De Bockfiels                                              D'Melusina-Skulptur am Stadgronn

   (mat der deelweis rekonstruéierter Buerg - 1963)                             (Serge Ecker - 2015)

DE SIGGY AN D'MELUSINA

(2019)

 

(„Die Sage von der schönen Melusina, der Ahnfrau der Luxemburger Grafen“ –

Nikolaus Gredt, Sagenschatz des Luxemburger Landes, 1883)

 

 

Persounen:     de Grof Siegfried

d'Melusina

de Jeeër 1

de Jeeër 2

den Däiwel

eng al Kraiderfra

e Wuechtzaldot

Kannermeedercher, Kach a Kächinnen um Schlass

Fraen a Männer vu ronderëm

 

den Erzieler

 

 

Décor:

Riets Beem an Hecken, lénks en décke Koup Steng als Fielsstécker. Eenzel Décorbiller ginn

no an no eragefouert an niewtenee gestallt:

1. Bësch mat Fiels

2. Fiels mat ale Buergmaueren uewendrop

3. Fiels mat enger méi grousser Buerg

4. an der Buerg 

5. uewe virun der Buerg: Buergmaueren, e puer Haiser, eng Kierch

 

 

                                         -----------------------

 

 

1. SZEEN

ERZIELER, SIEGFRIED, JEEËR 1, JEEËR 2, MELUSINA

 

Décor 1: Bësch mat Fiels

ERZIELER

A Bicher kann ee villes liesen, an décke Bicher nach vill méi, mä ob et wouer ass, dat ka keen der soen. Egal wéi, virun Honnerten a Honnerte vu Joeren – (iwwerleet) neen, waart emol: et wor am Joer 963, also esouguer viru méi ewéi dausend Joer - do ass dat geschitt, wat mir elo hei erliewen.

(liest aus engem décke Buch)

De Grof Siegfried, e bekannte Grof, deen hei an do am Land vill Bëscher hat, gong wéi all Woch mat senge Jeeër op d’Juegd. Mä haut gongen se esou wäit, dass se op eemol net méi woussten, wéi wäit dass se iwwerhaapt scho gaange woren.

SIEGFRIED

A wou si mer dann nëmmen hei?

JEEËR 1

Keng Anung. Mir mussen eis iergendwéi verlaf hunn.

JEEËR 2

(kuckt ëm sech) Wou ech och hi kucken, no riets, no lénks, no hannen, no vir: iwwerall nëmme Bësch a Fiels.

JEEËR 1

A wou iwwerall Bësch ass an ee Bam deem anere gläicht, do ass et schwéier sech erëmzefannen.

SIEGFRIED

Komm mer iwwerleeë emol. Mer sinn dee ganzen Dag riicht aus gaangen. Ëmmer hei laascht déi grouss Baach. Also bräichte mer och nëmme laanscht déi Baach zréck ze goen a mer wieren nees aus dem Bësch eraus.

(Et héiert een e Meedche sangen.)

Lauschter! Bleif emol stoen. Do héieren ech dach ee sangen.

(Se lauschteren allendräi.)

JEEËR 2

Du hues recht. Mä ween?

JEEËR 1

A wou? Dat ass jo scho bal onheemlech.

 

Décor 2: Fiels mat ale Buergmaueren uewendrop

(D’Melusina kënnt uewen op dem Fiels bei déi al Buerg an trëtzt sech seng laang Hoer.)

JEEËR 2

Hei, kuck ... E Meedchen! Do uewen um Fiels.

SIEGFRIED

Tatsächlech. A wéi kënnt dat heihinner? Esou ganz eleng am Bësch ...

JEEËR 1

An d’Hoer huet et esou laang, et kënnt se bis erof hänke loossen.

MELUSINA

(erféiert) O!

SIEGFRIED

Fäert net, schéint Meedchen. Bleif roueg sëtzen. Mir hunn eis just hei op der Juegt verlaf an doen der näischt.

MELUSINA

Ech ... ech ...

