

PINOCCHIO

Eng flott Affär! Ech sinn op jidde Fall gespaant, ob ech se all a meng Täsch kréien. (gaapst) Mä loosse mer eis einfach emol iwwerraschen. (gaapst) Fir haut sinn ech midd genuch a packe mech net méi op de Been. (leet sech nidder a schléift.)

(Et fänkt lues un däischter ze ginn.)

SPANN

 

(kënnt aus dem Gestraiss gekroch) Krr, krr, krr. Ass dat do nach dran! Elo läit deen hei am Gras ze schlofen an doheem sëtzt den ale Schräiner op en ze waarden.

(Zwou Täscheluuchte liichten. De Fuuss an d’Kaz komme mat engem Rucksak.)

Hee, a wee kënnt dann elo do? - Mä dat si jo nees déi zwee komesch Geselle vu virdrun.

(Si wullen d’Goldstécker nees aus dem Buedem eraus a stiechen se an de Rucksak.)

(ausser sech) Waat? Se klauen dem Pinocchio seng Goldstécker?! (rifft) Pinocchio, Pinocchio, erwäch dach!

(De Pinocchio schnaarcht.)

Omei, dee schléift bommefest a réiert sech net.

(De Fuuss an d’Kaz laache knaschteg an humpelen nees fort.)

A scho maache se sech aus dem Stëbs, déi zwee Banditten!

 

Black (ev. e puer Täkt Musek)

 

4. SZEEN

PINOCCHIO, SPANN, BAUER, FUUSS

(Et gëtt nees hell. De Pinocchio läit nach ëmmer do ze schnaarchen.)

SPANN

(kraucht iwwert de Pinocchio) Krr, krr, krr!

PINOCCHIO

(hallef am Schlof) A wat der Däiwel krabbelt mer dann do iwwert d’Been?

SPANN

Ech sinn et, Pinocchio. Däi gudde Frënd.

PINOCCHIO

Aha! ‘t hätt mech och gewonnert, wann s de mech schlofe gelooss häss.

SPANN

Ech muss iwwert dech laachen, hihihihi!

PINOCCHIO

Wat? An duerfier erwächs du mech?

SPANN

Ech muss iwwer all topeg Mënsche laachen, déi sech uschmiere loossen. Wou konns de nëmmen deem Fuuss an där Kaz gleewen? Dat sinn dach Gauneren. Richteg Brigangen sinn et.

PINOCCHIO

Du méchs de Geck.

SPANN

‘t ass mer doudeescht. Wéi s du geschlof hues, koumen se däi Gold nees ausgruewen a wupps! woren se fort dermat.

PINOCCHIO

(grouss) Wat sees de do? (wullt de Buedem op) Wierklech! Meng schéi Gold-stécker! Fuuss a Kaz, o waart dir zwee, ech huelen iech op d’Geriicht.

SPANN

Spill elo net de wëlle Mann. Géi léiwer nees heem bei däi Papp, dee sëtzt eleng a senger Wierkstat an e weess net, wou s de dru bass.

PINOCCHIO

Maachen ech jo och, mä elo sinn ech fir d’éischt emol hongereg. (trëppelt bei den Drot mat den Drauwen) Kuck, hei an deem Gaart wuesse jo Drauwen. A wat déi een ulaachen! (pléckt sech Drauwen an ësst se) E Genoss! An hei vir hänken nach méi décker ... (op eemol) Au! Au! Mäi Fouss!

SPANN

Wat ass geschitt, Pinocchio?

PINOCCHIO

(huet eng iwwergrouss Mausfal un den Zéiwen hänken) Ech si mat mengem Fouss an eng Fal getrëppelt.

SPANN

An eng Fal?

PINOCCHIO

Bestëmmt huet de Bauer se opgestallt. Au, au! A wéi kommen ech blouss hei eraus?

BAUER

(kënnt vun hannen) Aha, do hu mer jo de Raiber.

SPANN

Pinocchio, de Bauer!

