WAT SOS DE?

(2021)

 

Persounen: A – B

 

(Entweder e Mann an eng Fra doheem: d’Fra liest an engem Buch, de Mann liest d’Zeitung … oder zwee op enger Bänk … oder zwee, déi spadséiere ginn … asw.)

 

 

(Eng Zäitche passéiert guer näischt. Kee Wuert.)

A

(bekuckt op eemol de B) Wat sos de?

B

Ech ? Näischt.

A

Ou?

B

Hues du dann eppes héieren?

A

Neen.

B

Maja!

A

Mä du kucks ower esou.

B

Wéi kucken ech?

A

Mä wéi wann s de eppes soe wolls.

B

Wat hätt ech da soe wëllen?

A

Mä dat hunn ech dech jo elo grad gefrot. An du hues du geäntwert : Ech hunn näischt gesot.

B

Also. Da weess d’ et jo.

A

Guer näischt weess ech. Dobei ass et dach logesch: Wann ee krank ass, gesäis de deem of, dass e krank ass. Wann ee midd ass, gesäis de deem of, dass e midd ass. A wann een eppes soe wëllt, da gesäis de deem eben of, dass en eppes soe wëllt.

B

(schonn uerg genervt) Ech wollt awer näischt soen.

A

Ma da kuck och net esou dran.

B

(rosen) Wéi soll ech da maachen, fir net esou dran ze kucken?

A

Mä ganz einfach näischt soe wëllen.

B

(déck rosen) Wollt ech jo och net. – (op eemol) Ah dach, elo weess ech nees, wat ech soe wollt: (däitlech) DU-GEES-MER-OP-DE-GEESCHT !!! (geet senger Wee)

A

(zefridden) Do, gesäis de! Ech sot et jo …

 

 

                     RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")