(D’Melusina léisst e Schleier iwwert säi Gesiicht falen a leeft fort.)

JEEËR

Do! A fort ass et!

JEEËR

Einfach verschwonnen.

JEEËR

A säi Gesiicht verstoppt et hannert engem grousse Schleier. Firwat nëmmen? Also, wann s de dat engem erziels, dee gleeft et net.

SIEGFRIED

Wëss dir wat, Jongen. Gitt dir zwee nees zréck. Wéi gesot, ëmmer nees der grousser Baach no. Ech, ech bleiwen op jidde Fall hei. Bestëmmt kënnt dat schéint Meedchen nees eemol erëm. Ech muss et onbedéngt nach eemol gesinn.

(Déi zwee Jeeër ginn of, de Siegfried leet sech nidder fir ze schlofen, währenddeem:)

 

2. SZEEN

ERZIELER, SIEGFRIED, MELUSINA

ERZIELER

Ween e ganzen Dag duerch de Bësch gaangen ass, deen ass owes doudmidd, an esou ass de Siegfried och séier ënnert senger Eech entschlof an dreemt vun deem schéine Meedchen um Fiels mat senge laangen Hoer a sengem schéine Gesank. An op eemol, e weess net, ob et Dag oder Nuecht ass, ob et wierklech wouer ass oder ob en nëmmen dreemt ---

 

(Et héiert een d’Melusina erëm sangen.)

SIEGFRIED

(erwächt, reift sech d’Aan) Mä ... do séngt dach schonn nees een. A grad esou ewéi gëschter Owend.

(D’Melusina kënnt duerch d’Hecken an d’Beem.)

Kuck do, et ass wierklech nees dat schéint Meedchen! Ech wosst et jo.

(zum Melusina) Mä waart, laf mer elo net nach eng Kéier fort. Ech si kee Raiber, mä e Grof. De Grof Siegfried.

MELUSINA

Du bass e Grof? E richtege Grof?

SIEGFRIED

Du kanns mech ower roueg Siggy nennen.

MELUSINA

Siggy... An ech heesche Melusina.

SIEGFRIED

A wou wunns de dann? Einfach esou hei am Bësch?

MELUSINA

Neen, do uewen um Bockfiels. Héich iwwert der Uelzecht.

SIEGFRIED

Ah bon. (kuckt rondëm sech) Dat hei ass also d’Uelzecht an dat doen ass de Bockfiels.

MELUSINA

Do wunnen ech an de Maueren vun där aler Buerg. Lucilinburhuc, hunn ech se genannt.

SIEGFRIED

Lucilinburhuc? E komeschen Numm.

MELUSINA

Dat kënnt aus enger ganz aler Sprooch an heescht: Kleng Buerg. Well gleew mer, grouss ass se net. An dobei sinn schonn zwee Tierm agefall an deen drëtte wackelt och schonn. Mä fir mech geet et duer, ech wunne jo ganz eleng do uewen.

SIEGFRIED

Du wunns an de Mauere vun enger aler, schappeger Buerg – mä Melusina, d’Welt ass dach esou grouss, an du, du bass esou e wonnerschéint Meedchen. Komm, ech froen dech elo direkt, well esou dacks kommen ech och net hei laascht. Héier: Wëlls du net meng Fra ginn?

MELUSINA

Ech ... ech soll deng Fra ginn? D’Fra vun engem richtege Grof?

SIEGFRIED

Eng kleng Buerg hues de jo schonn.

MELUSINA

Also Siggy ... do misst de mer ower e puer Deeg Zäit gi fir ze iwwerleeën. A wann ech da Jo soen, da nëmmen ënner dräi Bedingungen: éischtens, ech wëll do uewen um Bockfiels wunne bleiwen ---

SIEGFRIED

Sécher. Firwat net?