PINOCCHIO

Ee Gléck huet en den Hond net bei sech.

SPANN

O Jong, wat dreifs du fir Spiichten! Krr, krr, krr ... (krabbelt fort)

BAUER

Ah sou, du gees also u meng Hénger! An do duecht ech, et wier de Fuuss.

PINOCCHIO

Ech ... ech ... wollt nëmmen e puer vun dengen Drauwe schmaachen.

BAUER

Ech wäert dir scho weisen, wat et heescht, sech a mengem Gaart de Bauch puppsat z’iessen. Mä waart, hëlzene Männchen, du kënns mir grad giedelech. Komm, ech huelen dech aus der Fal eraus an da gëss de mat enger Ketten hei um Drot ugestréckt. (mécht en aus der Fal lass a stréckt en um Drot un)

PINOCCHIO

(wiert sech) Mä ... mä Bauer ---

BAUER

Do häls de dech da verstoppt, an esoubal de Fuuss duerch d’Hecke geschlach kënnt, fir meng Hénger ze klauen, da fänks de haart u mat billen.

(Verwonnert Reactioun vum Pinocchio)

De Filax, mäin alen Hond, deen huet en nämlech nach ni erwëscht. An elo pass du emol op mäin Héngerstall op. (geet of)

PINOCCHIO

 

(traureg, fir sech) Ech sinn also op eemol en Hond ... an da soll ech och nach billen ... Villäicht och nach bäissen? Net schlecht, déi do. – (op eemol) Mä lauschter! Do kënnt een.

(Et héiert een e Koup Eemeren ëmfalen.)

FUUSS

(vun hannen) Filax!

PINOCCHIO

Hei, ‘t ass wierklech schonn de Fuuss.

FUUSS

Filax, schléifs de schonn?

PINOCCHIO

(mat verstalltener Stëmm) Neen. Firwat?

FUUSS

Mä ech kommen nees bei iech op Besuch, fir Hénger ze klauen.

PINOCCHIO

Aha!

FUUSS

Haut huelen ech mer véier Stéck, an du kriss dat déckst dervu fir däi Mëtteskascht - natierlech nëmmen, wann s de schéi brav an dengem Hondshais-che sëtze bleifs.

PINOCCHIO

Keng Angscht. Ech bille schonn net. (fir sech) O waart, Fiiss-chen!

(De Fuuss klëmmt an den Héngerstall eran, de Pinocchio spréngt un der Ketten dohin a späert de Fuuss am Stall an.)

FUUSS

Hee, hee, a wat gëtt dann dat doen, Filax?

PINOCCHIO

(mat richteger Stëmm) Ech heesche guer net Filax. Ech sinn de Pinocchio.

FUUSS

Du?

PINOCCHIO

Jo, ech. (rifft) Bauer! Bauer! Den Héngerdéif!

BAUER

(vun hannen) Wou ass en?

PINOCCHIO

Ech hunn en an den Héngerstall agespaart.

BAUER

(idem) Hal d’Dier gutt zou. Ech kommen.

FUUSS

(rubbelt un der Dier) Pinocchio, gare la Box, wann ech dech ze pake kréien, da verkafen ech dech um Maart als dréchent Holz fir Feier unzefänken.

PINOCCHIO

Haha, dat doe léiert dech.

BAUER

(kënnt vun hannen) Fuuss, weis dech. Mir zwee, mir hunn e Wiertche mateneen ze schwätzen.

(De Fuuss grommelt a knuppt mat dem Fouss widdert d’Stallendier.)

Waart, ech ginn mäi Gewier huelen an da gëtt en erschoss. (geet of)

FUUSS

(ängschtlech) Wéi? Wëllt dee mech elo erschéissen? Pinocchio, wann ech gelift, looss mech nees eraus.

PINOCCHIO

Ma dat géif dir esou gefalen.