MELUSINA

--- ower zweetens: a méi engem grousse Schlass, an net an deenen alen, kale Maueren ---

SIEGFRIED

Keng Angscht, dat kréien ech schonn hin. Wann ech e puer vu menge Bëscher verkafen, hunn ech Geld genuch, fir der deng Buerg nees opbauen ze loossen.

MELUSINA

--- an drëttens ... (et zéckt) ... also, ech weess net, wéi ech der et soe soll, Siggy, well et ass eppes ganz Gelungenes ... an ower ass et ganz wichteg fir mech...

SIEGFRIED

Fäert net, Melusina, so mer et einfach. Ech si gespaant.

MELUSINA

Samschdes wëll ech eleng sinn. Samschdes späeren ech mech gäeren a mäin Zëmmer an, ouni e Mënsch ronderëm mech. Fro mech net firwat, ech géif der et ni soen. Ech hunn et iwwerhaapt nach kengem Mënsch op der Welt gesot an ech halen et och ëmmer fir mech.

SIEGFRIED

Versprach. Samschdes loossen ech dech ëmmer eleng an ech wëll och ni wësse firwat. Dat schwieren ech der héich an helleg.

MELUSINA

Ech hoffen, du häls däi Verspriechen, Siggy. E Liewe laang. Da komm, da weisen ech der och, wéi s de nees hei aus dem Bësch eraus kënns.

(Se ginn allenzwee of.)

 

3. SZEEN

ERZIELER, SIEGFRIED, DÄIWEL

ERZIELER

Gläich drop, esou steet et an de Bicher geschriwwen, mécht de Siegfried en Tausch-Handel mat dem Klouschter St. Maximin vun Tréier, deenen de ganze Bockfiels mat deenen ale Buergmauere gehéiert: hie gëtt hinnen e puer vu senger Bësch an dem Eislek a kritt duerfir hei dee ganze Fiels mat der Lucilinburhuc.

(De Siegfried kënnt mat Pläng a mat Landkaarten a bekuckt sech de Bockfiels an d’Géigend ronderëm. Gläichdrop kënnt den Däiwel - en alen, komesche Mann - hannert dem Koup Steng eraus.)

SIEGFRIED

Hee, a wee bass du dann, du ale Mann?

DÄIWEL

Ale Mann ass gutt gesot. Mech gëtt et scho säit dausende Joeren an nach méi. Bal scho säit ëmmer. Ech sinn nämlech den Däiwel.

SIEGFRIED

Den Däiwel? Hues de dech éieren och hei am Bësch verluer?

DÄIWEL

Ech verléiere mech ni. Ech sinn ëmmer an iwwerall op der richteger Plaz.

SIEGFRIED

An trotzdeem wëll kee Mënsch eppes mat dir ze doen hunn.

DÄIWEL

Am Fong geholl schued, wou ech dach jiddwerengem hëllefe kann. Och dir.

SIEGFRIED

A wéi dat dann? Dass d’Melusina Jo seet fir meng Fra ze ginn?

DÄIWEL

Dat an nach vill méi. Kuck, du bass jo zwar e Grof, mä e Grof mat net ganz vill Geld. Du hues elo dee ganze Bockfiels hei kritt, mä wat hues de vun deenen ale Maueren uewendrop? Wann s de wëlls, bauen ech der bis muer de Mueren do uewen en neit, grousst, wonnerschéint Schlass hin, ech stoppen der de Keller voller Goldstécker a da geet d’Melusina bestëmmt gäre mat dir op déi Buerg wunnen.

SIEGFRIED

Bass de sécher?

DÄIWEL

Doudsécher. En Däiwel kann alles.

SIEGFRIED

Ech sinn iwwerrascht, ale Mann. Wierklech. Jo ... a wat kascht dat? Wat häss de gäre vu mir?

DÄIWEL

Net vill, Grof Siegfried. (hëlt e Pabeier) Du brauchs hei nëmmen ze ënnerschreiwen.

SIEGFRIED

Pff .. wann et weider näischt ass.

DÄIWEL

Mä pass op, wat s de ënnerschreifs. Lies fir d’éischt alles gutt duerch. No drësseg Joer kommen ech mer deng Séil sichen. Dat heescht, du gehéiers mir, wann s de dout bass.

SIEGFRIED

Drësseg Joer? Dat ass jo eng Éiwegkeet. (ënnerschreift op dem Pabeier) Bis dohinner kann ech nach laang mat dem Melusina op dem Bockfiels zesumme liewen. Ah, du gleefs net, wéi glécklech, dass de mech gemat hues. (geet zefridden of)

DÄIWEL

Dat freet mech an ech hoffen, du bleifs et. (rifft him no) Mä pass op, ech hunn deng Ënnerschrëft hei op mengem Pabeier. A wann s de net méi drun denke solls, keng Angscht, ech kommen zréck. Du weess jo, ech kenne mech hei aus. (laacht knaschteg fir sech a verschwënnt nees hannert de Fielsstécker.)

 

4. SZEEN

ERZIELER, FRAEN a MÄNNER 

 

(Décor 3: Fiels mat enger méi grousser Buerg)

(Dëst Décorstéck gëtt virun den Décor 2 mat den ale Buergmauere gestallt.)

ERZIELER

An tatsächlech, den Däiwel huet säi Wuert gehal: deen anere Muere steet e schéint Schlass uewen op dem Fiels. Vun alle Säite kann ee seng Tierm bewonneren, a wann ee selwer drop steet, gesäit een iwwert dat ganzt Dall vun der Uelzecht an nach vill méi wäit.

Gläichdrop hunn de Siegfried an d’Melusina Houchzäit gefeiert, si hunn eng ganz Rëtsch Kanner kritt an d’Kannermeedercher haten d’Hänn voll ze doen.

(E Kannermeedche kënnt mat enger Kannerkutsch, en anert hänkt Kannerwäsch op.)

Ronderëm de Bockfiels, wou haut de Pafendall, de Gronn a Clausen ass, do hunn ëmmer méi Leit hir kleng Haisercher gebaut a koumen op d’Schlass erop schaffen:

(Gäertner, Kächinnen, Kniecht, Mod schaffe ronderëm.)

 

Gäertner, déi déi schéinste Blumme vun der Welt geplanzt hunn, e Kach a Kächinnen, déi dat beschtent Iesse gekacht hunn an dovun esou vill, dass den Dësch sech gebéit huet – an zemol wann nees Besuch op d’Schlass koum, esou wéi elo haut ...

 

5. SZEEN

ERZIELER, SIEGFRIED, JEEËR 1, JEEËR 2, FRAEN a MÄNNER

 

(Décor 4: An der Buerg – en Dësch an dräi Still)

(De Grof Siegfried a seng zwee Jeeër setze sech an der Buerg beieneen. D’Fraen a Männer nach e wéineg weider a ginn da lues a lues of.)

JEEËR 1

Ah, Siggy, wonnerschéin wunns de heiuewen um Bockfiels. Esou wéi et sech fir e richtege Grof gehéiert.

JEEËR 2

An do hate mer deemools Angscht, wéi mer eis doënnen am Bësch verlaf haten. Kanns de dech nach erënneren?

SIEGFRIED

O, dat ass scho laang hier. Op jidde Fall sinn ech zefridden. A mäi Melusina och. Hatt wollt jo ëmmer hei wunne bleiwen.

JEEËR 1

Maja, wou ass et dann iwwerhaapt, däi Melusina? Ech hunn et nach net gesinn.

JEEËR 2

Mä haut ass Samschdeg. A samschdes späert et sech jo ëmmer eleng am Fiels an.

JEEËR 1

Richteg. De Siggy hat eis jo dervun erzielt.

JEEËR 2

(zum Siegfried) Mä héier, hues de dech dann nach ni gefrot firwat?

SIEGFRIED

Neen. Et géif mer et och ni soen. Et huet iwwerhaapt nach ni engem Mënsch et gesot.