FUUSS

Looss mech schnell eraus, éier de Bauer nees zréck kënnt. (hëlt d’Goldstécker vu virdrun) Hei kuck, du kriss deng fënnef Goldstécker och nees erëm, déi mer der nuets geklaut haten.

PINOCCHIO

(iwwerleet e Moment) Ah sou? Du géifs mir meng Goldstécker nees zréck-ginn?  Jo dann ... da waart. (kuckt virsiichteg rondëm sech a mécht den Drot lass)

FUUSS

Merci, Pinocchio, villmools Merci. (gëtt him d’Goldstécker) Dat doe vergiessen ech der ni am Liewen. (leeft séier fort)

BAUER

(kënnt mat der Flënt) Sou, Fuuss, dann hal dech un, elo gëtt et eescht.

PINOCCHIO

(zéckt, weess net, wéi en et soll soen) Bauer, sief net rose mat mer, mä ... mä ... deen ass mer elo grad fortgelaf.

BAUER

Wéisou fortgelaf? E souz dach hannert dem Drot.

PINOCCHIO

Jo, mä ... mä ... dunn huet en op eemol en Ulaf geholl an ass einfach driwwer gesprongen. Et deet mer leed. Ech ... ech kann net derfier.

BAUER

Schued! Mä egal wéi, dat wor him eng gutt Léier. Dee wäert sech ni méi hei weisen, deen hondsgemenge Raiber. Komm, duerfir strécken ech dech och erëm lass, dass de heem lafe kanns. (mécht d’ Kette lass)

PINOCCHIO

Endlech!

BAUER

An hei, Pinocchio, du woors jo esou hongereg. Huel dës Zoossiss mat op de Wee, well du hues wierklech gutt Aarbecht gemat. (gëtt him eng déck Zoossiss)

PINOCCHIO

Villmools merci, Bauer. Ech setze mech direkt derhannert. (setzt sech hin a fänkt un ze maufelen) A gleef mer, do bleift kee Wupp méi dervun iwwereg.

 

 Black (ev. e puer Täkt Musek)

 

5. SZEEN

PINOCCHIO, FEE, SCHLEEK

 

(De Pinocchio kënnt bei de Fiels mat der Hiel.)

PINOCCHIO

Elo sinn ech schonn zimlech wäit duerch d’Welt komm, mä eng Hiel hunn ech nach enéierens gesinn. (bekuckt d’Regaler) An och nach eng mat Glieser a Bicher a Blummestäck – hei schéngt jo een ze wunnen.

(Eng schéi Fee kënnt mat enger Lanter aus der Hiel eraus.)

(erschreckt) Omei, wat hues du mech elo erféiert!

FEE

Du brauchs net ze fäerten, Pinocchio. Ech hunn nach kengem Mënsch eppes zu leeds gedoen.

PINOCCHIO

A wee bass du dann?

FEE

Ech sinn déi gutt Fee. Ech wunnen hei an dem Fiels an hu scho vill vun der héieren. Du woors scho bei engem Spillmann, du woors mat dem Fuuss a mat der Kaz op dem Wonnerfeld, an däi Papp wäert grouss kucken, wann s de mat de Goldstécker heem kënns.

PINOCCHIO

Mat de Goldstécker? (fir sech ganz opgereegt) O mäi Gott, elo weess déi, dass ech de Fuuss heemlech lafe gelooss hunn. A wann de Bauer dat gewuer gëtt, da schéckt deen den Hond op mech lass. (ängschtlech zur Fee) Jo --- also ... neen, ech ... ech hat eemol Goldstécker. Mä elo, elo hunn ech keng méi.

FEE

(stëppelt) Ou? A wou sinn se dann hin?

PINOCCHIO

Mä ... mä se si mer aus der Täsch gefall. Iergentzwousch am Bësch.

FEE

(idem) Weider net schlëmm. Da gi mer no hinne sichen. An engem Bësch geet ni eppes verluer.

PINOCCHIO

(hëlt sech séier zréck) Neen, waart. Ech hu mech gëiert. Ech ... ech hunn de Mueren aus enger Baach gedronk an du hunn ech se mat ofgeschléckt.