JEEËR 2

Also ... mech geet et jo näischt un ... mä ech fannen dat gelungen. (zum Jeeër 1) Du dann net? Hatt späert sech einfach an a wëll kee Mënsch gesinn.

JEEËR 1

Jo, firwat blouss? Ech géif op jidde Fall eng Kéier duerch d’Schlëssellach kucke goen.

SIEGFRIED

Bass de geckeg?!

JEEËR 2

Oder wéinegstens bei der Dier lauschteren. Villäicht héiers de iergendeppes an da weess méi.

SIEGFRIED

(iwwerleet ee Moment) Einfach lauschtere goen? Dorun hunn ech emol nach net geduecht. Dach, dat kënnt ee maachen. Eemol esou ganz lues an op Zéiwespëtzen.

 

(De Siegfried geet bei d’Dier lauschteren.)

JEEËR 1

An?

SIEGFRIED

Komesch ... ech héieren Waasser plätscheren.

JEEËR 2

Waasser? D’Uelzecht ass jo ower ganz déif doënnen am Dall an net heiuewen.

SIEGFRIED

Et plätschert ower.

JEEËR 1

Dajee, da kuck och elo duerch d’Schlëssellach. Elo stees de schonn derbei.

JEEËR 2

Nëmme just eng Kéier. Ganz schnell.

SIEGFRIED

Mengs de? (zéckt) Also ... ech weess net ...

JEEËR 1

Mir soen och näischt. Éirewuert. Du kenns eis jo.

SIEGFRIED

(geet kucken, erféiert, deet e laange Kreesch) Oooooooo neen, dat do ... dat doen ass dach onméiglech. Mäi Melusina! Et läit a senger Bidde Waasser ... et kämmt sech seng laang Hoer mat engem Kamp aus Gold .... a sengem Mond huet et e gëllene Schlëssel ... an .... an .... ------

JEEËR 2

Dajee, Siggy, erziel weider!

SIEGFRIED

--- an ënnert sengem Bauch ass et net méi Mënsch, mä Fësch. Am Plaz vu senge Been huet et e laangen, ellenen Fëschschwanz, mat deem et am Waasser puddelt.

JEEËR 1

Hallef Mënsch an hallef Fësch?

JEEËR 2

Hal op! Du méchs de Geck mat eis.

SIEGFRIED

Ech hunn et dach däitlech gesinn. A wann s d’ et net wëlls gleewen, da kuck selwer.

JEEËR 1

Däi Melusina mat engem laangen Fëschschwanz, sees de? (geet kucken) Ech gesinn näischt. Kee Mënsch a keng Séil wäit a breet. Do steet just eng Bidde mat Waasser.

SIEGFRIED

Hee, ech sinn dach net blann. Ech hunn dach Aan am Kapp. (geet och kucken, erféiert) Tatsächlech. Et ass net méi do. Mä ... mä wou ass et dann nëmmen hin?

JEEËR 2

Eben. D’Dier ass dach zougespaart a ronderëmmer ass alles décke Fiels.

SIEGFRIED

Komm, mer maachen eis op d’Sich. Net dass et op eemol dem Däiwel an d’Gräpp leeft. An deem ass net fir zwee Su ze trauen.

(De Siegfried geet mat den zwee Jeeëren of.)

ERZIELER

Hallef Mënsch an hallef Fësch, dat wor dem Melusina säi Geheimnis, an eemol an der Woch wollt et mat deem Geheimnis eleng sinn. De Siegfried hat him zwar versprach, mä en huet säi Verspriechen net gehal an dee Moment, wou e Kreesch gedoen huet, ass d’Melusina verschwonnen. Iergentzwouch ganz déif am Fiels. Oder ganz déif doënnen an der Uelzecht. Kee Mënsch weess et an et huet och ni een et méi erëmgesinn. Mä de Leit ronderëmmer ass net ganz geheier...

 

6. SZEEN

ERZIELER, FRAEN a MÄNNER

(beim Décor 3: Fiels mat der grousser Buerg)

(Fraen a Männer trëppele ronderëmmer.)

HOLZMANN

(mat Holz aus dem Bësch) Elo kommen ech scho joerelaang all owes mat Holz aus dem Bësch fir an de Kamäin. Mä säit e puer Deeg klappt a rubbelt eppes am Fiels. Grad wéi wann ee bannendran agespäert wier. Onheemlech, soen ech der. (fort)

WÄSCHFRA

(mat engem Kuerf Wäsch) Genau. Onheemlech ass et. Ech, ech komme scho joerelaang d’Wäsch bei d’Uelzecht maachen, mä an der leschter Zäit ass et mer, wéi wann iergendeen dra schwamme géif. An dobei gesinn ech ower keen. Et gluckert just an d’Waasser schléit Welle ronderëm. (fort)

KANNER- MEEDCHEN

(mat engem Puppelchen um Aarm) Jo. Iergendeppes stëmmt hei net. All drëtten Owend, wann dat Klengt hei a sengem Bettche läit, da kënnt e wäisse Geescht duerch d’Fënster erageflunn a séngt him e Lidd fir ze schlofen. Ech mengen, hei ass alles verhext. (fort)

ERZIELER

De Bockfiels, dee bannendra rubbelt - d’Uelzecht, déi Welle schléit an et schwëmmt ower keen am Waasser, e Geescht, deen owes Schlofliddercher séngt – hei schéngt wierklech alles ewéi verhext ze sinn!

(Et gëtt méi däischter.)

An da kënnt och nach eemol eng al Kraiderfra bei den Zaldot, deen all nuets Wuecht an der Stad hält ...

 

7. SZEEN

ZALDOT, KRAIDERFRA

(Décor 5: uewe virun der Buerg: Buergmaueren, e puer Haiser, eng Kierch)

 

(Den Zaldot trëppelt op an of, op eemol kënnt eng a Fra mat Kierf voller Kraider asw.)

ZALDOT

O mei, wat hues du mech elo erschreckt.

KRAIDERFRA

Du wäers dach elo net fäerten. Soss wiers de ower e komeschen Zaldot.

ZALDOT

Neen, neen, dat net. Mä esou spéit an der Nuecht spazéiert kaum e Mënsch hei duerch d’Géigend.

KRAIDERFRA

Ech ower. Ech ginn nämlech Kraider plécken. Allméiglech Zorte Kraider fir allméiglech Zorten Téi. Kuck, ech hu schonn de ganze Kuerf voll.

ZALDOT

Mä wee bass du dann? Ech hunn dech nach ni hei gesinn.

KRAIDERFRA

(kuckt virsiichteg ronderëm sech) Wann s de kengem et sees: ech sinn d’Melusina vum Bockfiels.

ZALDOT

Du? Dass ech net laachen. Hues du dech schonn eemol bekuckt?

KRAIDERFRA

Dach. Eemol kommen ech als al Kraiderfra heihin an d’Stad, dann nees als jonkt Meedchen, villäicht och eemol als Kaz oder als schwaarze Kueb. Kee soll mech erkennen, mä ech sinn et ower. Du kanns mer et roueg gleewen.

ZALDOT

Dem Siegfried säi Melusina ... !

KRAIDERFRA

Héier, du bass jo en Zaldot. An en Zaldot huet ni Angscht am Liewen. Duerfir kanns du mech och nees vu mengem Zauber erléisen an da kommen ech nees als Melusina bei de Siggy op säi Schlass wunnen.

ZALDOT

't wier kee méi frou ewéi hien.

KRAIDERFRA

Wann s de dat ower net méchs, da verschwannen ech nach vill méi déif am Fiels ewéi ech elo scho sëtzen an ech kommen ni méi erëm. Ni méi. Net als Kraiderfra an och net als jonkt Meedchen. Hues de héieren. (ganz geféierlech) Mä dann, Zaldot, da gëff Uecht, dann ... dann ... ---

ZALDOT

Ja, wat ass dann?