FEE

(laacht) Pinocchio, Pinocchio, nu léi dach un engem Stéck.

PINOCCHIO

Mä ech léien dach net. Ech hunn nach ni a mengem Liewe gelunn.

FEE

Dat sees du?

PINOCCHIO

A wouhier wëlls du dat da wëssen?

FEE

Ganz einfach: all Kéier, wann s de eng Ligen erziels, da gëtt deng Nues e Stéck méi laang. (weist) Fir d’éischt esou e Stéck ... dann esou e Stéck ...

(De Pinocchio gräift sech un d’Nues.)

Neen, du kanns et net gesinn, mä ech gesinn et. A gleef mer, si ass elo scho ganz, ganz laang. Dréin dech emol hin an hier, da mierks d’et.

(De Pinocchio dréint sech zur Säit, do falen elo op dem Regal Bicher a Blummestäck erof. En erféiert, kuckt grouss, dann dréint e sech lues zu där aner Säit an do falen dann d’Glieser erof.)

FEE

Gesäis de, du stéiss iwwerall widder. Esou laang ass se schonn.

PINOCCHIO

Dat ass jo schrecklech, dat do.

FEE

Tja, dat kënnt dervun, wann ee litt.

PINOCCHIO

Jo, mä ... mä ech kann ower net esou doruechter lafen. Ech puche jo alles erof an ech bleiwen iwwerall hänken. Allez komm, du bass dach eng gutt Fee, du kanns mer meng Nues bestëmmt nees méi kuerz maachen.

FEE

Ech kann, wann ech wëll. Mä da muss de mer ower verspriechen, ni méi, ower och wierklech ni méi ze léien.

PINOCCHIO

Dat verspriechen ech der dräimol héich an helleg.

FEE

Sécher?

PINOCCHIO

Méi wéi doudsécher.

FEE

Da waart! (klappt eemol an d’Hänn) Voilà. Elo ass alles an der Rei. Elo bass de nees deen Alen.

(De Pinocchio dréint sech zu alle Säiten, et fält näischt méi erof.)

PINOCCHIO

(erliichtert) Uff, ee Gléck! Wéi wäer ech dann och mat esou enger laanger Nues an der Schoul gaangen?!

FEE

Du hues also wierklech wëlles en anstännege Käerel ze ginn, sees de?

PINOCCHIO

Ganz bestëmmt. Direkt, wann ech heem kommen.

FEE

Dat freet mech. An duerfir wëll ech der och hëllefen. Kuck emol, wat ech hei fir dech stoen hunn.

(hëlt eng Waliss aus dem Fiels eraus)

PINOCCHIO

Eng Waliss? (mécht se op) Neen! ‘t ass dach net méiglech! Fonkelnei Kleeder!

FEE

Fir däi Papp a fir dech.

PINOCCHIO

Wat wäert deen Aë maachen!

FEE

An dat ass nach net alles. Hei. (zitt e Buch aus hirem laange Kleed eraus)

PINOCCHIO

E Liesbuch fir an d’Schoul! Da kann ech jo elo ower nach e richtegt Handwierk léieren. - Mä so, ween huet der da vu mir erzielt?

FEE

Déi kleng Spann.

PINOCCHIO

Wat? Dat Véidéier, dat mir ëmmer esou op d’Schlappe gaangen ass? An do wollt ech dach deemools den Hummer op se werfen ...

FEE

Et huet een eben heiansdo e gudde Frënd, ouni dass een et weess.

PINOCCHIO

(kuckt rondëm sech) Tja, wann ech elo nach de Wee fir heem géif fannen. Ech si schonn esou vill doruechter gelaf, dass ech guer net méi weess, wou ech dru sinn.

FEE

Keng Angscht, Pinocchio, ech hunn un alles geduecht.

(E Schleek kënnt mat enger Käerz um Kapp aus der Hiel eraus.)