KRAIDERFRA

Dat trauen ech der guer net ze soen. Esou kéng sinn ech net. Ech soe just: Et wier schued fir däi Bockfiels. Et wier schued fir deng Buerg.

ZALDOT

So mer wat ech soll maachen an ech maachen et.

KRAIDERFRA

Da lauschter gutt no. Gesäis de, déi al Kierch dohannen? Néng Deeg laang gees de all nuets Punkt zwielef Auer hannert den Altoer. Keng Minutt ze fréi a keng Minutt ze spéit. Wann s de dat néngmol gemat hues, da kommen ech den zéngten Owend als Schlaang, déi aus dem Mond Feier späizt.

(Den Zaldot erféiert.)

Aus deene Flame muss du dann e Schlëssel eraushuelen an deen erof an d’Uelzecht geheien.

ZALDOT

(erschreckt) Waat? Aus de Flamen?

KRAIDERFRA

Ganz genau. An dann erof an d’Uelzecht geheien.

ZALDOT

Jo, mä ... mä ... aus engem Feier, dat richteg ewéi Feier brennt?

KRAIDERFRA

Tjo, ech hunn der et jo gesot: Et ass déi eenzeg Méiglechkeet fir mech ze retten, mech, d’Lucilinburhuc an deng ganz Stad. Maach elo ewéi s de wëlls: entweder – oder. Allez, bis an zéng Deeg.

(D’Kraiderfra geet of, den Zaldot setzt sech nidder, en ass ganz duercherneen.)

 

8. SZEEN

ERZIELER, ZALDOT, DÄIWEL

ERZIELER

Et dauert zwar eng Zäitchen, bis den Zaldot sech vu sengem Schreck erholl huet, mä en hat der Kraiderfra gutt nogelauschtert. All nuets steet e Punkt 12 Auer hannert dem Altoer. Keng Minutt ze fréi a keng Minutt ze spéit. An haut ass et esou wäit, haut ass déi zéngten Nuecht.

(Den Zaldot mécht sech op de Wee, da kënnt den Däiwel hannert senge Fielsstécker eraus.)

Mä wéi ënnerwee ass fir an d’Kierch ze goen, du steet op eemol e Frieme virun him.

DÄIWEL

O, en Zaldot, dee kënnt mer elo grad giedelech. Hee du do, du bass bestëmmt hei kënneg. Du kanns mer sécher hëllefen.

ZALDOT

Monsieur, et deet mer leed, mä ech hu keng Zäit.

DÄIWEL

Du hues keng Zäit ... En Zaldot op der Wuecht huet dach ëmmer Zäit. Komm, 't ass just fir e klenge Moment.

ZALDOT

(ongedëlleg) Monsieur, ech sot Iech jo schonn, ech muss weider goen, soss ass et ze spéit.

DÄIWEL

Monsieur, Monsieur - hal dach op mech ëmmer Monsieur ze nennen. Ech si kee Monsieur, ech sinn den Däiwel.

(Et héiert een eng Kierchtuermsauer schloen.)

ZALDOT

't ass mir egal, ween Dir sidd, mä héiert Der net, elo schléit et schonn zwielef Auer.

DÄIWEL

Mëtternuecht. Jo an? Dat kënnt all nuets eemol vir.

ZALDOT

Ower haut ass deen zéngten Owend. An haut soll ech der Schlaang de Schlëssel aus dem Mond huelen. Also. (wëllt weider)

DÄIWEL

(hält en zréck) An ech, ech kommen no dem Siegfried kucken, dem Grof hei vum Schlass. Dee kenns du jo sécher. (weist d’Schreiwes) Kuck, en hat mer eemol ënnerschriwwen, dass e mir no drësseg Joer gehéiert. An haut kommen ech mer e sichen.

(D’Luuchte flackeren, ginn un an aus, onheemlech Stëmmung. Den Zaldot an den Däiwel bleiwe vun engem Moment op deen aneren ewéi Statuën an hirer Positioun stoen.)

ERZIELER

Hat der matgezielt? Et ass Punkt 12 Auer an den Zaldot ass nach net hannert dem Altoer. An dee Moment kraacht et am Bockfiels, wéi wann dausend Donnerwiedere géife matenee lass goen an et hault an der Stad, wéi wann alleguerten déi wëll Déiere vun der Welt unenee gerode wieren. Mä komescherweis huet kee Mënsch et héieren. Just den Zaldot an den Däiwel ganz eleng. Deen een deet fierchterlech Kreesch a mécht sech séier aus dem Stëbs ---

(Den Zaldot deet Kreesch, léisst vu Schreck säi Gewier falen a leeft fort.)

--- an deen aneren hält sech de Bauch vu Laachen, well elo ass säi Siegfried fir ëmmer an éiweg mat verschwonnen.

(Den Däiwel laacht ëmmer méi knaschteg a méi haart, zerrappt säin Ziedel, werft d’Fatze Pabeier doruechter a verschwënnt hannert sengem Koup Steng.)

 

9. SZEEN

ERZIELER, MELUSINA, FRAEN a MÄNNER

(beim Décor 3: Fiels mat Buerg uewendrop)

 

(Iwwert der Buerg kënnt e Vollmound zum Virschäin. D’Melusina kënnt ewéi e Geescht mat engem laangem Hiem, d’Fiedem hänken um Fiels.)

ERZIELER

An haut, haut si mer scho méi ewéi dausend Joer duerno, mä d’Melusina ass nach ëmmer net vu sengem Zauber erléist. Dat eenzegt, wat ee vun him weess: et bitzt un engem laange wäissen Hiem, dat esou laang soll ginn, dass een emol net gesäit, wou et ophéiert.

(Vun alle Säite kommen d’Männer an d’Fraen a kucken deem Spill ganz verwonnert no.)

MELUSINA

Ganz richteg. All siwe Joer, wa Vollmound ass, kommen ech mat menger Bitznol a menge Fiedem aus dem Bockfiels eraus. Ower ech maachen nëmme just ee klenge Stéch, just een eenzegen, an da verschwannen ech nees an der Uelzecht doënnen. Mä passt op, wann d’Hiem bis eemol fäerdeg ass an ech sinn nach ëmmer net erléist, da fält déi ganz Stad mat all sengen Haiser a mat all senge Brécken zesummen.

(D’Männer an d’Fraen erféieren, se diskutéiere ganz opgereegt ënnert sech.)

Da bleift vun der Stad Lëtzebuerg weider näischt méi iwwereg ewéi just e décke Koup Steng ... (pékt dat laangt Hiem zesummen) Dir Leit, ech soen iech äddi bis a siwe Joer nees. Eemol nuets bei Vollmound. (verschwënnt mat sengem Hiem)

ERZIELER

A fort ass et erëm! D’Kraiderfra hat dem Zaldot et jo gesot: Schued fir däi Bockfiels! Schued fir deng Buerg!

(D’Männer an d’Frae spillen elo ganz normal a schwätzen an de Sall.)

-----

Mä kommt, d’Stad ass bis haut nach net zesummegefall, et gëtt se haut nach ëmmer.

-----

Net nëmme mat dem Siggy sengem Schlass um Bockfiels ...

-----

... net nëmme mat dem Pafendall, Gronn a Clausen ronderëm ...

-----

... mä mat groussen Avenuen iwwerall ...

-----

... mat Kathedral a mat Palais ...

-----

... mat Zuch a mat Tram ...

-----

... mat Schueberfouer an Oktavmäertchen a mat villem anere méi.

ERZIELER

(klappt säi Buch zou) Also kann ech mäi Buch erëm zoumaachen a mir kënnen eise Kapp a Rou leeën, well ech mengen, déi ganz Seeche wor och just nëmmen eng Seechen ...

 

 

                 RIDO

 

 

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")