Voilà, Monsieur, dat ass mäi Frënd, deen hei bei mer am Fiels wunnt.

PINOCCHIO

(verwonnert) E Schleek? Mä ... mä ... a wéi ---

SCHLEEK

Komm, Pinocchio, zéck net. Setz dech einfach op mäin Hais-chen an da féieren ech dech heem.

FEE

Du brauchs keng Angscht ze hunn. Mäi Schleek ass kënneg am Bësch. Du muss just oppassen, dass de him d’Käerz net ausbléis. Soss gesäit en näischt méi, wann et däischter gëtt.

PINOCCHIO

Also, vu mir aus ... Dann hal dech un, ech klammen erop. Ho-hoppla! (klëmmt mat der Waliss a mam Buch op de Schleek) A lass, Kolleeg!

FEE

Elo hues de jo alles, wat s de brauchs. Et huet kee wäert, dass ech der nach méi Goldstécker matginn, duerfir muss de dech scho sälwer dru ginn a schaffe goen.

(De Schleek kraucht mat dem Pinocchio um Réck ëm d’Gestraiss ...)  

SCHLEEK

Gesäis de, ech kennen all Pad am Bësch, Pinocchio, och wann et mat mir net esou schëtzeg iwwert de knubblege Wee weider geet.

(... bis bei de Schräiner-Atelier, wou de Schräiner schonn am Holz ze schaffe sëtzt.)

PINOCCHIO

An dohannen ass jo och scho mäi Papp. Merci, grousse Schleek, mä de Rescht lafen ech zu Fouss. (spréngt vum Schleek erof a leeft bei de Schräiner)

(De Schleek kraucht nees bei d’Buerg zréck.)

 

6. SZEEN

PINOCCHIO, SCHRÄINER, SPANN

(Am Schräiner-Atelier)

SCHRÄINER

Pinocchio, du? O, wat sinn ech esou glécklech, dass de nees heiheem bass.

PINOCCHIO

An ech eréischt! No all deem, wat ech an der grousser Welt matgemat hunn.

SCHRÄINER

Ma ja. D’Spann huet mer et verzielt.

PINOCCHIO

O, ech schumme mech jo esou. - Mä kuck, Papp, hei ass et wou et gëllt.

SCHRÄINER

E Liesbuch?

PINOCCHIO

D’Madame Fee vun der Buerg huet mer et geschenkt. Vu muer u gëtt et eescht mat der Schoul.

SPANN

(kënnt hannert dem Holz eraus) Krr, krr, krr. Ah, dat héieren ech gär.

PINOCCHIO

Spann, do bass de jo! Du bass wierklech mäi gudde Frënd.

SPANN

Ech hunn der dat jo nach ëmmer gesot.

PINOCCHIO

A kuck, wat déi gutt Fee mer nach mat ginn huet. (mécht d’Waliss op)

SCHRÄINER

Neen. Wat wonnerschéint Gezei!

PINOCCHIO

Dat ass alles fir eis, Papp.

SCHRÄINER

Weis hier! Ah, elo fléien déi al Lompe bei der Däiwel!

(Se doen e puer vun deenen neie Kleeder driwwer un.)

SPANN

Dat ganzt Duerf wäert sech wonneren, wann dir esou fein erausgefiizt kommt.

SCHRÄINER

Endlech lafe mer emol net méi ewéi arem Leitt doruechter.

PINOCCHIO

(an de Sall) An dat alles, well ech esou duerchdriwwe wor a kengem gefollegt hunn. Mä gleeft mer eppes: vun haut u wëll ech en zerguddsterte Mënsch sinn, ech gi brav an d’Schoul an ech wäert a mengem ganze Liewen och ni méi léien. Ni méi. Net dass meng Nues nach eemol esou laang gëtt an ech dann alles riets a lénks ëmgeheien. (dréint sech zur Säit - an dee ganzen Holzkoup fält zesummen.)

(erféiert) O, pardon ...

 

RIDO

 

 

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")